Search

You may also like

Twitter zenséiert brasilianesche Faschist
Kultur Neiegkeeten

Twitter zenséiert brasilianesche Faschist

Zwee Tweets vum Jair Bolsonaro huet d‘Sozialnetzwierk Twitter, déi dësen

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert
Kultur Neiegkeeten

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert

Nom Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 8,2 op der Richterskala

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel
Kultur Neiegkeeten

EU-Sommet: Et brennt ee Liicht um Enn vum Tunnel

Stonnelaang hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun der Unioun iwwer Finanzhëllefen,

E Stéck Schueberfouer 2020: Zu Éieren vum Jang de Blannen

E Stéck Schueberfouer 2020: Zu Éieren vum Jang de Blannen

Och wann e Freideg déi 680. Editioun vun der Schueberfouer duerch déi aktuell Pandemie net starte konnt, huet d’Stad Lëtzebuerg déi Persoun geéiert, déi den Ufank fir dat risegt Lëtzebuerger Volleksfest gesat huet: De Jang de Blannen. D’Monument, dat 1975 no beim Glacis opgeriicht ginn ass, gouf nei hiergeriicht an opgewäert, a luet elo mat senge Bänken, dem Informatiounsschëld an de ville Planzen ronderëm op e Besuch an.

Op Propositioun vum President Alphonse Muller hunn d’Forainen der Stad Lëtzebuerg eng Bronzeplack zum kulturellen an traditionellen Evenement geschenkt. Fir den Entworf war deemools de Fernand Roeltgen, en Escher Bibliothekär, verantwortlech. Den 23. August 1975 gouf d’Monument, zu Éieren vum Jang de Blannen an der Schueberfouer, an der Rue Nicolas Adames, an direkter Proximitéit zur Fouer ageweit.

Jang de Blannen

© Fotothéik VDL / Laurent Blum

Ma, duerch déi rezent Opwäertung vum Monument an der Ëmgéigend ass et elo méiglech an aluedender Atmosphär Blummekränz néierzeleeën. Hannendru goufen 3 Fändele positionéiert, wärend lénks a riets Bänken installéiert gi sinn. Tëscht dem ganze Gréngs fënnt een och d’Rousenzort „Jean de Luxembourg, roi de Bohême“ (Ducher 2010). Net ze vergiessen ass natierlech d’Plack mat der Biografie vum Kinnek vu Böhmen a Grof vu Lëtzebuerg, sou wéi Erklärungen zur beléifter Fouer.

Iwwregens ass souwuel d’Schueberfouer, wéi och den Hämmelsmarsch zënter 2008 Deel vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

© Fotothéik VDL / Laurent Blum

E puer Detailer zum Jang de Blannen an zur Schueberfouer

De Jang de Blannen (1296-1346), Kinnek vu Böhmen a Grof vu Lëtzebuerg, bleift och haut nach ee vun de bekanntsten Herrscher an der Lëtzebuerger Geschicht. Schonn zu Liefzäiten war hien duerch säi ritterleche Liewensstil héich ugesinn. Besonnesch no sengem „Heldendoud“ an der Schluecht vu Crécy (1346) ass e Mythos entstane vum ideale Ritter, dee bis haut bestoe bleift. De Jang de Blannen gouf zu Lëtzebuerg begruewen an no villem Hin an Hier hu seng stierflech Iwwerreschter sech 1795, no der Avancée vun de franséischen Truppen, bei der Famill Boch erëmfonnt, déi se 1833 zu Mettlach dem preiseschen Trounfollger Friedrich Wilhelm IV. presentéiert hunn.

Dësen huet zu Kastel-Staadt un der Saar dem Jang de Blannen eng Kapell baue gelooss. Wéi Lëtzebuerg an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ugefaangen huet zu enger Natioun zesummenzewuessen, ass de Wonsch opkomm, fir de Jang de Blannen erëm Heem op Lëtzebuerg ze kréien. Dëst ass awer eréischt 1946, nom 2. Weltkrich geschitt. Et goung an engem feierleche Cortège duerch d’Stad, op de Knuedler wou eng Militär-Zeremonie ofgehale gouf, an du koum de Sarg an d’Kathedral, wou e bis haut an der Krypta Wuecht hält. De Jang de Blannen, deen dacks zum „Nationalheld“ stiliséiert gouf, symboliséiert bis haut d’Verbindung tëscht lëtzebuergeschem Nationalgefill an der Traditioun vun der Schueberfouer.

Jang de Blannen

Illustratioun vum Jang de Blannen

De Jang de Blannen huet den 20. Oktober 1340 der Stad Lëtzebuerg d’Recht unerkannt, fir all Joer iwwer 8 Deeg eng Handels-Foire ofzehalen. Dës sollt um Virowend vum Sankt-Barthelméis-Dag (24. August) ufänken – d’Schueberfouer war gebuer. Hier Proximitéit mat enger wichteger Handelsstrooss déi Ueweritalien iwwer Stroossbuerg a Lëtzebuerg mam Brabant a Flanderen verbonnen huet, grad wéi den Termäin par Rapport zu anere Mäert a Foiren an der Ëmgéigend hunn dozou bäigedroen, dat d’Fouer séier eng iwwerregional Bedeitung krut.

Privileegien an der Fouerzäit, mee och schonn 8 Deeg virdrun an 8 Deeg duerno, hunn d‘Schueberfouer besonnesch intressant fir d’Händler gemaach. Wéi bei villen ähnleche Veranstaltungen an Europa, huet och bei der Fouer am Laf vum 19. Joerhonnert den Amusement Iwwerhand geholl. Haut ass d‘ Schueberfouer dat gréisste Volleksfest am Land an an der Groussregioun.

De Glacis, d’Plaz wou d’Fouer stattfënnt, läit matten an der Stad an ass esou en Deel vum Stater Liewen. Aussergewéinlech ass och den internationale Charakter vun der Fouer mat Forainen a Visiteuren aus ganz Europa a souguer vu méi wäit.

Opmaacherbild: © Fotothéik VDL / Laurent Blum 

Related topics Alphonse Muller, Biografie, Bronzeplack, Ducher 2010, Fernand Roeltgen, Foire, Glacis, Grof vu Lëtzebuerg, Hämmelsmarsch, Jang de Blannen, Jean de Luxembourg Roi de Bohême, Kinnek vu Böhmen, Monument, nationaalt Volleksfest, Rousen, Schueberfouer 2020, Traditioun
Next post Previous post