Search

You may also like

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag
Neiegkeeten Stories

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag

Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Neiegkeeten Stories

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen
Neiegkeeten Stories

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien

Fox Session Ale: e coole Passe-Partout mat kaum Kalorien

De Fox Session Ale vun der Fox Beers Luxembourg Sàrl huet genee wéi säi Virgänger, de Premium Pils, gutt en Drëttel manner Kalorie wéi d‘Konkurrenz, behaapt sech dofir op dräimol esouvill Lifestyle. Gebraut mat Geeschtmalz, dräi Zorten Happ an Hief huet dësen héichgärege Béier keen Zocker an 33 % manner Kalorië wéi traditionell Béierzorten, fir en Alkoholgehalt vun 4,7%.

Lecker fruuchteg wann och eppes happlaaschteg, sollt een den „Session Ale“ bei enger Temperatur vu 6°C de Gäscht op den Dësch stellen. Et ass e gesellege Béier mat eng schéi gëllener Faarf mee net ganz esou fester Schaumkroun, wat dem Genoss selwer awer net schuet. Säin Optakt huet hien am Abrëll gemaach, an hien och séier seng Fans fonnt. An nee et sinn net nëmmen Dammen.

Hannert dësem Béier stinn de Pierre Beck an d‘Catherine Hoffmann. Béid brauen de „Fuuss“ net mee si sinn dofir verantwortlech. Gegrënnt hu si hir Entreprise 2016 mam Zil héichwäertegt Gedrénks hierzestellen, datt engem beim Gedanken un eng Wo net direkt e schlecht Gewësse gemaach huet. Onnéideg Kalorien, Kuelenhydrater an Zocker wollt een dann och net dran hunn.

D‘Braue vun esou engem Béier ass eppes méi zäitopwänneg, mee an der Rou läit bekanntlech d‘Kraaft. De Fox Session Ale ass echten artisanale Béier deen och zu Lëtzebuerg gebraut gëtt. Gëeegent fir Veganer, mee net fir Leit mat Glutenallergie, awer nees verdréiglech fir Diabetiker, Mam Fox-Béier kann ee bal jiddereen esou richteg verwinnen, an esou ass et och geduecht.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Craft Beers, Fox Beers, Fox Session Ale
Next post Previous post