Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?
Neiegkeeten

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?

Virun enger Woch hu mir informéiert, datt LOL (Luxembourg Online),

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al
Neiegkeeten

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al

Den 23. Oktober 1958 ass d’Gebuertsstonn vun de Schlumpfen, deemools

Frachtschëff viru Japan ënnergaangen
Neiegkeeten

Frachtschëff viru Japan ënnergaangen

Virun der japanescher Küst ass ee Frachter mat iwwer 40

Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen

Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen

E Freideg war e groussen Dag fir d‘Fraen a Männer vum Rettung- an Interventiounszenter (CIS) vu Schengen. Fënnef nei Asazween sinn a Presenz vum Inneminister Dan Kersch virgestallt ginn.

Ausstafféiert fir schnell bei all Zort vu Feier sengem Asaz gerecht ze ginn, den LF20. De Läschwon ass zudeem och gëeegent fir kleng technesch Asätz. Nieft engem neie MTW (Mannschaftstransportwon) huet den CIS-Schengen zudeem en Unimog MZF am Fuerpark opgeholl.

E multifunktionellt Gefier, dat wier déi ënnerschiddlech Besoine geduecht ass. Woubäi, esou gouf preziséiert, den MZF an éischter Linn geduecht ass wichtegt Material ze schützen an ze transportéieren. Zudeem ass d‘Gefier e wichtegt Element an der logistescher Ënnerstëtzung bei groussen Asätz.

An den Déngscht geholl goufen dann och nach ee KdoW (Kommandowon) an eng sougenannte Krisenzell. Alles wichtegt Geschir fir den Ufuerderunge vun haidegen Asätz gerecht ze ginn. Ëmmerhin huet de CIS-Schengen och d‘Aufgab als „First-Responder“ sech am Fall vun de Fäll ëm den Tunnel Markusbierg ze këmmeren.

Den Inneminister huet dann och d‘Initiativ vun der Fusioun vun de Corpse Schengen, Wellesteen a Biermereng begréisst, an déi och d‘Protex (Protection Civile) vu Schengen integréiert ass. „Dëst Beispill u gelongener Zesummenaarbecht vu véier Eenheeten an d‘Zesummeleeë vun de Moyenen, erlaabt et den Asaz vun de fräiwëllege Pompjeeën optimal ze gestalten an eng maximal Disponibilitéit vum Material sécher ze stellen“, esou den Dan Kersch.

„Déi Konditioune garantéieren d‘Erhale vun der Sécherheet vun den Awunner an der Gemeng, dat notamment duerch eng Permanence am Pompjeesbau“, ënnersträicht den Inneminister. Deen huet et sech och net huele gelooss nach enge Kéier op d‘Engagement vun de Fräiwëllegen hinzeweisen.

„Déi Fräiwëlleg wäerten och weiderhin d‘Fundament vun eise Rettungsdéngschter bilden. Ech soen iech also Merci fir dësen Asaz am Déngscht vun äre Matbierger“, esou den Dan Kersch.

Foto: © MinInt/SIP

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Inneminister, Pompjeeën, Rettungsdéngschter, Schengen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel