Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!
sugar baby dating profile examples Neiegkeeten

https://moien.lu/confused-dating-quotes/

Um haitegen 21. Juni fënnt d’Summersonnewend statt. D’Sonn steet um

https://moien.lu/how-far-back-can-carbon-dating-go/
sugar baby dating profile examples Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8

Datt Lëtzebuergesch schreiwen net esou evident ass, dat weess wuel

Venezuela: En ass nees do!
sugar baby dating profile examples Neiegkeeten

Venezuela: En ass nees do!

Egal aus wéi engem Bléckwénkel een et betruecht, dem Juan

money

De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens

Schlechte Management oder Absicht? Annerhallef Milliounen Euro hu sech a Wuelgefällegkeet opgeléist

De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens

Beim Fonds du Logement ass laang villes schif gelaf: een nom aneren hu sech d‘Gestionnairen d‘Klensch an de Grapp gedréckt an elo kënnt och nach de Rechnungshaff mat ongehéierleche Beschëllegungen dohier. Et hätt masseg Onregelméissegkeeten an der Finanzgestioun ginn, déi zu engem Verloscht an Héicht vun 1.576.509 Euro tëscht 2015 an 2017 gefouert hätt.

Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf…

De Sonnerbericht vum Rechnungshaff ass den Deputéierte vun der Kontrollkommissioun vun der Chamber (Execution Budgetaire) e Méindeg virgeluecht ginn. Am Rapport hunn sech d‘Auditeure mat Ëmgang vun de Finanzen an 13 sougenannten ëffentlechen Etablissementer (Rockhal, Coque, Fonds Belval…) beschäftegt. Beim Fonds du Logement hunn d‘Auditeuren net schlecht gestaunt.

Am Rapport heescht et dann och: „De Manktem u kloren a zouverlässegen Informatiounen, esou wéi och d‘Qualitéit vun den zur Verfügung gestallten Dokumenter hu keng prezis Analys méiglech gemaach“. Woubäi et net verhënnert huet, datt d‘Auditeuren eng helle Wull un Irregularitéiten opdecke konnten. (Note: bei der Kontroll handelt et sech nëmmen ëm den Zäitraum 2015 – 2017)

Wann et da richteg, datt een der Aktueller Direktioun an dem Verwaltungsrot elo net direkt fir all déi „Verbriechen“ d‘Schold an d‘Schong drécke kann, esou ass et awer derwäert sech dech dem Problem „aus vergaangenen Zäiten“ eppes méi genee unzehuelen. Esou huet de Fonds du Logement wéinst ze spéit ofgerechente Charge, tëscht 2015 an 2017 iwwer annerhallef Millioun verbroden.

Et handelt sech nämlech heibäi ëm Fuerderungen, déi net méi recouvrabel sinn, firwat am Rapport vun „engem Kaddo fir d‘Locataire“ rieds ass. Gutt fir déi Verantwortlech datt et sech hei ëm eng ëffentlech, vum Steierzueler finanzéiert Institutioun handelt: et kann net Faillitte maachen an och net zur Verantwortung gezu ginn. An et ass dann och net den eenzege Problem dee entdeckt gouf.

Einfach emol ee Gehalt verduebelt

Interessant ass och de Fall vun der Sekretärin vum Direktiounscomité, där hiert Joresgehalt 2015 einfach emol verduebelt ginn ass, ouni datt et dofir d‘Zoustëmmung vum verantwortleche Logementsminister ginn hätt. Et heescht elo awer, datt „dëse Problem“ geléist wier, ouni dat géif preziséiert ginn ob dann elo der Sekretärin hiert Gehalt nees gekierzt gouf.

An et ass och net den eenzege Fauxpas vum Direktiounscomité, an deem zwee Administrateuren am genannten Zäitraum jeeweils 3.000 Euro ze vill Entschiedegungen ausbezuelt kruten. Dat huet mam interne Reglement vum Fonds du Logement ze dinn, an deem et heescht, datt wann een an engem Trimester dräimol hannertenaner „feelt“ déi méintlech Indemnitéit gekierzt bis gestrach solle ginn.

Iwwert d‘Finanzen eraus, gëtt am Rapport vun den Auditeure vum Rechnungshaff och nach zolidd bedauert, datt sech de Fonds du Logement nach ëmmer keng Acquisitiounspolitik, jo nach net emol ee Fënnefjoresplang ginn huet. Dat wier „eppes“ behuewen, den ominéise Fënnefjoresplang gëtt et elo, an dee gesäit de bau vu 600 Logementer vir, vun deenen der 2019 scho 84 sollte fäerdeg sinn.

D‘Direktioun huet als Äntwert op de Rapport gëschter an engem Communiqué wësse gelooss, datt säit dem Akraafttriede vum neie Gesetz a senger Restrukturatioun (2017) de Fonds du Logement grouss Fortschrëtter gemaach hätt an d‘Gestioun sech (zum Gudden) verännert hätt. Et wier een am Begrëff d‘Moderniséierung vum Fonds du Logement a seng Effizienz virunzedreiwen.

Annexe: Observatioune vum Fonds du Logement zur Kontroll vun der Finanzgestioun

Illustratioun: © Sandy Millar / unsplash

Ähnlech Sujeten Finanzgestioun, Fonds du Logement, Management, Rechnungshaff, Wou ass de Goss?
Nächsten Artikel Virrechten Artikel