Search

You may also like

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz
Meenung WTF

GAP-Reform: Zeréck an d’Vergaangenheet amplaz Asaz fir de Klima- an Aarteschutz

D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus

Katar-Kris: Den Drock klëmmt
Meenung WTF

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München
Meenung WTF

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München

Ufank Abrëll war d’Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär

surprise

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis eng ganz Rei u positiven Aspekter mat sech bréngt: Et kann endlech zu enger transparenter Qualitéitskontroll vun der Wuer kommen a kriminell Strukturen, déi bis dato vum Cannabisschmuggel profitéiert hunn, verléieren esou theoretesch hir Existenzberechtegung.

Am Kontext vun der Fro, ob et richteg ass, Cannabis ze legaliséieren, héiert een oft de Grondsaz: „Wie kiffe wëll, kifft esou oder esou, ob et legal oder illegal ass“. Och dat ass wouer, an trotzdeem schwätzt d‘ADRenalin sech dofir aus, méi nuancéiert un d‘Fro erunzegoen, ob a firwat eis Gesellschaft eng weider Drog salonfäeg maache wëll.

Mir wëlle sécherlech keng Gesellschaft vun de Virschrëften an der Iwwerreglementéierung an appelléieren un d‘Konzept vum „mëndege“ Bierger. Op där aner Säit gesi mir et ganz kritesch, wann et esou duergestallt gëtt – oder vun de jugendlechen esou empfonnt gëtt – wéi wann d‘Legaliséierung vum Cannabis e Kaddo fir déi Jonk wär.

Wëssenschaftlech Studien hu gewisen, datt sech déi bewosstsinnsverännerend Wierkung vum Cannabis grad bei jonke Mënschen, wou d‘Perséinlechkeetsentwécklung nach net ofgeschloss ass, besonnesch staark auswierkt. Wat a ville Fäll esouguer zu zäitweilegen Depressiounen, Angschtzoustänn a Psychose féiere kann.

Drock fir d‘Legaliséierung kënnt dacks – net nëmmen zu Lëtzebuerg – vun de Jugendsektioune vu politesche Parteien. Et ass awer falsch, per se eng inhaltlech Relatioun tëscht enger Fuerderung vu politesche Jugendvertrieder an dem objektive Wuel vun der Jugend hierzestellen. Ouni wëllen ze dramatiséieren, plädéiert d‘ADRenalin fir e gesellschaftlech equilibréierten Discours iwwert den Afloss vu Cannabis op déi Jonk.

Eng eesäiteg Duerstellung, déi vermëttelt, d‘Legaliséierung vum Cannabis wier e „Kaddo“ fir eis Jonker, leene mir of: dëst gëtt der Realitéit net gerecht. Eng konkret Fuerderung vun der ADRenalin ass och, datt de Gesetzestext reglementéiere soll, datt sech zu Lëtzebuerg kee Kiffer-Tourismus entwéckelt.

D‘Fro nom Mindestalter fir de Konsum vu Cannabis soll no wëssenschaftlechen Erkenntnisser iwwert d‘Perséinlechkeetsentwécklung ugepasst ginn. Mir fuerdere kloer gesetzlech Dispositiounen, wat d‘Hierkonft, d‘Qualitéit an d‘Beschafungskritäre vum Cannabis ugeet. Als jonk ADR wäerte mir genee suivéieren, wéi den zukünftege Gesetzestext enger méi kritescher Betruechtung vum Cannabis op d‘Wuel vun de Jonke Rechnung dréit.

Foto: courtesy DOPE Magazine

vum Michel Lemaire, President vun ADRenalin

déi hei duergestallte Meenung ass déi vum Auteur an spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm

Related topics adr, ADRenalin, Cannabis, Legaliséierung, Michel Lemaire
Next post Previous post