Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!
Meenung Money

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng
Meenung Money

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng

40 Joer jonk, Papp vun zwee Kanner an nach ëmmer

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?
Meenung Money

Wéi steet d’EU am Verglach zum Recht vun der Welt do?

Mat dëser Fro setzt sech den Eurostat auserneen a vergläich

money

Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus

Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus

E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag gefeiert: de „Fat Cat Friday“. Dësen Dag vun der „Fetter Kaz“ ass vum „High Pay Centre“ enger Lobbygrupp, déi sech dem Kampf géint déi ominéis Bonie vun de Manager verschriwwen huet. Als „Fat Cat“ gëllt hei eng Persoun, déi dat honnertfacht vum Duerchschnëttsverdéngscht als Pai ausbezuelt kritt.

An u fette Kaze mangelt et weder a Groussbritannien, nach zu Lëtzebuerg. Hei stellt sech allerdéngs d‘Fro wat dann dorunner soll verkéiert sinn, datt Manager, CEO‘s oder Patrone méi Pai erhalen, wéi dat gewéinlecht Salariat? Sinn et net si déi de ganze wirtschaftleche Risk op hire Schëlleren droen? Sinn et net si, déi d‘Aarbechtsplaze schafen an zum Wuesstem bäidroen?

Natierlech kann ee sech driwwer verwonneren, datt e CEO, schonn no der éischter Woch vum Januar – an do sinn déi meescht nach an der Schivakanz oder leien an der Sonn – esouvill verdéngt hunn, wéi en duerchschnëttlechen Aarbechter am ganze Joer wäert verdéngen. Dofir leeschten si awer wiesentlech méi: si leeschten Iwwermënschleches a besëtzen d‘Wëssen.

Hinnen de Virworf ze maachen, esouvill Geld ze verdénge wier géif der gesellschaftlecher Kohäsioun schueden, ass de blanken Näid. Wat ka beispillsweis de Luc Frieden dofir, datt him als President vun de Verwaltungsréit St. Paul a BIL, direkt zwee Joresgehälter zoukommen, dat nach iert hien am neie Joer ugefaangen hätt mat Schaffen? An dat ass jo net säin eenzegt Akommes…

Zu Lëtzebuerg gëtt et, wann een de Cumul vum Akommes berécksiichtegt, geschätzt eng 5.400 Manager a CEOs, déi, wann se dann e Méindeg op de Büro kommen, de Joresverdéngscht vun enger Infirmière verdéngt hunn. Dorops sollt een houfreg sinn, a bedenken, datt et der Attraktivitéit vum Land an der Finanzplaz am besonneschen, immens entgéint kënnt.

Sécher dierf ee sech beschwéieren, datt de Räichtum schlecht verdeelt ass. Mee esou ass et och mat der Verantwortung. Manager an – fir beim Beispill ze bleiwen – Infirmièren, ginn hei och net gläich behandelt. Wann e Manager fierchterleche Schued uriicht an dausende vun Aarbechtsplaze vernicht, dann erhält hie Milliounen Euro. Dat ass vertraglech esou gereegelt a juristesch gedeckt.

Mécht d‘Infirmière e Feeler, ergeet et hir wéi dem Manager, och si verléiert hir Aarbecht. Et kann esouguer sinn, datt si sech wéinst hirem Feeler muss viru Geriicht veräntwerten. Dat ass politesch gewollt a gesellschaftlech säit Joerzéngten esou etabléiert. Dat kann ee bedaueren, mee esou ass et. Et ass d‘Politik déi d‘Reegele virschreift, an d‘Gesellschaft déi Regierung wielt.

Wann d‘Leit sech iwwert d‘Akommes vun de „Fette Kazen“ iergeren, da sollten si dësen net un de Manager a CEOs ausloossen. Déi notze just d‘Avantagen déi hinne vun de Politik ugebuede ginn. Eppes ze veränneren, dat verlaangt méi wéi Näid oder d‘Fauscht an der Täsch ze maachen. Dofir muss ee sech politesch engagéieren. Mee zu wat et féiere kann, muss een och akzeptéieren.

vum Sarah Kleeblatt, CEO IM-Global

Ähnlech Sujeten fat cat friday, fräi Tribün, Gehälter, Kapitalismus, Ongerechtegkeet, Politik, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel