Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

WHO Joresversammlung: Kriteschen Ëmgang mam Covid19
Meenung Neiegkeeten WTF

WHO Joresversammlung: Kriteschen Ëmgang mam Covid19

D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet beim Optakt vun der 73. Joresversammlung wësse

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee
Meenung Neiegkeeten WTF

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee

De Landwirtschaftsministère informéiert de Public, datt Päck mat Som um

geek
Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten WTF

Luxmasters 2017: Eng gelonge Première fir Lëtzebuerg

„E-Sports“ (den elektronesche Sport) huet och zu Lëtzebuerg seng Community

surprise

Hunn se d‘Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung gestrach?

En oppene Bréif un de Stater Schäfferot

Hunn se d‘Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung gestrach?

De 25. Februar ass der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an enger e-Mail matgedeelt ginn, datt d‘Sektioun Zentrum vun der KPL d‘Absicht hätt, während 8 Samschdeger bis zum Summer an der Avenue de la Gare, hannert de Poller virum Zebrasträifen zu Star eriwwer, tëscht 13.45 bis 19 Auer „mat Kundgebungen zur Opklärung vun der Bevëlkerung“ opzetrieden.

Et war ausdrécklech Bezuch op d‘Recht zur fräier Meenungsäusserung geholl ginn, dat an der allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter vum Europarot zougeséchert gëtt, an et ass ëm zäitgerecht Bestätegung gebuede ginn, dat deem näischt entgéint steet. E Problem war domatter net ze erwaarden, well dat ganzt op där Säit vun der Avenue stattfënnt, wou keng Verännerungen entstinn.

Well den éischten Termin op de 16. Mäerz gefall ass, huet d‘KPL (Sektioun Stad) versicht den 13. Mäerz nach emol nozefroen, wou dann d‘Ursaach wier, datt nach keng Äntwert zougestallt ginn ass. No méifache versich een un den Telefon ze kréien, huet d‘Zentral eis Nummer notéiert a verséchert et géif een eis uruffen. Dat ass bis haut net de Fall gewiescht, an och op eng e-Mail geet nach ëmmer gewaart.

An dat trotz enger Erënnerungsmail de 14. Mäerz, also een Dag virun der Freides-Sëtzung vum Stater Schäfferot. An dëser e-Mail huet et geheescht: „Et kann dach net sinn, datt et an der Stad Lëtzebuerg d‘Ausübe vum Mënscherecht op fräi Meenungsäusserung dorunner scheitert, datt do um Knuedler keen ass, dee sech an der Lag gesäit matzedeelen, datt deem näischt entgéint steet.

Trotzdeem ass de 16. Mäerz dëst Mënscherecht dorunner gescheitert. Dat ass net normal an dierf sech net widderhuelen. D‘KPL Sektioun Stad erwaart sech elo eng zäitno a positiv Reaktioun vum Schäfferot.

Jean-Marie Jacoby, President KPL Sektioun Stad

(aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser)

Foto: Zanter Jore stinn d‘Membere vun der KPL (Sektioun Stad) an der Avenue de la Gare mat hirem klenge Stand an informéieren d‘Bierger iwwer politesch Alternativen, an iwwert dat wat de Liberalismus an d‘Profitgesellschaft alles dem Bierger ofverlaangen. Den Ament hunn se dofir keng Erlaabnes méi. © KPL

Ähnlech Sujeten Fräi Meenungsäusserung, Jean-Marie Jacoby, KPL, KPL Sektioun Stad, Meenungsfräiheet, Mënscherechter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel