Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
International Neiegkeeten

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!

The Polka King ass e Film, deen ee weder als

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!
International Neiegkeeten

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert
International Neiegkeeten

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den och an Zukunft, wann och net am positiven, an den europäesche Geschichtsbicher ëmmer erëm Erwänung fanne wäert. Eng ganz knapp Majoritéit vun de Briten hat sech jo bekanntlech per Referendum fir den Ausstig aus der Europäescher Unioun entscheet.

Deemools, wéi haut, hannerléisst dës knapp Entscheedung de Wieler vu Groussbritannien ee méi wéi gesplécktent Land, haten sech dach d’Schotten, genau sou wéi d’Nordiren, fir ee Verbleif an der Europäescher Unioun ausgeschwat. Den David Cameron, den no dem vun him initiéierte Referendum vum Mandat vum Premierminister zeréckgetrueden ass, iwwerléisst de verursaachte Misär senger Nofolgerin Theresa May.

Déi verbleiwend Wochen, bis zum wahrscheinlech endgültegen EU-Austrëtt vu Groussbritannien, wäert weisen, ob dach nach ee Brexit a geuerdente Bunne méiglech wäert sinn, oder ob et bei engem No-Deal just Verléierer op béide Säite wäert ginn. Verschiddene Majoritéits- an Oppositiounspolitiker schéngt déi politesch Karriär vill méi wichteg ze sinn, wéi d’Wuerlergoe vun de Matbierger, wat ee ganz schlecht Liicht op si gehäit an d’Politikverdrossenheet vun de Wieler nach verstäerke wäert.

Nieft nach ze klärende Punkte vun alle britesche Salariéeën, déi an den EU-Länner hirer Aarbecht noginn oder allen, déi aus EU-Staaten an den zum Vereenegte Kinnekräich zielende Länner schaffen, wäert et vu grousser Wichtegkeet sinn, op eng zefriddestellend Léisung an der Nordirland-Fro och den Accord vum Parlament a London fanne wäert. Hei geet et einfach ëm den Erhalt vum Fridden op der irescher Hallefinsel. Et dierf hei op kee Fall zu enger erneiter Aféierung vun „haarde“ Grenze kommen. Grad hei sinn elo Politiker gefrot, deenen eleng d’Wuel vun de Bierger um Häerz läit.

Brexit

Mee egal wéi de Brexit schlussendlech ausgoe wäert, sou wäert et den 26. Mee 2019 zu den alle fënnef Joer stattfannenden Europawahle kommen. Stoungen dës Wahle ganz of an der Vergaangenheet am Schiet vun den nationale Parlamentswahlen, sou wäert dës Kéier d’Opmierksamkeet eenzeg an eleng op dësen, grad zum momentanen Zäitpunkt sou enorm wichtege Wahle leien.

Ze bedauere bleift, datt sech an de leschte Joren d’Vertrieder vun de Bierger op europäeschem Niveau zu Bréissel nëmmen all ze oft vun de berechtegte Suergen ewech gehalen hunn an datt grad dëst Verhale mat dozou bäidréit, datt op vill ze ville politeschen Niveauen zuelräich, besonnesch déi Parteien, déi, déi europäesch Wäerter a Fro stellen, ëmmer méi Zoulaf kruten.

Mee domadder muss elo Schluss sinn. Dowéinst mussen all déi, déi gleewen, d’Europawahle wiere just zweetrangeg, sech bewosst sinn, datt all fräiwëllegen Net-Wieler grad deenen d’Feld iwwerléisst, déi géint Europa sinn, wuelwëssend, datt et sech an Europa, dann der Europäescher Unioun, mat all senge Feeler a Schwächen, besser lieft, wéi ouni si.

Trotzdeem ass déi sozial Dimensioun vun Europa vill ze laang vernoléisseg ginn a villes, wat engem aus Gewerkschaftssiicht um Häerze läit, ass an de leschte Joerzéngten um Altor vum Bannemaart, der Competitioun oder der Liberaliséierung geopfert ginn. Déi finanziell Méiglechkeete vun de Patronatslobbyisten zu Bréissel huet ganz sécher säin Iwwregt zu dëser loucher Entwécklung bäigedroen.

Europa

Doriwwer hinaus ass Folgendes ëmmer erëm ze beobachten: Leeft eppes gutt, dann ass et de Verdéngscht vun den nationale Politiker. Leeft awer eppes schif, da gëtt mam Fanger op Bréissel gewisen, wéi wann déi jeeweileg Volleksvertrieder vu Lëtzebuerg mat dësen Entscheedunge reng guer näischt ze dinn hätt. Deem ass awer definitiv net esou.

D’EU wier gutt beroden, no baussen nach méi zou opzetrieden. Falls net, wäert si et géint déi egoistesch „Big Player“, wéi zum Beispill China oder d’USA ëmmer méi schwéier hunn, säin Interessi op internationalem Niveau duerchzesetzen an och weiderhin als glafwierdegen, zouverlässege Partner an der Welt ugesinn ze ginn.

Obwuel um Niveau vun der Kommissioun no der Meenung vu verschiddene Bierger sou munches schif gelaf ass, gëtt et momentan, objektiv gesinn, keng am Usaz befriddegend Alternativ zur Europäescher Unioun.

Dowéinst, a fir datt déi europäesch Bierger nees eng positiv Astellung géigeniwwer vun de Bréisseler Institutioune kréien, muss vill méi iwwert dat Positiivt geschwat ginn, wat d’EU bewierkt huet. Beispiller ginn et genuch: d’Aarbechtsrecht, den Aarbechtsschutz, d’Chancëgläichheet, besser Vereenbarkeet vu Famill a Beruff, …

Vu grousser Wichtegkeet ass och déi Europäesch Sail vun de soziale Rechter, déi eng grouss Unzuel vu Rechter a Prinziper festgeluecht huet an déi op kee Fall een Text vu seng symboleschem Charakter bleiwen dierf – erwaarden sech d’Bierger vun Europa dach grad elo konkret Moossnamen an dësem Beräich.

D’Europäesch Unioun war an de leschte Joerzéngten – an dat gëtt oft vun Euroskeptiker net ugeschwat – ee Garant fir Fridden, Wuelstand, Sécherheet, Fräiheet, Net-Diskriminéierung, Fräizügegkeet a politesch Stabilitéit. All dat dierf net a Fro gestallt ginn an dat geléngt just dann, wa bei de kommende Walen déi demokratesch Kraaft an Europa massiv gestäerkt gëtt a virun allem rietspopulistesch Parteien zeréckgewise ginn.

Mir Wieler hunn et elo an der Hand. Sech trotz der Wahlflicht senger Stëmm ze enthalen, ass keng Optioun am Interessi vun engem demokrateschen, sozialen Europa.

Matgedeelt vum Romain Wolff, CGFP-Nationalpresident – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bréissel, Brexit, CGFP, Europawahlen 2019, fräi Tribün, Meenung, Romain Wolff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel