Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
Love Stories

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?
Love Stories

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?

D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun enormer Bedeitung.

Robert Plant mat neiem Album am Oktober
Love Stories

Robert Plant mat neiem Album am Oktober

„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,

love

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm

Zesumme mat Vertrieder vun de Gaasperecher Veräiner, hunn de Franz Fayot (President vun der Stater LSAP-Sektioun a Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Robert Krieps), de Marc Angel (LSAP-Deputéierten an Fraktiounschef vun der LSAP am Stater Gemengerot) an de Ben Fayot (President vun der Fondatioun Robert Krieps) de „Prix Menn Dahm“ virgestallt.

Mat dësem Präis soll de François „Menn“ Dahm, deen am Januar am Alter vun 62 Joer plëtzlech Verstuerwen ass, geéiert ginn. De Menn, wéi de François Dahm zu Gaasperech genannt gouf, war eng engagéiert Persoun, deen a ville Veräiner vu sengem Quartier täteg war. Donieft huet hien sech esouwuel politesch wéi gewerkschaftlech fir de sozialen Zesummenhalt agesat.

Et steet ausser Fro, datt de „Menn“ eng Unerkennung fir seng Verdéngschter, säi laangjäregen an onermiddlechen Asaz fir de Gaasperecher Quartier, verdéngt huet. Him ass ëmmer nees gelongen de Quartier lieweg a liewenswäert ze gestalten. Eng Aufgab déi hien Zäitliewens animéiert huet. De Menn huet och, wann et huet misse sinn, am Schäfferot bei Problemer fir Remedur gesuergt.

An datt et elo e „Prix Menn Dahm“ gëtt, huet dann och säi Kolleg, de René Roeder, dee gutt 40 Joer laang mam Menn zu Gaasperech zesummegeschafft huet, begréisst. Hie betount an ënnersträicht a Präsenz vum Neveu, Sascha Dahm, datt de Verstuerwenen et och méi wéi verdéngt hätt, eng Strooss oder wéinstens eng Plaz ze erhalen, déi no him benannt gëtt.

Dat ass eng Meenung déi vu villen esou zu Gaasperech gedeelt gëtt, an déi och op der Gemeng vun de Verantwortleche sécherlech net ongehéiert bleift. Dat dierft wuel nach net direkt fir muer sinn, mee et géif Sënn maachen, bei enger vun de neie Stroossen dëse Virschlag opzegräifen. Et géif dem Quartier jiddefalls gutt zu Gesiicht stoen, den engagéierte Bierger op déi Aart a Weis ze wierdegen.

Laut de Statute vun der Fondatioun Robert Krieps, soll dëse Präis an héicht vu 500 Euro, all Joers duerch eng Jury vergi ginn. De Präis an d‘Geld sollen enger Persoun oder enger Grupp vu Leit zougestane ginn, déi sech op lokalem Niveau an am Déngscht vun der Allgemengheet engagéieren. De Präis gëtt dann och eng éischte Kéier am September verginn.

Foto: Déi Stater Sozialisten, Vertrieder vun der Fondatioun Robert Krieps an Representante vun de Gaasperecher Veräiner. © LSAP-Stad

Ähnlech Sujeten Fondatioun Robert Krieps, François "Menn" Dahm, Gaasperech, Stater Sozialisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    12

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    3