Search

You may also like

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz
Meenung Neiegkeeten

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz

No den erneiten Demonstratiounen a Protester fir d‘Fräiloossung vum russeschen

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
Meenung Neiegkeeten

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck
Meenung Neiegkeeten

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck

D’Lëtzebuerger Qualitéitsportal ILNAS informéiert doriwwer, datt déi antimikrobiell FFP2 Mond-Nuesschutz-Masken

Fräi Tribün: „Méi Liewensqualitéit statt Kaalschlag“

Fräi Tribün: „Méi Liewensqualitéit statt Kaalschlag“

D‘CSV, déi gréng an d‘DP ware mam Verspriechen ugetrueden, d‘Liewen zu Esch-Uelzecht méi attraktiv ze gestalten. 16 Méint no Amtsuntrëtt vum neie Schäfferot ass dovunner séier wéineg ze gesinn.

Et ass éischter de Géigendeel de Fall, wéi et déi virecht Woch d‘Roserei vu ville Bierger, déi sech fatzeg iwwert déi ominéis Ofholzaktioun zu Wobrécken geiergert hunn, zum Ausdrock bruecht huet. Dees net genuch, huet de Schäfferot entscheet, den Ariston weder als Kino ze erhalen, nach zu engem Kulturzentrum ëmzebauen, esou wéi dat vu ville Bierger a Veräiner gefuerdert gëtt.

An dat gëtt och nach iwwert d‘Käpp vun den Awunner entscheet, dat et beim PAP „Portal 1“ (fréiere Standuert vun der Garage Losch) elo awer zum Bau vun engem Tuerm gëtt. Gespréicher mat de Leit huet keng ginn. Dat sinn nëmmen déi rezent Entscheedungen. Beim eelere Verspriechen de Stadzentrum ze revitaliséieren, ass nach näischt geschitt, obwuel de Schong ufänkt mat drécken.

D‘KPL ass der Meenung, datt d‘Aufgab vun engem Schäfferot, dee wierklech d‘Interesse vu senge Bierger am A huet, déi folgend sollt sinn:

  • Bezuelbare Wunnraum schafen amplaz am Stadkär en Tuerm a Luxuswunnengen, fir Mënsche mat héije Gehälter bauen ze loossen;
  • dofir ze suergen, datt Aarbechtsplazen entstinn, och fir Chômeure mat niddreger Qualifikatioun nees an Aarbecht ze bréngen, an esou déi unhalend Aarbechtslosegkeet ze bekämpfen;
  • de Stadkär méi attraktiv ze gestalten, fir d‘Plënnere vun de Bierger an de Geschäftsleit ze verhënneren, an dofir ze suergen, datt d‘Präisser vun den Immobilien net an dat onermiesslecht klammen.

D‘KPL fuerdert déi am Schäfferot vertruede Parteien op, de Kaalschlag ze beendegen a sech dofir ëm méi Liewensqualitéit an eiser Stad ze këmmeren.

D‘Generalversammlung vun der KPL Sektioun Esch-Uelzecht

aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Foto: Sludge G (cc by.sa 2.0)

Related topics Ariston, Esch-Uelzecht, Kaalschlag, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Liewensqualitéit, Portal 1, Wobrécken
Next post Previous post