Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/ Neiegkeeten

matty j and laura dating

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um

https://moien.lu/dating-meeting-her-friends/
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/ Neiegkeeten

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park
https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/ Neiegkeeten

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Méi Gréngs amplaz Beton fir Büro’en De Blo-Gringen Schäfferot vun

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag

Den „Train 1900“ a soumat de Minettpark hunn e Sonndeg e Réckbléck op en halleft Joerhonnert kulturellt an associatiivt Engagement gemaach. Hei wou nach alles „wéi fréier“ ass, et no Kuel an Damp riicht a schmaacht, also engem geschichtsträchtege Standuert, ass a fofzeg Joer villes gelaf.

An d‘Associatioun „Train 1900“ déi am Fonds-de-Gras 1970 aktiv gouf hat kuerz virum Ofschloss vun der Saison säin Dag vun der oppener Dier genotzt fir sech emol nees un d‘Ufäng ze erënneren. An esou erzielt den Éierepresident Albert Wolter – deen d‘Geschécker vum Veräi 40 Joer laang geleet huet – datt alles mat enger Hand vu geckegen a passionéierten Hobby-Eisebunner lass goung.

Esou kann et goen

Hien ass éierlech genuch fir sech anzegestoen, datt et eng verréckt Iddi war déi op emol Bestand kritt a sech wuertwiertlech verselbststännegt huet. Hätten déi wou sech 1970 fir dëse Schratt entscheet hunn gewosst wouhinner d‘Rees géif féieren, si hätte bestëmmt net domatter ugefaangen. Bis dohinner hu si mat Modelleisebunne gespillt a waren iwwerrascht den Terrain vun den CFL dëse Standuert zur Verfügung gestallt kritt ze hunn. Dee war säit 1964 net méi genotzt ginn.

Haut ass dësen industrielle Standuert, deen emol eng ganz grouss Roll am Biergbau an der Äerzgewënnung gespillt huet, eng vun de villen touristesche Pärelen déi Lëtzebuerg am Ausland esou attraktiv maachen. Zanter 1973 päifen et net d‘Spatze vun den Diecher, mee d‘Lokomotive vun de Schinnen… An eppes huet sech net verännert: egal wat de Gebuertsdatum zum Ausdrock bréngt, hei ass jidderee Kand, ob Grouss oder Kleng, jonk oder al, Mann oder Fra…

Et geet dann och säit geraumer net méi nëmmen ëm d‘Zich – déi nach ëmmer eng zentral Roll um Site hunn – eleng. Hei gi vill interessant a lëschteg Manifestatiounen organiséiert (Deemnächst de Steampunk-Meeting) déi all Joers dausende Gäscht aus dem In- an Ausland unzéien.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Fonds-de-Gras, Minette-Park, Tourismus, Train 1900
Nächsten Artikel Virrechten Artikel