Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng
Neiegkeeten

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng

D’Kiara Roth huet sech vill fir de November virgeholl: D’Studentin

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt
Neiegkeeten

What the Fakt – De Weltdag vun der Ëmwelt

All Joer um 5. Juni gëtt de weltwäiten Dag vun

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart
Neiegkeeten

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart

Et ass scho fir déi 30. Kéier datt d‘Robbesscheier iech

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Zënter 2001 setzt d’ALEPS (Associatioun Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions de Santé) sech fir d’Qualitéit am Enseignement am Gesondheetsberäich an, woubäi och reegelméisseg déi politesch Responsabel opgefuerdert ginn, fir méi Moyenen zur Formatioun bereet ze stellen. Hei trëfft een allerdéngs säit laangem op daf Oueren.

Den Asaz vun de Schüler a Studenten, déi fräiwëlleg an der sanitärer Reserve vun de Lëtzebuerger Gesondheetsinstitutiounen, respektiv vun den Enseignanten, déi an den Zentre fir erweidert Fleeg geschafft hunn, huet sech wärend der Pandemie als noutwenneg an ausseruerdentlech hëllefsräich erausgestallt.

Allerdéngs wieren och genee an de leschte Méint divers Froen bei de betraffenen Acteuren opkomm. Dobäi geet et ëm de weidere professionelle Verlaf vun de Schüler a Studenten, déi hir Stagen nohuele mussen a mam Risiko konfrontéiert sinn, um Enn vun der Formatioun keen Diplom an der Täsch ze hunn.

Zwar kéinte si zu all Ament d’Enseignanten kontaktéieren, mee d’Äntwerte sinn heiansdo vague. Duerch konstant Ännerungen vun den Informatiounen fille si sech duercherneen. Natierlech ass den Enseignant net responsabel fir de Manktem u Koordinatioun säitens dem Ministère. An awer sinn den LTPS, seng Enseignanten a Schüler déi Leeddroend.

De Ministère fir national Bildung, de Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, sou wéi de Gesondheetsministère huelen Entscheedungen, ouni dobäi d’Acteure vun der Formatioun anzebezéien. Genee dat war och de Fall um 1. Mee, wou de Premier Xavier Bettel de Projet vum Lycée de Soins, eng Kooperatioun mat Frankräich presentéiert huet – ee Projet, bei deem d’Lëtzebuerger Acteuren net consultéiert gi sinn.

Scho säit dem 31. Januar fuerdert d’ALEPS eng Entrevue mam Minister Meisch, fir esou urgent Froen zu de spezifesche Formatiounen a Krisenzäiten beäntwert ze kréien. Nach ëmmer waart d’Associatioun op eng Reaktioun säitens dem Minister fir Héichschoul a Fuerschung.

Méi Opmierksamkeet fir d’Formatioun vun zukünftege Professionellen am Gesondheetsberäich

D’Léierpersonal vum LTPS an d’Membere vum Office de Stage ginn hiert Bescht, fir eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung ze offréieren, bei deem d’Schüler mat engem Ofschlossdiplom d’Schoul verloosse kënnen, deen dem exigente Programm gerecht gëtt.

An de leschte 25 Joer hunn d’Regierungen vergiess, hei déi néideg Ënnerstëtzung unzebidden. Doduerch senkt d’Attraktivitéit an d’Unzéiungskraaft vu Beruffer am Gesondheetssecteur – ee Beräich deen essentiell ass. De Manktem u Fleegepersonal kënnt net vun ongeféier.

Aus dësem Grond hofft d’ALEPS dorobber, datt d’Lëtzebuerger Regierung endlech Moossnamen trëfft, fir esou eng noutwenneg Reform duerchzesetzen an d’Formatioun vun den zukünftege Professionellen am Secteur ze verbesseren. Dobäi mussen den Avis vun den Experten berécksiichtegt ginn.

Opmaacherbild: © Aarón Blanco Tejedor / Unsplash

Ähnlech Sujeten ALEPS, Claude Meisch, Daf Oueren, Diplom, Educatiounsministère, Fleegepersonal, Formatioun, Gesondheetssecteur, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Reform, Stage, Verbesserung, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel