Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!
International Neiegkeeten

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!

D’Organisatioun vun enger Grupperees fuerdert pragmatesch Fangerspëtzegefill an organisatoresch Talent.

NATO geréit tëscht d‘Fronten
International Neiegkeeten

NATO geréit tëscht d‘Fronten

Mam Verbuet fir däitsch Deputéiert sech op Konya ze beginn,

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn
International Neiegkeeten

Ellergronn: Eemol selwer Schmadd sinn

“De Schmadd, de Schmadd, dee mécht beim Workshop mat!” Esou

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?

Um klenge Sommet vun den EU-Inneminister stoungen national Interessen am Virdergrond

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?

Beim EU-Sommet vun den Inneminister zu Malta huet et ee klenge Fortschrëtt an der europäescher Migratiounspolitik ginn. Däitschland, Frankräich, Italien a Malta konnten sech op Grondsätzleches, am Bezuch op d‘Repartitioun vun de Migranten a Flüchtlingen an der EU verstännegen.

Festgeluecht gouf sech allerdéngs net, dofir sollen déi europäesch Staats- a Regierungscheffen den 8. Oktober beim Sommet zu Lëtzebuerg klären, wien wéi vill Migranten an/oder Flüchtlingen aus dem Mëttelmierraum wëll bei sech ophuelen. Géif um „Grondsätzleche“ festgehale ginn, da géifen Däitschland a Frankräich jeeweils e véierels vun de Mënschen iwwerhuelen. An all déi aner?

Migratiounspolitik

Foto courtesy by Dimitris Avramopoulos/Commissioner for Migration@EU_Commission

Ausser de genannte Länner hunn sech nach eng hallef Dosen anerer, dorënner Irland a Portugal, och bereet erkläert Verantwortung ze iwwerhuelen. Eng Entscheedung awer soll et net virum Treffen zu Lëtzebuerg ginn. Esou soll um Kierchbierg och d‘Fro behandelt ginn, ob d‘Opnambereetschaft net derzou féiert d‘Migratioun nees méi „attraktiv“ ze maachen an esou d‘Zuelen an d‘Luucht dreift.

Eng ganz Rëtsch u Länner fäerten, datt eng Eenegung op e Verdeelerschlëssel e „Pull-Effet“ kéint ausléisen. Besonnesch osteuropäesch Länner si skeptesch. A wann ee weess wéi beispillsweis Polen an Ungarn sech der Opnam vu Flüchtlingen a Migrante verwieren, dierf een et als bemierkenswäert bezeechnen, datt d‘Inneminister gëschter zu Valetta iwwerhaapt eng Grondsazeenegung fonnt hunn.

Beschlëss net ëmgesat

Erënnere mir drun, datt 2015 d‘EU d‘Verdeelung vu ronn 160.000 Migranten/Flüchtlinge beschloss hat. Eigentlech sollt et uschléissend e Regelwierk ginn, mat deem eng zäitno Repartitioun vun de Mënschen erméiglecht sollt ginn. Et war net méiglech Italien a Malta (mee och deels Griicheland) déi ganz Laascht eleng droen ze loossen. De Beschloss gouf dann allerdéngs ni an d‘Dot ëmgesat.

MigratiounspolitikPolitesche Widderstand a praktesch Problemer hunn eng eigentlech vernënfteg Léisung verhënnert, bis haut. A sengerzäit ass et primär ëm d‘Krichsflüchtlingen aus Syrien an dem Irak gaangen. Bei den Diskussioune gëschter dann eng Iwwerraschung: et geet net méi eleng ëm Demandeure mat gudden Aussiichten op Asyl, mee och Aarmutsmigranten aus Afrika an Asien gi berécksiichtegt.

Wéi et gëschter zu Valetta geheescht huet, muss een de virgeluechte „Plang“ als eng „pragmatesch Noutmoossnam“ verstoen. Sënn an Zweck ass et, net bei all Schëff dat Mënschen aus dem Mier gefëscht huet, ëm d‘Opnam vun e puer honnert Mënsche feilschen ze mussen. Et huet ee sech also op e Kompromëss gëeenegt, deen zumindest am Usaz als eng „virleefeg Léisung“ betruechte kann.

Wou ee sech eens ass

Dräi wichteg Decisiounen si getraff ginn: 1) Däitschland besteet net méi op enger verflichtender Ëmverdeelung a kee Land soll gezwonge gi Migranten opzehuelen; 2) Frankräich huet entscheet sech net méi géint d‘Ëmverdeelung vun den Aarmutsmigranten zur Wier ze setzen; 3) Italien a Malta si bereet d‘Schëffer an hir Häfen ze loossen, wann och d‘Mënschen déi keng Aussiicht op Asyl hunn, ëmverdeelt an dann eréischt an hir Hierkonftslänner zréckgefouert ginn.

Woubäi dat elo nach an d‘Praxis muss ëmgesat ginn. Et ass awer richteg, datt sech dat politescht Klima verännert huet. D‘Zuelen iwwregens och: esou waren et 2016 nach iwwer 160.000 Mënsche wou iwwert d‘Mier an Italien ukomm sinn, fir dëst Joer sinn et der bis ewell eng 5.000. Vu Kris kann, ënner Berécksiichtegung vun dësen Zuelen, net méi wierklech rieds sinn. Mee bleift dat esou?

MigratiounspolitikWann net ze erwaarden ass, datt den Zoustroum aus Nordafrika, hei virrangeg aus Libyen, wäert zouhuelen, esou gesäit et an der Ägäis eppes anescht aus. D‘Tierkei verlaangt neit Geld vun der EU oder „schéckt“ eis seng syresch Krichsflüchtlingen. An hei hunn sech, géintiwwer dem Virjoer, d‘Zuele scho verduebelt. Dat huet da manner mam „Pull-Effet“ ze dinn, wéi mat Erpressung…

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Aarmutsflüchtlingen, Eu-Sommet vun den Inneminister, Flüchtlingen, Migratiounspolitik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel