Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg
Stories

Coronavirus: Drëtten Infektiounsfall zu Lëtzebuerg

Gëschter Owend huet d‘Gesondheetsdirektioun den drëtten Infektiounsfall fir Lëtzebuerg bestätegt.

surprise
Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit
Stories

Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit

Wéi a virun allem wou sti mir haut a Saache

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt
Stories

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn,

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food a Lifestyle-Magazin „Kachen“ an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Wort d’Präisiwwerreechung vum „Blog-Award“ organiséiert.

Et ass dat den éischten „Award“ deen zu Lëtzebuerg fir Blogger aus dem Beräich Iessen a Liewenskultur initiéiert ginn ass. Fir d’Präisiwwerreechung haten d’Organisateuren d’Laureaten, d’Sponsoren an eng ganz Rëtsch Notabel an den Hotel „Le Royal“ agelueden.

Mam „Award“ ass dann awer net nëmmen d’Qualitéit an de groussen Opwand vun de Blogger geéiert ginn. Villméi dierf een hei feststellen, wéi wichteg déi Aarbecht insgesamt fir d’Entreprisen aus dësem Aktivitéitssecteur ass. An dat geet dann och wäit iwwert dat eraus, wat vill Leit als „Reklamm“ oder „Produktplacement“ kéinten ugesinn.

De kritesche Stellewäert vun engem Blog

Wat elo net soll bedeiten, datt et net och säitens dem „Blogger“ e kloren ekonomeschen Interessi ka ginn. De Blogger ass onofhängeg net Markegebonnen a seng Kritike sinn esou dann och villméi den Ausdrock vun Erfarungen déi gemaach gi sinn. Fir d’Entreprisen dann nëmmen iwwerflächlech betruecht, eng „gratis“ Reklamm, well wierklech Afloss op de Blogger hunn se net.

Fir de Konsument dee stänneg op der Sich no Innovatiounen ass, selwer och emol eppes wëll ausprobéieren oder just virum kaf sécher wëll sinn, datt dat wat e wëlles huet ze maachen oder sech unzeschafen, och seng Sue wäert ass. Eng Gesellschaft déi sech digitaliséiert, verännert säi Konsumverhalen an aus wirtschaftlecher Perspektive mussen d’Entreprisen sech heimatter ausenanersetzen.

Aarbecht déi belount ginn ass

45 Blogger aus Lëtzebuerg hunn bei dëser éischter Editioun matgemaach. Fir Aussiicht ze hunn als een vun de Laureaten op der Bühn ze stoen, huet de Blog missen eng ganz Rei Kritären erfëllen an um Enn sinn der aacht vun enger Jury, dem Publikum awer vun de Sponsore gewielt ginn.

D’Jury huet sech esou fir „The Green Creator“ vum Bianca Ciric (Food), an „Kinlake“ vum Linda Dieschbourg an David Mourato (Lifestyle) entscheet. Verkuckt huet sech d’Jury zudeem och an de Blog „De Grénge Léiw“ vum Sven Mühlen, deen de Präis „Coup de Coeur“ zougestane krut.

Beim Publikum sinn et „F4OD“ vum Valentina Quaranta (Food) an „Noraschi“ vum Nora Willems (Lifestyle), déi ausgewielt gi sinn. Mee och d’Sponsoren hunn sech hir Kandidate mat Beduecht an Iwwerzeegung ausgesicht. Vum Lëtzebuerger Wort ass dat „Cookerei“ vum Salomé Jeko, fir de Cactus war „La Rivière Rose“ vum Sarah Mignani a NEFF war vun „Plateful Nutrition“ vum Vesela Savova Drews iwwerzeegt ginn.

Méi Informatiounen a ganz vill Biller gëtt et op www.blogaward.lu

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Award, Blogger, Food, Lifestyle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel