Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen
Kultur Neiegkeeten

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien
Kultur Neiegkeeten

De Mariano Rajoy géint d‘Demokratie a Katalounien

Mat de Perquisitioune vun de Büroe vu sëlleche Volleksvertrieder a

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
Kultur Neiegkeeten

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

Food For Your Senses: Opruff u jonk talentéiert Kënschtler!

Food For Your Senses: Opruff u jonk talentéiert Kënschtler!

Deene meeschten ass et wuel scho bekannt, datt 2019 leider déi lescht Editioun vum Lëtzebuerger Festival wäert sinn. Aus dësem Grond wëll d’Equipe vum Food For Your Senses een onvergiessleche Weekend bidden an heibäi och jonke Kënschtler d’Chance ginn sech ze presentéieren.

Wéi den Numm et scho seet ass et ee Festival fir alleguerten d’Sënner. Dofir gëtt och dëst Joer nieft der grousser Villfalt u Musek, Iessen, Gedrénks an Animatioun ee Beräich fir d’Konscht opgebaut. An de vergaangene Joer huet de FFYS mam Konzept vun den artistesche Binomen, jeeweils bestoend aus engem bekannten etabléierte Kënschtler a Kollaboratioun mat engem jonken talentéierte Konschtstudent, faszinéiert.

Wien hei ausgewielt gëtt kritt d’Chance senger Kreativitéit fräie Laf ze loossen an ee Konschtwierk zum Thema „The Five Senses“ ze entwéckelen. D’Resultat vun der Kooperatioun vu jeeweils zwee Kënschtler gëtt wärend den zwee Deeg um Weekend vum 25. a 26. Mee 2019 presentéiert. Dir jonk Kënschtler dobaussen: Maacht Iech bereet fir eng besonnesch Erfarung an eng immens Plattform fir sech ze weisen!

Weider Informatiounen

Dësen Opruff geet un jonk Konschtstudenten aus Lëtzebuerg an der Grouss-Regioun. D’Participatioun ass gratis. Eng Jury wäert hei aus alle Kandidate fënnef Kënschtler eraussichen, fir um Concours deel ze huelen. Op een mat dobäi ass kritt een per E-Mail matgedeelt.

All Kënschtler kritt hei 1x fräien Entrée op de Festival, sou wéi och Iess- a Gedrénksbongen. Donieft huet een och nach d’Chance op den FFYS Arts Prize vun 1.000 € an engem Goody-Bag.

Folgend etabléiert Artiste sinn mat dobäi: Diane JodesCarine KrausGilles PegelArmand QuetschNora Wagner

Wéi kann ee sech mellen?

Wien interesséiert ass muss verschidden Dokumenter iwwert de Site erareechen. Heizou gehéiert eng Lettre de Motivation, een CV, Aarbechtsbeispiller an ee Choix vun zwee Nimm vu Kënschtler, mat deenen ee gären zesumme schaffe géif. Ee Portfolio ass och obligatoresch!

Lescht Méiglechkeet fir sech ze mellen ass den 1. Februar 2019. Bei Froe kann ee sech mam FFYS Arts Team via E-Mail (arts@ffys.lu) a Verbindung setzen.

Den Oflaf

Déi auserwielte Kënschtler treffen sech eng éischte Kéier den 23. Februar 2019 fir hire Projets-Partner kennen ze léieren. Uschléissend wäerten sech d’Kënschtler reegelméisseg treffe fir aktiv um Projet ze schaffen an um Festival ee fäerdegt Konschtwierk ze presentéieren.

De Festival ass vu Samschdes, de 25. Mee bis Sonndes, de 26. Mee 2019 um Kierchbierg. Opgebaut gëtt an der Woch um 20. Mee, den Ofbau ass de 27. Mee 2019.

Ähnlech Sujeten Festival, Food For Your Senses, Funeral Feast, Konscht, Musék, Opruff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel