Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollaughing
Am Schleidergang
Meenung WTF

Am Schleidergang

Am vergaangene Joerzéngt schéngt de Gruef tëscht Republikaner an den

love
Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!
Meenung WTF

Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!

Et ass vun der Populatiounszuel deen zweetgréisste Kanton zu Lëtzebuerg!

dislike
MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen
Meenung WTF

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun

surprise

Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!

Di fräi Press gëtt ëmmer méi staark ugegraff – a mëttlerweil mengt een, et wier normal!

Ugrëff ob Journalisten, ëffentlech Tirade géint Medienhaiser, Hetzkampagnen an de sozialen Netzwierker géint Medien – Et géing ee mengen, dat géif et nëmmen an Diktature ginn. Mee mëttlerweil ass dat och am Westen ëmmer méi üblech. Schlëmmer nach, Trump a Co. ass et unzerechnen, datt et sech normaliséiert huet.

Normaliséiert, well een sech dru gewinnt huet. D‘Washington Post gëtt sou zimlech all Dag fir seng kritesch Berichterstattung vum President op Twitter an d‘Pan geklaakt. Mëttlerweil soll och un enger neier Form vun der Iwwerwaachung vun de Medien geschafft ginn.

Mediekritik ass gutt, mee en direkten Ugrëff op d’Mediefräiheet déngt kengem

Dat léisst een net grad hoffen. Medie sollen onofhängeg schaffe kënnen. Ëmmerhin ass jo och d‘Meenungsfräiheet eent vun de grondleeënden Elementer vun all Demokratie. Kee Wonner, datt autoritär Regimmer fir d‘Éischt emol probéieren, d‘Press auszeschalten. Do ginn et e puer Méiglechkeeten: Se ëffentlech esou laang ugräifen, bis een se als illegitim gebrandmarkt huet. Oder se gläichschalten andeems een e Medienimperium huet, wat ëmmer déi selwecht Informatioune couvréiert an d‘Konkurrenz eraus dréckt. Oder et suergt ee fir geziilte Géigepropaganda, déi een dann besser behandelt, wéi de Recht vun der Press.

Am Fall vum Trump sinn op mannst Deeler vun dëse Virgoensweisen ze gesinn. An Däitschland ass dat och ukomm, soss géif een net esou oft „Lügenpresse“ héieren. An och an eisem Eck vun de sozialen Netzwierker si ganz komesch Tendenze mëttlerweil geleefeg ginn. Gläichzäiteg packt et beispillsweis Russland, seng eege Propaganda ëmmer méi wäit ze streeën.

Duerch eng Schwächung vun de Medien stäerkt ee Populisten – déi näischt léiwer hunn, ewéi „alternativ“ Medien

Do muss ee guer net bis an d‘sozial Netzwierker siche goen. Russia Time (RT) ass eng vun der russescher Regierung gegrënnten Organisatioun, déi eenzeg an eleng existéiert, fir déi russesch Perspektiv op d‘Welt ze weisen. Kuerz: Fir russesch Propaganda ze produzéieren an ze verbreeden. A si maachen dat mat Erfolleg, well de Besoin no alternative Medie klëmmt. Wa kee méi den nationalen Zeitungen traut, schéngt de „friemen Agent“, wéi RT mëttlerweil an den USA registréiert ass, déi eenzeg Léisung. Wat RT duerchaus fir sech ze notze weess, well wann een „Zensur“ brëllt, vermëttelt een, datt ee wichteg a legitim genuch ass, fir zenséiert ze ginn.

Den Opstig vun dem spezifesche Medium ass awer nëmmen ee Beispill. Nach méi schlëmm sinn dann all déi Youtube-Evangelisten, déi sech op der Videoplattform „weiterbilden“, fir ze entdecken, datt d‘Welt flaach ass. Oder Impfungen engem déi verschiddensten Krankheete verpasse kënnen. Normalerweis ass Mediepluralismus eppes Guddes. Mee wann sech néierens méi u Journalistesch Reegelen a Standarden gehale gëtt, verkéiert sech dat an d‘Negatiivt. Wa jidderee probéiert, d‘Bildzeitung ze ënnerbidden, da schafft ee just nach de Populisten zou.

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Fake News, Journalismus, Medien, Russland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel