Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!
Cool Meenung

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!

Am Kader vum „Internationalen Daach vun de Meedercher“ organiséieren d‘Gemengen

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?
Cool Meenung

Grenzgänger a Chômage: Gëtt eis e geféierleche Paradigmewiessel operluecht?

Schonn um Donneschdeg kann d‘Entscheedung falen, da misst Lëtzebuerg d‘Entschiedegung

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
Cool Meenung

Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

cool

Wie kann eis Foussgängerzone retten?

E Kommentar

Wie kann eis Foussgängerzone retten?

Et kënnt engem bal vir, wéi wann d’Diskussioun all puer Méint op en Neit optaucht: Datt eis kleng Stied stierwen. Dëser Deeg gëtt vill op der Place Marie-Adelaide geschafft, fir genau dëst zu Ettelbréck ëmzekéieren. “Place Marie-Adelaide?”, frot dir? Jo, déi ass och als Monopolsplaz bekannt. Mee de Schrëftzuch vum Monopol gëtt grad ofmontéiert. Och, well en neie Besëtzer elo hei anzitt: De Cactus.

D’Monopolsplaz zu Ettelbréck dierft symptomatesch fir dat sinn, wat a ville klenge Stied an ganz Europa viru sech geet. Kleng Geschäfter hunn et ëmmer mi schwéier, sech ze behaapten. D’Grande-Surfacen an den Online-Handel sinn déi gréisste Konkurrenz, heescht et. An och wann elo Initiative kommen, fir de klengen Handel an en Online-Handel anzebannen, muss een sech d’Fro stellen, op dat dann och duergeet.

En demographesche Wandel verännert och d’Akafsgewunnechten an et ginn aner Uspréch gestallt

Well et krankt net nëmmen um Eenzelhandel, och bei de Clienten gouf et Verännerungen. Eis Familjen sinn iwwert d’Joerzéngten ewech ëmmer méi divers ginn. Bei de Koppelen ginn der ëmmer méi allen zwee schaffen. An och dat mécht dann déi kleng Geschäfter manner attraktiv: Wien um 6:00 Auer owes zou mécht, verpasst do seng Clienten, déi meeschtens méi spéit erëm heem kommen. An déi hunn da bal keen anere Choix, wéi an eng Grande-Surface ze goen, déi mi laang op huet.

Da kënnt d’Mentalitéit dobäi an do kann ech mech un der eegener Nues huelen: Akafen ass fir mech eng reng Zweckveranstaltung. Eran an de Supermarché, alles schnell siche, wat ech fir 2-3 Deeg brauch, bezuelen an -Zack!- sinn ech erëm fort. Do ass et mer da scho bal ze vill, wann ee mech no enger Clientskaart freet. Ech hu keen Interesse dorunner an eenzel Geschäfter ëmmer nëmmen 1-2 Artikele vu menger Akafslëscht sichen ze goen an dobäi nach laang Gespréicher ze féieren. Dofir feelt et schlicht un Zäit.

Foussgängerzone solle virun allem eng Saach: Een dozou alueden, sech do opzehalen

Wéi kann een déi kleng Geschäfter an de Foussgängerzonen dann nach retten? Dat ass eng gutt Fro. Bestëmmt net doduerch, datt Immobilienagencen hir Filièren matzen an enger Foussgängerzon opmaachen, oder een Handy-Accessoire-Buttéck nom aneren op mécht. Pop-Up-Stores si schonn emol net déi schlechtsten Iddi, well domat op mannst déi eidel Flächen zäitweis besat ginn an domat e Minimum un Attraktivitéit erhal gëtt.

Et läit do mol net onbedéngt un de Geschäfter selwer. Zum Beispill mécht fir mech e Buttek, wou een DVDen, CDen oder Videospiller kafe kann, nëmme ganz rar Sënn. D’Clienten fir dës Saache geet sech dat op den Internet sichen, Streaming sei Dank. Librairie par conter sinn ëmmer wëllkomm, soulaang se gutt gefouert ginn.

Als Gemeng ass et wuel dat wichtegst, eng Foussgängerzon attraktiv ze gestalten. Dat heescht net nëmmen dofir suergen, datt gutt Geschäfter do sinn. Et geet mir éischter ëm de gemeinschaftlechen Aspekt: Si soll alueden, sech do opzehalen. Dat implizéiert Gréngflächen, Waasserspiller, Sëtzgeleeënheeten, gratis Veranstaltungen an esou vill méi. Dat kascht alles vill Aarbecht, mee ass et ënnert dem Stréch der Wäert.

Ähnlech Sujeten Foussgängerzonen, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel