Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit
Kultur Neiegkeeten

Bréissel a London verstännegen sech op en Accord fir eng Transitiounsperiod nom Brexit

D‘EU a Groussbritannien hunn e Méindeg eng grouss Hürd iwwerwonnen.

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall
Kultur Neiegkeeten

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall

Um Sonndeg war bei frëschen Temperaturen zu Alzeng eng weider

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz
Kultur Neiegkeeten

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz

De Lycée Privé Emile Metz (LPEM) bitt ab der Rentrée

Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg: Bildlech Geschichtsschreiwung

Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg: Bildlech Geschichtsschreiwung

Datt dës sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, eng aussergewéinlech an esou ni do gewieschte Situatioun ass, firwat geleeëntlech vu „Krich“ geschwat gëtt, sollt eis kloer maachen, datt d‘Pandemie och wäert Geschicht schreiwen. An och dir kënnt matschreiwen…

Woubäi elo direkt „Schreiwen“ net wiertlech ze huelen ass, well den Appell vun der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, riicht u jiddereen deen eenegermoosse mat engem Fotoapparat kann ëmgoen. Fotografie, esou de Stater Billerarchiv, hätt schonn ëmmer – also zumindest säit et se gëtt – déi historesch Faiten am Bild festgehalen, firwat och elo eng „kollektiv Erënnerung“ entstoe sollt.

Esou géifen si sech iwwer Biller freeën déi den haitegen Alldag weisen: laang Schlaange virun de Geschäfter, eidel Stroosse, gespaarte Spillplazen… mee natierlech och wéi et bei de Leit an de véier Wänn ausgesäit. Ob et dobäi ëm den Entertainment-Programm fir d‘Butzen, Kachen a Brachen, oder den „ech bitze mir meng Mask selwer“ Hype geet, ass jidderengem iwwerlooss.

Mee iert dir ech elo en Talent als benevolle Geschichtsfotograf vun der Stater Fotothéik entdeckt an heiranner déi beschten Excuse gesitt dem Confinement ze entfléien, sollt een den Äifer iwwerdenke well esou ass dat natierlech net gemënzt. Déi Verantwortlech vun der Fotothéik weisen explizitt drop hin, datt een esou Biller och beim Akafe maache kann, also net zu dësem Zweck erausgoe muss.

Et wier och gutt, wann een hei géif berécksiichtegen datt et och an dëser Kris, keng Ausname gëtt, wat d‘Rechter vun de Mënschen ugeet. Net alles erlaabt, schonn emol guer net, wa gewosst ass, datt déi Biller ëffentlech gemaach ginn. Déi Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun huet dozou ee ganz ausféierlechen Dossier parat, deen, wann ee gewëllt ass en ze liesen, Gestreits verhënnere sollt.

Organiséiert gëtt dat Ganzt mam Stater Musée a béid Institutioune verlaangen dann och puer Informatiounen esou wéi d‘Ënnerschrëft ënnert eng „Konventioun“ mat deenen dir dësen Haiser d‘Rechter vun der Biller gitt. Et sollt een zudeem maximal 5 Biller un phototheque@vdl.lu schécken. Domadder sollt dat wichtegst gesot sinn, all d‘Detailer fannt dir an de Linken…

Illustratioun © Ving N / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Fotothéik, Lëtzebuerg City Museum, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel