Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
Neiegkeeten

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha
Neiegkeeten

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus
Neiegkeeten

CSV: De Schoulbetrib am Land astellen duerch Coronavirus

D’CSV hëlt zur Kenntnis, datt zënter haut Infektioune mam neiaartege

Fräi Allianz: Déi nei liberal ausgeriicht Partei stell sech vir

Fräi Allianz: Déi nei liberal ausgeriicht Partei stell sech vir

Nodeems an enger aussergewéinlecher Generalversammlung vun der SLPL eng Rei Memberen ausgeschloss gi sinn, hu si kuerzerhand hir eege Partei gegrënnt. Gegrënnt zu Uewerkuer, besteet elo zënter dem 1. Februar 2020 déi Fräi Allianz, mam Mario May als Nationalpresident.

Nom däitleche Verstouss géint d’Parteistatute vun der Sozial Liberaler Partei Lëtzebuerg (SLPL) an dem domat verbonnenen Ausschloss, hunn de fréieren Nationalvizepresident Mario May, de Generalcaissier Johny Dinckelspiel, de Bezierkspresident aus dem Norde Jean Ersfeld an de Generalsekretär Steve Schmit Neel mat Käpp gemaach. Hir liberal ausgeriicht Partei Fräi Allianz soll elo beweisen: Mir kënnen et besser!

Vum Programm hir wëll ee sech ënnert anerem fir eng voll Integratioun vu behënnerte Mënschen an d’Erweidere vum Gesetz vum medezinesche Cannabis, wéi och dem Legaliséiere vum sougenannte Fräizäit-Cannabis zouwennen. Ma och d’Déieren hunn hir Plaz. Déi Fräi Allianz huet sech als Zil gesat, d’Déieren als voll Liewewiesen unzëerkennen an den Déiereschutz soumat weider auszebauen.

D’Partespëtzt setzt sech folgendermoossen zesummen:

De Mario May (51 Joer, vun Uewerkuer) iwwerhëlt d’Tâche vum Nationalpresident. Ënnert d’Ärem gräift him de Jean Ersfeld (66 Joer, vu Pärel) als Nationalvizepresident. D’Funktioun vum Generalsekretär huet de Steve Schmit (37 Joer, vun Esch-Uelzecht) a Generalcaissier ass den Johny Dinckelspiel (61 Joer, vu Rodange).

Ähnlech Sujeten Behënnerung, Cannabis, Déiereschutz, Fräi Allianz, Jean Ersfeld, Johny Dinckelspiel, Mario May, Partei, SLPL, Sozial Liberal Partei Lëtzebuerg, Steve Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel