Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt
Neiegkeeten Stories

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei)

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?
Neiegkeeten Stories

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?

Wann ech mech u meng Kandheet erënneren, wou mer hannen

Alzeng: Liicht getéitscht awer déck zefridden
Neiegkeeten Stories

Alzeng: Liicht getéitscht awer déck zefridden

E Sonndeg ass zu Alzeng virun enger beandrockender Zuschauerkuliss d‘Championnat

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger Start-up, huet ee méi wéi ee wierklech gudde Béier am Glas, nee hei ass „Lifestyle“ ugesot, wëll de Fox Beer bestécht duerch säi volle Goût bei engem Drëttel manner Kalorien. Un a fir sech, huet de Fox Premium Pils alles wat et fir en echten a genossvolle Pils brauch: Waasser, Geeschtmalz, Happ an Hief. Wou ass den Hoken?

Ma et gëtt keen Hoke bei dësem Béier a fir dat méi däitlech ze formuléieren, muss een eppes méi wäit aushuelen. Iert d‘Catherine Hoffmann an de Pierre Beck Fox Beers Luxembourg Sàrl gegrënnt hunn, huet de Pierre zu Stroossbuerg Wirtschaftspolitik studéiert, a sollt fir säin Diplom en neit Produkt erfannen. Deemools nach eppes méi „mockeleg“ huet hie sech gefrot, firwat net e Béier erfannen, fir Leit déi Regime maachen? Dat agreabelt mam noutwennege verbannen, firwat och net.

Elo ass de Pierre kee Braumeeschter, an esou huet hie sech mat Profien zesummegesat. Déi huet hie bei der Fuerschungsbrauerei Weihenstephan vun der technescher Universitéit zu München fonnt. Et war keng einfach Ugeleeënheet, an et huet dann och e puer Versich gebraucht, bis een e Béier virun sech stoen hat, dee gutt schmaacht an awer déi erwaart nutritionell Qualitéite mat sech bréngt.

D‘Braue vun esou engem Béier ass eppes méi zäitopwänneg, an un esou engem „klenge“ Projet war bis dato keng Lëtzebuerger Brauerei interesséiert, firwat am Ufank d‘Produktioun huet missen an d‘Belsch verluecht ginn. Dee „Problem“ ass mëttlerweil geléist, a mat engem Fox Premium Pils hält een en echte Lëtzebuerger Produkt an der Hand. An dat bescht: en ass ëmmer méi beléift.

An hei sinn – nieft dem Goût dee ganz deem vun engem Pils entsprécht – déi Punkten déi de Fox Premium Pils vun allen aneren ënnerscheet: 30% manner Kalorien, 70% manner Kuelenhydrater, 0g Reschtzocker. Domatter ass dëse Pils ideal fir all déi, wou op hir Linn wëllen oder mussen uecht doen, an en eegent sech tatsächlech och fir Diabetiker. Et gëtt et awer nach net op Rezept.

Et ass awer erwisen, datt hie gäre gedronk gëtt. Et sollt gutt kill, am beschten esou ëm déi 5°C zerwéiert ginn. Wann et en ideale Begleeder iwwert déi waarm Deeg am Joer ass, esou sollt hien sech gutt beim Chrëschtdagsiesse presentéieren. Bei eisem Versuch war eng „Terrine“ opgedëscht ginn, a wat soll ee soen, keen huet de Wäi vermësst. Topp, dëse Fuuss hu mir an d‘Famill opgeholl.

Foto: De Fox Premium Pils, läit mat sengen 4,7% Alkoholgehalt um Niveau vun engem klassesche Pils, just dat dëse Fuuss wiesentlech méi bekëmmlech ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Fox Premium Pils, Lifestyle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel