Search

You may also like

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!
Neiegkeeten

Votum Klima – Klimaschutz huet keng Vakanz!

De Votum Klima huet d’Regierung dozou opgefuerdert, keng weider Zäit

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet
Neiegkeeten

Brexit: London a Bréissel beschléissen en Accord-Projet

En Dënschdeg huet déi britesch Regierung duerchblécke gelooss, datt et

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Neiegkeeten

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Stater Schäffen- a Gemengerot mat grousser Freed d’Schüler vun der Grondschoul vun Hamm mat enger Coupe an engem Diplom geéiert. Am Kader vum Concours Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul konnten si de Jury iwwerzeegen. Bei dëser Geleeënheet krut all Kand eng Medail an een Entréesbilljee fir ee gratis Besuch fir eng Stater Schwämm geschenkt.

De Concours Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul, dee vum 18. September bis den 18. Oktober 2019 gelaf ass, huet als Zil déi douce Mobilitéit ze fërderen a Schüler vum Cycle 1 bis 4 ze encouragéieren, zu Fouss, mam Vëlo, der Trottinette oder mam Bus bis an d’Schoul ze fueren. Och d’Eltere sollten hir Gewunnecht ofleeën, fir hiert Kand all Dag ze féieren.

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d'Schoul

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Wärend der Summervakanz hu Kanner aus verschiddene schoulesche Foyeren d’Konture vun Déieren a Planzen op Kraft-Pabeier gemoolt, wat een uschléissend der Schoul vum Quartier viru ginn huet. Wärend dem Concours hunn d’Enseignanten de Schüler, déi all Dag zu Fouss, mam Vëlo oder Bus bei d’Schoul komm sinn, een Autocollant ginn, dee si op d’Zeechnung peche konnten. D’Schoul mat de meeschte Pechbiller huet de Concours gewonnen.

Ganzer 2.761 Schüler hunn, zesumme mat den Enseignanten, um Concours deelgeholl. Déi 3. Plaz goung dobäi un de Kierchbierg (32,71 %), déi 2. Plaz un Hollerech (49,52 %) an déi 1. Plaz un Hamm (89,5 %).

Opmaacherfoto: © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Related topics Colette Mart, Concours, Douce Mobilitéit, Hamm, Hollerech, Kierchbierg, mam Vëlo oder Bus an d'Schoul, Schoul, Zu Fouss
Next post Previous post