Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…
Auto International Neiegkeeten Sport

Editorial: d‘SNCT op der Sich nom Goss…

Nodeems elo bekannt ass, datt déi technesch Kontroll vum Gefier

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée
Auto International Neiegkeeten Sport

Eng Bud fir Kënschtler am Pafendall – Residence Canopée

Ufangs der Woch ass am Pafendall eng nei “Bud” fir

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!
Auto International Neiegkeeten Sport

Verfolgungsjuegd tëscht T-Rex a Police!

Enn leschter Woch huet déi englesch Police vu Plymouth ee

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen

Et war dem fréiere Formel 1 Pilot an éisträichesche Geschäftsmann säin Dokter, dee gëschter dem Niki Lauda säin Dout bekannt ginn huet. Hie wier am Familljekrees friddlech entschlof, huet eng Spriecherin vun der Fluchgesellschaft „Laudamotion“ am Numm vun der Famill matgedeelt.

Allen an Erënnerung bliwwen – och bei deenen déi näischt mat Motorsport um Hutt hunn – dem Niki Lauda säi schrecklecht Accident um Nürburgring am Joer 1976. Hien hat den Inferno denkbar knapp iwwerlieft a sech d‘Longe verätzt, wat beim Sportler ëmmer nees zu Gesondheetsproblemer gefouert huet. Am Summer 2018 war him dann och eng Long transplantéiert ginn…

Formel 1

Eng Gripp am Januar huet de Niki Lauda nees zum Openthalt am Spidol gezwongen, a fir säi 70. Gebuertsdag (22. Februar) konnt hie sech am éisträichesche Fernseh, nëmme mat enger Tounopnam fir déi sëlleche Gléckwënsch bei de Leit bedanken. Do huet hien nach gesot: „Ech kommen nees zréck an et geet mat Vollgas biergop“. Leider hat d‘Schicksal eng aner Zukunft geplangt.

Fans op der ganzer Welt hunn hirer Trauer an de sozialen Netzwierker fräie laf gelooss. Wäit iwwer dem Niki Lauda seng sportlech Erfolleger eraus, bleift säi Charisma an de Liewenswëllen allen an Erënnerung. Als motorsportbegeeschtert Redaktioun drécke mir der Famill eist häerzlechst Bäileed aus. Mir géife freeën, wann hien „vun do Uewen“ och weiderhin en A op de Motorsport kéint halen.

Foto: Och laang nodeems de Niki seng sportlech Carrière ofgeschloss hat, ass hie der Formel 1 verbonne bliwwen. Als Co-Moderator bei RTL a spéiderhin als Beroder bei Mercedes, huet dës Motorsportlegend vill Fans gehat. © Mercedes / Motorsportabteilung (Archiv)

Ähnlech Sujeten Formel 1, Laudamotion, Mercedes, Motorsport, Niki Lauda
Nächsten Artikel Virrechten Artikel