Search

You may also like

Den Josh Island an der Brasserie K116
Meenung Neiegkeeten

Den Josh Island an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens
Meenung Neiegkeeten

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period

Islamisteschen Terrorakt zu Paräis
Meenung Neiegkeeten

Islamisteschen Terrorakt zu Paräis

An der Mëttegstonn sinn zwee Journalisten am onmëttelbaren Ëmfeld vun

Forever young … Leider net!

Genéisst de Moment

Forever young … Leider net!

Virun e puer Deeg si mir akafe gefuer, mäi Meedche vu 15 Joer huet d’Zäit genotzt an DJ am Auto gespillt. Ufanks hat ech Angscht, hatt géing eis mat neimoudescher Musek quälen. Ma, seng Auswiel huet mech nawell iwwerrascht! Mir hunn eng Rees an d’Vergaangenheet gemaach a Lidder aus den 90er gelauschtert.

Ech war voll a mengem Element, all Text gouf matgesongen. Och vun him. Souwisou ass dat Joerzéngt eent vun de Beschten iwwerhaapt a gefillt ass et eréischt e puer Joer hier.

Doheem ukomm war ech séier erniichtert, e Bléck op mäi Jong – an ech hu mech al gefillt. Awer esou richteg. Hien ass e gudde Kapp méi grouss ewéi ech, ausserdeem kritt en a puer Deeg seng 18 Joer.

Wéi ass dat passéiert? Wou ass d’Zäit hin? Et ass e wichtege Schratt a sengem Liewen, ma e stëmmt mech awer traureg, ech sinn net wierklech prett lasszeloossen.

Dofir hunn ech puer Tipps un (frësch gebaken) Elteren:

  • Akzeptéiert de Schlofmangel, Äert Kand brauch Iech. De Kierperkontakt ass em wichteg, och wann Iech net dono ass.
  • Beklot Iech net iwwer voll Wëndelen oder de groussen Appetit vun Ärem Puppelchen.
  • Dot d’Kand un – an hetzt net, well et dat nach net selwer ka maachen.
  • Verbréngt Zäit mat him, och wann Dir léiwer e Film kucke wëllt. Bastelt, moolt, gitt spadséieren.
  • Encouragéiert d’Kand, stäerkt säi Selbstbewosstsinn. Sidd fir et do.
  • Hëlleft bei den Hausaufgaben. Och wann Dir just d’Hallschent verstitt.
  • Sot him, ewéi gären Dir et hutt, soubal d’Kand en Teenager ass, sinn him sou Saachen e bësse peinlech.
  • Gitt him den néidege Fräiraum – mat der Pubertéit ass d’Privatsphäre wichteg. Respektéiert dat, och wann seng Féiss ënnert Ärem Dësch sinn an hien de Wlan vun Doheem benotzt. Iergendwann ass et déi leschte Kéier.
  • Loosst et seng eegen Erfarunge sammelen, och wann se Iech batter opstoussen. Dat gehéiert zum Liewen derzou, dat Wichtegst ass, fir d’Kand do ze sinn, wann et eng staark Schëller oder Ëmäerbelung brauch.

Virun allem awer: Genéisst et – all Moment, well iergendwann kënnt deen Dag, wou Äert Kand Iech net méi esou braucht, wéi Dir wëllt. Ausser villäicht fir d’Wäsch ze maachen. A gleeft mir, e kënnt méi séier wéi der mengt! Et sinn net déi gro Hoer, déi Iech weisen, dass Dir net méi zum jonken Eise gehéiert, et ass d’Jugend, déi ufänkt Iech Madamm ze nennen.

Related topics 90er, de Bichergeck, Elteren, Jugend, Kanner, Mammeléift, Moment genéissen, Musék, Rees an d'Vergaangenheet, Zäit, Zäitrees
Next post Previous post