Search

You may also like

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Morbid Stëmmung bei der „Force Publique“

Ob Arméi, Police, Douane oder Giischtjen… ënnert den aktuelle Konditioune kee Job mat Zukunft

Morbid Stëmmung bei der „Force Publique“

Fréier hat d‘Uniform nach eppes vu Prestige, haut deet ee sech schwéier sengem Kand zu engem Beruff mat eben enger Uniform ze roden. Datt weder Arméi, nach Police, mee och d‘Douane an d‘Prisongsverwaltung keng Leit méi fannen, huet manner mam Verdéngscht selwer, wéi mat den neien Aarbechtskonditiounen ze dinn, déi dem Personal zougemutt ginn.

Bei der Sëtzung vun den Delegéierte vum SPFP (Beruffsverband vun der Force Publique) ass et gëschter entspriechend haart hir gaangen. Et feelt u Leit, de Management ass ënnert aller Sau an näischt géif ënnerholl, fir den Truppen esou eppes wei Zukunftsperspektiven ze erméiglechen. Et lafe méi Leit fort wéi neier fonnt ginn an et gëtt héich Zäit dëser Tendenz entgéint ze wierken.

De Frust huet längst och déi iewescht Carrièren erreecht an esou huet et gëschter geheescht, datt och d‘Kaderpersonal an d‘Offizéier net méi gewëllt sinn sech déi bestoend Aarbechtskonditiounen unzedoen. Et wier elo ubruecht, sech op Regierungsniveau an och an de Verwaltunge selwer, ze besënnen an endlech nees liewensfäeg a valoriséierend Strategië fir des Beruffer auszeschaffen.

Hell Käpp?

Wann een den Aussoe vum SPFP follegt, da géif et haut net méi duer goen, de Beruff vum Zaldot mat enger Weiderverwäertung vun der Aarbechtskraaft am ëffentlechen Déngscht ze verbannen, well déi Plazen si mëttlerweil och ouni e Passage um Härebierg erhältlech. Et ass awer grad do, um Härebierg, wou händeréngend Leit gebraucht ginn. Déi wou gebraucht gi sollen och nach eppes an der Klatz hunn, mee wien eppes an der Klatz huet, léisst sech net fir domm verkafen…

A fir eppes ze provozéieren huet et gëschter dann och geheescht: „Wann dat esou weider geet, dann huet d‘Arméi geschwënn méi Gefierer wéi Leit déi se bedénge kënnen. Wann et elo novollzéibar ass, datt de Beruffsverband et gäre geséich, datt een am Secondaire eng Filière „Uniform“ sollt aféieren, esou hu Waffen op engem Schoulhaff grad wéi Politik a Relioun näischt verluer.

Zudeem sollt een d‘Arméi net ënnerbewäerten an drun erënneren, datt den Härebierg duerchaus eng Alternativ zum klasseschen Enseignement bitt. En Handwierksberuff mat Zukunftsperspektiven ass am Idealfall dran, woubäi een sech natierlech och eppes ustrenge muss. Et wäert sech och musse Gedanke gemaach ginn, op een d‘Carrière an der Arméi, net och den Auslänner zougänglech mécht.

Police nee Merci?

Och bei der Police gesäit et net wierklech besser aus. Hei klappen – wann iwwerhaapt – nach just d‘Fënsteren, an d‘Beamte gesinn sech weder vun der eegener Hierarchie nach vun der Politik eescht geholl. Wéi d‘Zaldoten déi sech vun den Offizéier am Stach gelooss fillen, esou hunn d‘Polizisten och hir Problemer mat der Direktioun, déi anscheinend kaum bis guer net op der Héicht ass.

An d‘Beamten hunn es elo och „déck sat“: d‘Idiotie an d‘Inkompetenz vun den ënnerschiddlechen Direktiounen hätt elo en Niveau erreecht, deen d‘Moossname reegelrecht erausfuerdert. Fir den SNPGL ass een elo um Punkt ukomm, wou all Verstouss a Mëssbrauch der Generalinspektioun muss gemellt ginn. Wann net méi matenaner ze schwätzen ass, dat gëtt sech op d‘Sabbel geschloen.

Bei der Police ass d‘Sécherheet duerch den eegene Beholl a Fro gestallt. Hei ginn Iwwerstonnen accumuléiert, dat ass einfach net méi normal. D‘Rouzäite ginn dogéint verkierzt. Laut dem Audit vun der groussherzoglecher Police, géif et verschiddentlech net emol um Personalmangel leien, datt Iwwerstonne geleescht ginn, mee et hei e flagranten Defizit bei der Organisatioun huet.

Fuerdert näischt eraus

Wéi ee feststelle muss, den SPFP huet net méi wëlles sech alles gefalen ze loossen. Net vun der Hierarchie an och net vun den zoustännege Minister, déi sech schénge mat hire „Beamten“ uleeën ze wëllen. De Beruffsverband fuerdert zäitno Reformen an reell Moossnamen, déi d‘Attraktivitéit vum Beruff nees hierstellt. Mat onglafwierdeg positive Bilane kann dat awer net geléngen.

Interessant och d‘Revendicatioun un d‘Adress vum Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, deen opgefuerdert gëtt, zwee héich Kader, verantwortlech fir d‘Organisatioun, vun hirer Funktioun ze enthiewen. Iwwert hir Agissementer soll d‘Generalinspektioun vun der Police enquêtéieren. Dat dierft wuel net antrieden, mee déi ugeschwate „Kader“ sinn zumindest gewarnt.

Wéi een elo awer d‘Beruffer an d‘Carrière vun der „Force Publique“ nees méi attraktiv gestalte kann an och sollt, dat wëll den SPFP ufanks 2020 mat alle Gewerkschaften aus dem Beräich vun der „Force Publique“ hannert zouen Diere beroden. Et wier besser dat mat de Verwaltungen ze maachen, esou déi gülteg Ausso, mee déi wiere leider net interesséiert a waarde kéint een net méi.

Illustratioun: Alfred Derks / Pixabay

Related topics Arméi, Douane, Force Publique, Giischtercher, Pascal Ricquier, Police, SPFP
Next post Previous post