LCTO: Gudde Bilan fir e villverspriechende Päischtweekend
Wéi huet sech de Päischtweekend aus der Siicht vum Tourismus
Wéi huet sech de Päischtweekend aus der Siicht vum Tourismus
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet
De Lëtzebuerger Politiker äussert sech zouversiichtlech zu den ëffentlech Enquêten
Um leschten Dënschden kruten d’Kanner vum Grupp Créa aus dem Schoulfoyer Kiem de Präis vum Concours „Name a fossil“, deen am Summer 2018 vum Naturmusée lancéiert ginn ass, iwwerreecht.
Ziel vum Concours war et, engem nei entdeckte Schlangestär-Fossil een Numm ze fannen. Dëst verstengert Wiesen ass vun der Paleontologin Lea Numberger Thuy fonnt, a vum Här Ben Thuy, natierlech och Paleontolog vu Beruff, bestëmmt ginn.
Vun allen agereechte Propositiounen huet den MNHN den Numm „Ophiotholia cthulhu“ zeréck behalen. Inspiréiert hu si sech hei bei enger imaginärer Kreatur vum literaresche Wierk vum Auteur H. P. Lovecraft.
A fir sech dat Wiese besser virstellen ze kennen, hunn d’Kanner, zesumme mat hirer Animatrice, dem Madamm Tania Kremer-Sossong, ee Bild vum Mieresbewunner erstallt. Et kann ee sech dat Ganzt virstellen, wéi een Déier mat engem Krakekapp, Tentakelen an Draacheflilleken. Natierlech gëtt dëst Konschtwierk am paleontologeschen Departement vum MNHN ausgestallt.
Foto: © Nader Ghavami