Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?
Neiegkeeten

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?

2016 huet de Stolkonzern ArcelorMittal seng Aktivitéiten um Site Esch-Schëffleng

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass
Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass

Wéi d‘Police Bericht huet, koum et haut de Moie kuerz

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss
Neiegkeeten

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Seoul huet de Moie gemellt, datt Nordkorea zwou Rakéiten an

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)

Nodeems déi nei liberal ausgeriicht Partei mam Numm Fräi Allianz sech eréischt den 1. Februar 2020 gegrënnt huet, koum et um 16. Mäerz 2020 schonn zum éischten Ausschloss, an zwar vum Generalsekretär Steve Schmit. Ersat gëtt hien elo duerch d’André Evelyne. Mat engem knappe Saz a ganz ouni Begrënnung ass d’Press viru vollend Tatsaache gesat ginn. Mee mir wiere jo keng Journalisten, wa mir net mat all eise Beméiungen a ganz vill Recherche (an dësem Fall ass Facebook scho bal duergaangen) op de Fong vun der Tatsaach géife goen.

Wisou d’Dokument vun der Generalversammlung vum 16. Mäerz, bei där den Ausschloss vum Steve Schmit offiziell gemaach ginn ass, net einfach als Annexe bäifüügt war, ass eis natierlech ee Rätsel. Ma glécklecherweis liwweren eis trei sozial Netzwierker d’Informatiounen, no deenen et eis glëscht.

Fräi Allianz

Grond fir den Ausschloss wieren ënnert anerem Manipulatiounen vum Google-Konto vun der Partei gewiescht, duerch déi et zum Spären, a schliisslech esouguer zum komplette Läsche vum Konto komm ass. Donieft wir hien sengen Aufgaben als Generalsekretär net nokomm, d’Texter hätten ze vill Feeler enthalen. No engem Avertissement hätt de Steve Schmit dunn nach de President Mario May bedreet, wouduerch een hien eestëmmeg erausgeworf huet.

Fräi Allianz

Op Facebook fléien an Tëschenzäit d’Fäischt – den direkte Kontakt ass jo nach ëmmer verbueden. De Steve Schmit gëtt säitens dem Mario May ënnert anerem als Schmarotzer a domme Lidderhanes bezeechent, mat Biller a Gifs vun décke Leit – och wann de fréiere Generalsekretär net offiziell genannt gëtt – mécht ee weider de Geck.

Fräi Allianz

Um 27. Mäerz koum dunn de Konter. Ma, gëtt den Här Schmit dach als Persoun, déi dem Staat op der Täsch läit, betitelt, esou erkläert hien, datt him no verschiddenen Ënnersichungen a Froen de Statut vum Invalid zougesprach ginn ass an hien doduerch den RPGH (Revenue Pour Personne Gravement Handicapé) kritt. De Mario May krut den Titel vum Uewerkuerer prollproleteschen Dommschwätzer, dee säin Déngschtauto wuel méi privat, wéi fir d’Aarbecht notzt.

Fräi Allianz

Déi ganz Situatioun geet an engem immensen Hin- an Hiergehäits vun Erklärungen a Beleidegunge weider, an do gesäit ee scho bal, wéi héich den Niveau sëtzt. Datt een esou een Ausschloss net op neutraler Basis ofwéckele kann… Jo, et kéint een et scho bal als Cybermobbing kategoriséieren. Sollt Dir Iech an der Isolatioun langweilen, kënnt Dir d’Spill op hire Profiller observéieren. Huelt Iech Popcorn zur Säit, maacht e bësse Musek un a leent Iech zeréck. Hei ee kuerzen Ausschnëtt:

Fräi Allianz

Opmaacherbild: © Frank Busch / Unsplash

Ähnlech Sujeten André Evelyne, Ausschloss, Cybermobbing, Fräi Allianz, Generalsekretär, Mario May, Steve Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel