Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz
Meenung

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz

Bibliothéike sinn immens: Do fënns de dausende vun interessante Bicher,

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg
Meenung

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg

Nodeems de Justizminister an d’Gesondheetsministesch den Deputéierten den Audit iwwert

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun
Meenung

Bescheide Commemoratioun fir de Centenaire vun der Oktoberrevolutioun

Et ass eng bescheide Commemoratioun, déi haut a Russland dem

Fräi Tribün: Wat bedeit „Gendersensibel“?

Fräi Tribün: Wat bedeit „Gendersensibel“?

Et ass rezent vill Rieds gaange vun enger zukünfteger, méi staark „gendersensibeler“ Ausriichtung vum Lëtzebuerger Schoulsystem. Dozou ee puer Gedanke vun der ADRenalin…

Nieft der Wëssensvermëttelung ass et och eng grondleeënd Aufgab vun der schoulescher Bildung, déi eruwuessend Generatioun fir ethesch Frostellungen ze sensibiliséieren an de Respekt vun onëmstriddene Grondwäerter ze vermëttelen. Ee vun de Grondwäerter ass, datt eng Gläichstellung vu Mann a Fra an alle gesellschaftleche Beräicher net a Fro gestallt däerf ginn.

Et muss een – besonnesch an der Schoulpolitik – allerdéngs den Ënnerscheed maachen tëscht ethesche Grondwäerter a parteipolitescher Ideologie. Et ass an den Ae vun der ADRenalin eng parteipolitesch an ideologesch gefierften Diskussioun, ob een an Zukunft z.B. de Literaturunterrecht esou gestalte sollt, datt e Gläichgewiicht an der Behandlung vu weiblechen a männlechen Auteure besteet.

Dobäi ass et beispillsweis an der däitscher Literatur eng Tatsaach, datt wesentlech méi männlech Auteure kanoniséiert goufen, wéi weiblecher. Datt haut méi Frae literaresch aktiv sinn ewéi nach viru Joerzéngten a Joerhonnerten, ass begréissenswäert a weist, datt iwwerkomme Gesellschaftshierarchien opgebrach goufen.

Wann de Professer awer elo d‘Literatur vun der däitscher Klassik behandelt, dann ass et eng literaturhistoresch Realitéit, datt an där Epoch méi Männer Bicher geschriwwen hunn, ewéi Fraen; eng gesellschaftlech Realitéit, déi een och thematiséiere kann. D‘Visioun vun enger 50-50 Behandlung vu weiblechen a männlechen Auteuren duerch déi ganz Bandbreet vun der Literaturgeschicht wier genee dohier de falsche Schrëtt – e forcéierten Akt.

D‘Gewiichtung tëscht der Behandlung vu weiblechen a männlechen Auteure soll der reeller literaturhistorescher Gewiichtung vu weiblechen a männlechen Auteuren an den eenzelen Epochen ugepasst ginn. D‘Fro stellt sech: Wéi wäit kann eng ideologesch Neigewiichtung vum Schoulprogramm goen?

De „Faust“ aus dem Programm huelen, well de Goethe „schëlleg“ war e Mann ze sinn? D‘ADRenalin seet dozou kloer: Nee! Eng grondleeënd, historesch, awer ideologesch a parteipolitesch neutral Diskussioun, firwat an den eenzelen Epoche verhältnesméisseg wéineg Frae literaresch aktiv waren, ass begréissenswäert.

E Positionnement vun der ADRenalin

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten ADRenalin, Bildung, Educatioun, Gender, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel