Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff
Fail International Neiegkeeten

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

E Méindeg huet Google matgedeelt, datt si am Mäerz e

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl
Fail International Neiegkeeten

Groussbritannien: Gesetz fir den EU-Austrëtt vun den Deputéierten ugeholl

Um Mëttwochowend hunn déi britesch Deputéiert e Gesetzprojet vun der

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?
Fail International Neiegkeeten

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?

An der Geschichtsschreiwung gëtt sech gären ze vill op d’Männer

dislike

Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer

Och zu Lëtzebuerg huet d'Situatioun sech verbessert

Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer

Vir all Euro, deen d’Männer verdéngen, verdéngen d’Fraen nëmmen 84 Cent”. Esou de Resumé vum Eurostat. Gëschter huet de Statistikbüro dës Zuele publizéiert, just zur Zäit fir de Weltfraendag.

Den duerchschnëttlechen Ënnerscheed kann ofhängeg vum Land op iwwert 20% klammen. Estland läit bei 25,3%, d’Teschesch Republik bei 21,8%, Däitschland bei 20,5, Groussbritannien bei 21% an Éisträich bei 20,1%. Mee et gi Liichtblécker! A Rumänien  ass d’Differenz “nëmmen” nach 5,2%, an Italien 5,3% an hei zu Lëtzebuerg 5,5%. An der Belsch, a Polen, Slowenien a Kroatien ass den Ënnerscheed ënner 10%.

D’Tendenz weist no ënnen, awer net iwwerall

An der EU huet sech dës Diskrepanz tëscht 2011 an 2016 ëm 0,6 Prozentpunkte verklengert. Virun allem Rumänien (-4,4 PP), Ungarn (-4,0 PP), Spuenien an Éisträich (béid -3,4 PP) hunn hei Fortschrëtter gemaach. Lëtzebuerg konnt seng Diskrepanz ëm -2,4 Prozentpunkten erof drécken.

An anere Länner stellt een awer eng negativ Entwécklung fest. Am Portugal (+4,6 PP) an a Slowenien (+4,5 PP) sinn d’Ënnerscheeder mi grouss ginn.

Den Dënschden hu 15 vun den 28 Memberen vun der Europäescher Kommissioun eng Deklaratioun verëffentlecht. An dëser gëtt dorunner erënnert, datt d’Gläichstellung tëscht Fra a Mann en “fundamental Valeur vun der Europäescher Unioun duerstellt”.

Mat AFP mla/agr/lb

 

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Gläichberechtegung, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel