18 järegt Affer stierft no Messerpickerei
Am Quartier Bouneweg gouf um Dënschdegowend ee jonke Mann vun
Am Quartier Bouneweg gouf um Dënschdegowend ee jonke Mann vun
Den „Nationalen integréierte Plang fir Energie a Klima“: e Projet
D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg
Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) an déi kommunistesch Jugendorganisatioun „Jonk Kommunisten“ (JCL) erklären sech solidaresch mat deem fir de 15. Mäerz 2019 ugekënnegte Schülerstreik fir de Klimaschutz. Wann d‘Erwiermung vun der Atmosphär an de Weltmierer, an déi domatter verbonnenen Temperaturerhéijung vu Mënschenhand gemaach sinn, mussen se och vun de Mënsche reduzéiert ginn.
Et ass an dësem Sënn noutwenneg d‘Iwwel un der Wuerzel ze paken an der kapitalistescher Privatwirtschaft, där hir Juegd nom Maximalprofit keng Récksiicht op Mënsch, Natur oder Klima hëlt, hir Grenzen opzeweisen an ze iwwerwannen. Gebraucht gëtt eng Gesellschaft, an där déi sozial Ëmverdeelung, wéi och Natur- a Klimaschutz Hand an Hand ginn, fir datt d‘Mënschheet an de Planéit eng Zukunft hunn.
An dëser Ausenanersetzung muss d‘Jugend d‘Leedung iwwerhuelen! D‘KPL an d‘Jonk Kommuniste wäerten un hirer Säit sinn.
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg an Jonk Kommunisten
Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt och zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.