Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen
how to use our time dating site

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Um Donneschdeg war de franséische President Emmanuel Macron den Invité

engineer dating format
verizon fios internet hookup
how to use our time dating site

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?
how to use our time dating site

natur&ëmwelt: Schonn een Doheem fonnt?

D’Sich no de véier Wänn ass och vir eis Villercher

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Quote fuerderen an duerchsetzen ass dat eent, de Wieler iwwerzeegen dat anert

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Säit enger gefillten Éiwegkeet gëtt am Land gefuerdert, datt et – wann et schonn am Privatsecteur net méiglech schéngt – wéinstens op politeschem Niveau, esou eppes wéi „d‘Paritéit vun de Geschlechter“ sollt ginn. Dat eenzegt Zil dat konnt erreecht ginn, ass d‘Paritéit op de Wahllëschten.

Bei der Analys vun de Resultater zu de Chamberwahle vum 14. Oktober, fält engem op, datt et wuel genuch Kandidatinne ginn huet, awer de Wieler am allgemengen, an d‘Fraen am besonneschen, dat net honoréiert hunn. Esou ergëtt et sech, datt vun de 60 Mandater fir d‘Chamber, der ganzer 12 op Dammen entfalen. Dat sinn der nach emol zwee Manner wéi nach 2013, a léisst déif blécken.

249 Kandidatinne waren op de Lëschte vertrueden, an net emol 5% ënnert hinne konnten d‘Wieler iwwerzeegen, déi beschten Auswiel ze sinn. An dofir huet sech Lëtzebuerg 2016 e Gesetz ginn? E Gesetz datt eng Quot vu 40% Fraen op de Kandidatelëschte virschreift. Lëtzebuerg war sengerzäit nach fir des „avantgardistesch“ Moossnam vun EU-Kommissärin fir Chancëgläichheet gelueft ginn.

Do verwonnert et net, datt de Lëtzebuerger Nationalrot vun de Fraen (CNFL), deen nach 14 Deeg virum Stéchdatum, en Appell ënnert dem Motto „Wielt den Equiliber“ lancéiert hat, enttäuscht ass. Si gesinn allerdéngs net de Problem beim Choix deen d‘Wieler getraff hunn, mee stellen de System a Fro. Schold wier de Fait, datt een de Fraen net déi gebuede Visibilitéit zougestanen hätt.

Paritéit ass méiglech, soen Etüden

An do bezitt ee sech natierlech op Etüden. Etüden aus dem Ausland, déi besoen, datt „bekannte Frae genee esou vill Chancen hu gewielt ze ginn, wéi Männer“. Bei Betruechtung vun de Kandidatinnen, léisst sech net direkt behaapten, datt et net genuch „Bekannter“ ginn hätt. Et ass also, esou den CNFL, d‘Schold vun de Parteien, déi d‘Fraen net richteg no bausse presentéiert a gefërdert hunn.

De CNFL weess wéi een do eppes ka veränneren: „Et brauch e Mentalitéitswiessel!“. Op dat eleng duer geet fir de Wieler ze iwwerzeegen? Do sinn se sech da selwer net ganz esou sécher, well beim CNFL ass een der Usiicht, datt d‘Wieler – egal op Mann oder Fra – sech éischter fir e männleche Kandidat entscheeden, well si an enger „Männerwelt“ erzu gi wieren. Ass dat net ze kuerz gegraff?

Bei de Wahlen hei zu Lëtzebuerg ass et üblech, datt d‘Spëtzekandidaten op de Wahllëschten, op der Basis vun hirer politescher Positioun ausgewielt an opgestallt ginn. An dat sinn tatsächlech an éischter Linn „Männer“. D‘Parteie wëllen natierlech de Bonus vum Ministermandat mathuelen, a wa 4 vu 5 Ministère vu Männer besat sinn, ass de Choix vum Spëtzekandidat séier gemaach.

