Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
dating sites in auckland new zealand

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

https://moien.lu/dating-at-age-40/
dating sites in auckland new zealand

OPGEPASST: Glasstécker am Produit „Klare Suppe“ vu Rapunzel

D’Liewensmëttelsécherheet informéiert doriwwer, datt am Produit “Klare Suppe“ vun der

dislike
D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst
dating sites in auckland new zealand

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op

Eng éischt strikt feminin Maniff soll de 7. Mäerz 2020 zum „Fraestreik“ féieren

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op

Wat se genee op dësem Dag geplangt hunn, dat gouf gëschter bei der Pressekonferenz vun der Aktiounsplattform JIF* nach net verroden, mee et ass iwwerzeegt, datt d‘Fraen zu Lëtzebuerg wäerte fir „Inhalt“ suergen. Sënn an Zweck vun der Aktioun ass et, der Gesellschaft virun Aen ze féiere wéi vill Aarbecht vun de Frae geleescht gëtt. Dat nennt sech dann: FRAESTREIK!

Eng Fra – esou zumindest gouf et duergestallt – wier nach ëmmer an enger fester „Roll“ gefaangen an e géif een et als absolut normal ugesinn, datt „Si“ – also d‘Fra – net nëmmen eng berufflech Aktivitéit auszeüben huet, mee och nach Botzfra, Hausfra a Mamm ze sinn huet. Anescht erkläert: De Mann kënnt owes heem leet d‘Féiss op den Dësch a léisst sech als Patriarch zerwéieren…

Deem wëllen d‘Associatiounen, déi Member vun der Plattform sinn, ophëllefen. Si wëllen am Kontext vum internationale Fraendag der lëtzebuergescher Gesellschaft beweisen, datt déi alldeeglech geleeschten Aarbecht vun de Fraen et verdéngt respektéiert a valoriséiert ze ginn. Dobäi wier et egal op dës Aarbecht fräiwëlleg oder géint en Entgeld verriicht gëtt, esou d‘Ausso.

FraenEppes méi konkret bezitt sech dat elo awer op d‘Hëllef, respektiv d‘Soinen déi d‘Frae kranke Familljememberen zoukomme loossen, a wou d‘Männer bis ewell nëmmen an de seelenste Fäll aktiv wieren. Dobäi gëtt iwwersinn, datt dës geleeschten „Déngschter“ eng ganz reell a bezifferbar Wirtschaftsleeschtung duerstellen. Et dierft ee virun dësem Fakt d‘Aen net méi verschléissen.

Kuckt ee sech d‘Zuelen an d‘Rapporte vum LISER un, gëtt ersiichtlech, datt d‘Fraen zweemol esouvill Zäit fir d‘Famill opwanne wéi d‘Männer. Bal zweedrëttel vun de Fraen déi an Deelzäit Schaffen, géifen dat aus „familiäre“ Grënn maachen. Am Verglach, bei de Männer ass dat fir ee vu fënnef de Fall. Eng „Belaaschtung“ déi eiser Gesellschaft vum 21. Joerhonnert net gerecht gëtt.

Esou war dann och rieds vun „struktureller Diskriminatioun“ an et gëtt däitlech eng Unerkennung vun dëser gesellschaftlech relevanter Aarbechtsleeschtung gefuerdert. Och dofir gëtt sech dem internationale feministesche Mouvement ugeschloss an d‘Fraen si opgeruff hir Desillusioun och op der Strooss zum Ausdrock ze bréngen. Et wier un der Zäit der Gesellschaft de Spigel virzehalen.

De Choix, dësen „Streikdag“ op e Samschdeg ze leeën ass ee gutt iwwerluechten. Et ass op dësem Dag wou déi gréissten Zuel vu Tâche am Beräich vun de Soinen erleedegt ginn. An si hunn och net gezéckt de sozialisteschen Aarbechtsminister Dan Kersch anzebannen. Vun deem erwaarden si, datt hien de Fraen déi da schaffe missten, erméiglecht deel ze huelen ouni dat si bestrooft kenne ginn.

(* D’ Plattform JIF2020, dat sinn: CID | Fraen an Gender, CNFL – Conseil National des Femmes du Luxembourg, CSF – Chrëschtlech Sozial Fraen, déi gréng – Genderrot, déi jonk gréng, déi Lénk, Femmes en détresse, Femmes socialistes, KWENI, Laika, OGBL, Time for Equality an engagéiert Privatpersounen)

Ähnlech Sujeten Feminismus, Fraestreik, Internationale Fraendag, JIF, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel