Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Projet „Participatiivt Wunnen“ an der Stad Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten how to tell someone you don't want to keep dating them

how to choose name for online dating

Dëse Mëttwoch huet de Stater Gemengerot ee fir Lëtzebuerg innovativen

dating site for apple users
Money Neiegkeeten how to tell someone you don't want to keep dating them

Fridays For Future: Wann de Klimastreik aus der Vakanz erwächt

Um vergaangene Freideg hu weltwäit Groussdemonstratiounen fir méi Klimagerechtegkeet an

Zesumme fir de Klima: e Concours fir all d‘Veräiner
Money Neiegkeeten how to tell someone you don't want to keep dating them

Zesumme fir de Klima: e Concours fir all d‘Veräiner

Während sech zu Bonn beim COP23 de Kapp zerbrach gëtt,

money

Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur

De Verband vun den Investissementsfonge stäipt de Kompensatiounsfong vun der Pensiounskeess

Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur

Datt de Kompensatiounsfong vun der Pensiounskeess massiv a fossil Energien investéiert, dat huet d‘ONG Greenpeace an déi politesch Verantwortlech bei déi lénk op d‘Barrikade gedriwwen. Fir de Verband vun den Investissementsfonge (ALFI) wier awer einfach net méiglech, déi Entreprise aus dem Secteur vun de fossillen Energien aus hirem Portfolio ze verbannen.

Datt sech d‘ALFI – e Verband deem seng eenzeg Missioun ass Geld esou ze investéieren datt de maximale Profit garantéiert ass – esou an d‘Broscht gehäit fir dem sozialistesche Minister Romain Schneider de Réck ze stäipen, huet ënnert anerem och domatter ze dinn, datt dee vu Greenpeace op dat administratiivt Geriicht zitéiert gouf, well dëse keng Informatiounen iwwert d‘Investissementer vum Kompensatiounsfong (FDC) erausréckele wëll.

Um Geriicht huet de Riichter dem Minister ze verstoe ginn, datt dat esou awer net géif goen. An elo misst de Romain Schneider eigentlech, Greenpeace och eng de Froen ugemoossen Äntwert ginn. Et ass awer och esou, datt Ministeren sech net gäre beléiere loossen, an et dierft nach en Ament dauere bis d‘Ëmweltschützer hir Äntwert kréien. Dobäi ass jo scho gewosst, datt de Kompensatiounsfong a 27 vun de 50 gréisste Konzerner Geld investéiert huet.

Wien näischt seet kann net léien

Eng Informatioun déi de Romain Schneider am léifsten „ënnerdréckt“ hätt, mee och den FDC muss emol d‘Joer e Rapport verëffentlechen, an do steet et schwaarz op wäiss nozeliesen. Esou huet de Kompensatiounsfong Aktie vun Exxon Mobil, Shell, BP, BHP Billiton oder och nach Rio Tinto. Dat sinn alles Konzerner, déi sech massiv fir de Klimawandel an sozial Projete weltwäit asetzen, well d‘Regierung huet sech jo zum Paräisser Klimaofkommes bekannt.

Wann de Kompensatiounsfong elo d‘Missioun huet vun den zukünftege Pensiounen ofzesécheren, ass et eigentlech dat natierlechst vun der Welt, datt een no Investitioune sicht déi och entspriechend Rendite bidden. Dat gewosst erkläert sech och, firwat den FDC 545 Milliounen Euro an déi fossil, mee nëmmen 21 an déi erneierbar Energie stécht. A fir de Bierger net ze beonrouegen, ginn dës Investitiounen als „Ëmwelt- a Sozialverantwortlech“ (ESG) gekennzeechent.

Ëmmer deen Ëmwelt „mimimi“…

Gutt datt et Investmentbanker gëtt, deenen dat mat der Äerderwiermung an dem Klimawandel net ganz esou wichteg ass, wéi de méigleche Profit deen domatter ze maachen ass. Fir den Ament sinn Investitiounen a klimafrëndlech Energien awer net ganz esou profitabel, wat der Nohaltegkeet vum maximale Profit net wierklech entgéint kënnt. D‘ALFI, de Verband vu grad deene Fongen déi als Garant fir maximale Profit stinn, deckt de Minister.

Hei gëtt erkläert firwat et imminent wichteg ass, datt de Kompensatiounsfong seng Investitiounen an déi fossil Energien héich hält, so esouguer sollt ausbauen. Zum enge géif et och technesch Grënn dofir, mee et sollt een de strategeschen Aspekt vun dësen Investitiounen net ënnerschätzen. Laut der ALFI, kéint den FDC duerch dës Investitiounen déi concernéiert Acteuren derzou beweegen hire Kurs ze änneren, a méi Ëmweltverantwortlech ze agéieren.

Wat bedeit schonn „Zukunft“

D‘ALFI verweist dann op de Fait, datt wann e Gestionnaire vun engem Investissement-Portefeuille an e Bourssen-Index Geld stécht, sech an dësem Index och Entreprise befanne kënnen, déi mat fossillen Energien ze dinn hunn. Et géif hei keng Méiglechkeeten dës Entreprisen aus dem Index erauszehuelen. Datt et méiglech ass am Virfeld festzestelle wien an wéi engem „Index“ doheem ass, dat wëssen se bei der ALFI anscheinend nach net.

Mee och si hu mëttlerweil matkritt, datt et eng gréisser Demande fir sougenannt „gréng Fongen“ oder zumindest „nohalteg Fonge“ gëtt. Wann een elo awer verlaangt, datt dat d‘Norm misst ginn, kann een déi Konzerner aus dem fossillen Energiesecteur net ausschléissen. Et misst een dogéint nach méi Geld investéieren, fir datt d‘Entreprise aus dësem Secteur verstäerkt an d‘Entwécklung vun den erneierbaren Energien investéiere kënnen.

Fir d‘ALFI, deen eenzege Verband vun Investissementsfongen dee sozial Verantwortlech aktiv ass, an och d‘Iddi ënnerstëtzt de Lëtzebuerger Pensiounssystem integral ze liberaliséieren – also datt ee wéi a villen anere Länner och ee fir seng Pensioun sollt selwer opkommen – ass et wichteg, datt de Minister standhaft bleift. Déi europäesch Pensiounssystemer sinn defizitär, an et misst een elo de Mënschen d‘Méiglechkeet ginn sech selwer ëm hir Zukunft ze këmmeren.

Ähnlech Sujeten ALFI, Erneierbar Energien, FDC, Fossil Energien, Klimanoutstand, Kompensatiounsfong, Pensiounsfong, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel