Search

You may also like

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss
Neiegkeeten

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vum Donneschdeg, den 27. Februar

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022
Neiegkeeten

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022

Onbezuelte Paien a Rechnunge bei der ASBL Esch 2022, wéineg

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?
Neiegkeeten

What the Fakt – Post verschécke per Pony Express?

D’Iddi vum Pony-Express huet eraus gestach duerch Schnellegkeet an eng

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong

Zanter Joren ass d‘Situatioun vun de Fraen am Prisong éischter bedenklech, Besserung ass net a Siicht

Zur Situatioun vun de Fraen am Prisong

Wie mengt, datt eng Justizministesch als Fra ee bessert Versteesdemech fir d‘Situatioun vun de Fraen am Prisong hätt, muss hei leider enges bessere beléiert ginn. Den 28. Juli, hat den Deputéierte Marc Baum (déi lénk) sech mat senger parlamentarescher Fro (2597) un d‘Ministesch Sam Tanson (déi gréng) gewannt, fir emol nozefroe wéini d‘Regierung gedenkt de Problem unzegoen.

Esou huet de Marc Baum drop higewisen, datt schonn 2017, de Mediateur een éischter deplorabele Rapport zur Situatioun vun de Fraen am Prisong (Schraasseg a Giwenech) virgeluecht hat. Et géife grondleeënd Mënscherechter net agehalen. Och d‘Äntwert vum Justizminister un de Mediateur am Mäerz 2018, stëmmt ee bedenklech. Sécher wier dat alles net rezent, mee ass et da besser ginn?

De Marc Baum bezitt sech dann hei och op en Dokument vun der Associatioun „Eran, eraus an elo“ déi sech fir agespaarter Persounen asetzt. An dësem Dokument geet d‘Associatioun nach emol op déi 38 Recommandatioune vum Ombudsmann an, wéi och op d‘Reaktioune vum Justizministère. Et schéngt zimmlech ersiichtlech, datt sech wéineg bis näischt gedoen huet, an et freet sech firwat?

Fir den Deputéierten an d‘Associatioun géif sech zu Lëtzebuerg weder un déi national Gesetzer nach un déi international Richtlinnen (Bangkok Reegelen – UNO) gehale ginn. D‘Personal an de Prisonge wier weder uerdentlech ausgebilt nach op déi spezifesch Besoine vun den agespaarte Frae virbereet. Gett eng Fra am Prisong vergewaltegt, géif dëser keng juristesch Hëllef ugebueden.

An hirer Äntwert un den Deputéierten huet d‘Justizministesch Sam Tanson da missen zouginn, datt vill a senger Fro opgeworfe Virwërf stëmmeg sinn. D‘Bangkok-Reegele géifen (nach) net voll ëmfänglech Respektéiert an och un déi eege Gesetzer, kéint ee sech den Ament net ëmmer dem Text entspriechend halen. Dat wier allerdéngs net, well ee sech net wéilt dorunner halen…

Villméi, esou ass der Äntwert vun enger als fréier éischter „feministesch“ engagéierter Juristin ze enthuelen, wieren en déi besonnesch Ëmstänn vun eise penitentiairen Institutioune geschëlt, datt ee sech net un alles hale kann. Et géif awer mat vill Engagement un engem „Projet“ zur Verbesserung geschafft. Zudeem géif jo och de Prisong vu Schraasseg moderniséiert, ergo och besser ginn.

D‘Situatioun vun der Fraen ass a bleift also nach op ondefinéiert Zäit éischter exekrabel, wéi datt ee vun enger Normaliséierung kann ausgoen. Gutt elo kann ee argumentéieren, datt et där Dammen net iwwerméisseg vill huet an déi och selwer Schold hunn do ze sëtze wou se sëtzen. Mënscherechter sinn also eppes Relatives, och fir déi gréng, bei deenen ee sech wonnert, wouhinner d‘Rees geet…

Illustratioun: © Engin Akyurt / unsplash

Related topics Bangkok-Reegelen, déi gréng, déi lénk, Fraen, Gesetz, Giwenech, Justizministesch, Marc Baum, Mënscherschter, Prisong, Sam Tanson, Schraasseg
Next post Previous post