De CNFL beklot an dësem Kontext, datt et bis elo keng Partei – virum Gesetz vun 2016 – ginn huet, déi eng Fra als Spëtzekandidat opgestallt huet. Si erënneren och drun, datt iert et zur Aféierung vum Quotesystem komm ass, d‘Parteien ëmmer nees ugefouert hätten, et géif een „esou schwéier Frae fannen“. Déi hunn se schlussendlech fonnt, an awer huet de Wieler anescht entscheet.

Den demokratesche Prozess

Elo kann een dat bekloen a sech och doriwwer iergeren, mee en demokratesche Prozess, esou wéi dat bei Chamberwahlen de Fall ass, huet seng eege Reegelen. Richteg ass d‘Bemierkung, datt déi feelend Paritéit, der Lëtzebuerger Gesellschaft net gutt zu Gesiicht steet. Laut der, vun der UNO am Joer 2017 realiséiert Etüd, läit Lëtzebuerg domatter am ieweschte Mëttelfeld ënnert 186 Länner.

Dës Etüd stellt zudeem duer, datt och wann se gewielt ginn, d‘Fraen hier Mandater no klassesche Stereotyppe zougedeelt géife kréien. Esou wieren et haaptsächlech Ministèren an de Beräicher: Soziales, Famill, Natur an Ëmwelt déi hinnen zougedroe ginn. Bei Aarbecht, Bildung a Kultur, wier dat méi seelen de Fall, a bei Wirtschaft, Finanzen oder Justiz, eigentlech esou gutt wéi ni.

Interessant och d‘Feststellung, datt et net emol deenen déi gréng geléngt déi ugestriefte Paritéit ze erreechen. An hei kann een net behaapten, datt si d‘Frae géifen diskriminéieren. Béi déi gréng fënnt ee ganz vill politesch engagéiert Dammen, déi et verstinn sech dobaussen „siichtbar“ ze maachen. Allerdéngs entscheet och hei alt nees de Wieler, an deen huet sech net un d‘Quot gehalen…

Bei der DP ass een och eppes „Verwonnert“, datt nodeems et nach ni esouvill Kandidatinne fir d‘Chamberwahle ginn huet, et der nëmmen esou wéineg zu engem Mandat bruecht hunn. Déi liberal Frae wëllen dann och datt dëse Phenomen analyséiert gëtt, well si et bis ewell ni néideg haten ze Beweisen, datt hir Kandidatinnen an der Partei de Männer gläich behandelt ginn.

Bis zur politescher Paritéit ass et nach Stéck

Wéi et zu enger „politescher“ Paritéit um Krautmaart komme kéint, ass net gewosst. D‘Parteien halen sech un déi am Gesetz festgeluechte Quot, an och d‘Medien hei am Land diskriminéiere keng politesch engagéiert Fra, och wann sech dat unhand vun den Table ronden a Podiumsdiskussiounen anescht presentéiert. Woubäi d‘Logik wëll datt sech hei d‘Spëtzekandidate géinteniwwer stinn.

Et wier eventuell eng Piste, d‘Léisung do erbäizeféiere wou se déi gréissten Akzeptanz kann erwaarden: an der Schoul. De CNFL dee selwer vun enger „Erzéiung an der Männerwelt“ schwätzt, wäert net esoubal d‘Gewunneschte vun erwuessene Wieler veränneren. Zudeem wëll den CNFL seng politesch Onofhängegkeet behalen, kann also selwer net aktiv Kandidatinnen ënnerstëtzen.

Dat Fraen hir berechtegt Plaz an der Politik, an esou logescherweis och um Krautmaart hunn, muss net méi betount ginn. An et ass sécher richteg, datt méi Fraen an der Chamber eisem Land an der Politik am grousse Ganzen, gutt géifen doen. Mee den CNFL, mat senger berechtegter Fuerderung muss net d‘Journalisten an d‘Parteien iwwerzeegen, de Wieler ass et den um Enn entscheet.

Foto: Brauche mir elo e Gesetz, datt dem Wieler virschreift seng „Kräizer“ gendergerecht ze verdeelen?

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Chancëgläöichheet, CNFL, Fraequot, Politik, Quotefraen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel