Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng mat der Schëpp fir de nationale Stadion
dominic hoffman dating Neiegkeeten

dating boring man

E grousse Projet fir grouss Ambitiounen! Um Méindeg huet de

https://moien.lu/rv-hookup-sacramento/
dominic hoffman dating Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

Den éischten Dag vum EU-Sommet huet sech ervirgedoen duerch eng

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?
dominic hoffman dating Neiegkeeten

Editorial: Vum Chantier iwwerrascht ginn?

Datt den Tram an der Stad fir onbequem Situatioune Suergt,

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger

Stellungnam vu biireng21 zum Ëmholze vun de Beem laanscht d‘N31 zu Diddeleng

1) eise Comité d‘Action huet schonn zanter Joren (e.a. a Reunioune mam Transportminister, der Stroossebauverwaltung, dem Diddelenger Schäfferot) Alternativen opgewisen, wéi den Discounter Lidl kéint direkt vum neien „Echangeur de Burange“ duerch d‘Z.A.E. Helper laanscht den LNS ugefuer ginn, a net iwwert d‘N31, wat en Ofholze vun de Beem an der Lannenallee verhënnert hätt; erstaunlecherweis huet och de Conseiller de Gouvernement am Ëmweltministère, den Här Mike Wagner op déi selwecht Pist verwisen, mee d‘Stroossebauverwaltung huet dës Optioun mat fuedenscheinegen Argumenter verworf;

2) laanscht eng Strooss, wéi d‘N31 zu Diddeleng-Bireng mat extrem héije Stéckoxidemissiounen, déi bei Inversiounswiederlag am Wanter souguer déi 40 Mikrogramm/m3 Loft iwwerschreiden (Etüde LIST vun 2016) ass ee gutt berode keng erwuesse Beem, déi zum filtere vun der Loft bäidroen, ëmzeleeën an duerch nei kleng Beem mat enger vill méi enger klenger Kroun, an engem deementspriechend klenge Blatwierk ze ersetzen; déi nei Beem mussen nach Jore wuessen, bis se déi selwecht Filterfunktioun wäerten hunn, mee d‘Stéckoxidbelaaschtung waart bedauerlecherweis net drop, bis déi jonk Beem ausgewuess sinn:

3) mir zweiwelen drun, dass et bei deenen 2 Beem bleift, a fäerten, datt d‘Stroossebauverwaltung. aus „Sëcherheetsiwwerleeungen“ fir e bequeemt Ofbéie vun engem Privatbetrib, an deem heite Fall den Discounter Lidl op d‘N31 op d‘Ofholze vun deene 4 Beem besteet (mat Verkéiersspiggelen anstatt Ofholze wier iwwregens och gedéngt); mir weisen drop hin, dass dat e Präzedenzfall kéint ginn, a nach aner Commerce laanscht d‘N31 aus deene selwechten Iwwerleeungen eraus, op en Ofholze vu Beem bei hiren Afahrte poche kënnen;

4) mir fannen Argumenter, déi dat Wuert „wirtschaftlech“ enthale wann et em d‘Ofholze vun erwuessenen a gesonde Beem geet, anstatt se ze verplanzen net ubruecht ass; och déi ruinéiert Gesondheet vun den Anrainer, déi d‘Stéckoxide mussen anootmen, missten dann och no wirtschaftleche Kritäre berechent ginn

PAP-Lidl

Onermiddlech waren d‘Aktiviste vu „biereng21“ ënnerwee, an hunn a wäerten och weiderhi fir den Erhalt vun der Bamallée op der N31 kämpfen. © biireng21

5) mir fäerten, dass et bei deenen aktuell ëmgeseete Beem net wäert bleiwen; de Schäffen- a Gemengerot, deen 2015 de PAP Lidl eestëmmeg ugeholl huet, an d‘Recoursméiglechkeet dogéint an d‘Summervakanz geluecht hat (honnit soit qui mal y pense), plangt mëttelfristeg nach weider Aktivitéitszone laanscht d‘N31, an hypothekéiert domat d‘Weiderbestoe vun der ganzer Bamallée, déi eng Landmark fir de Nordagank vun der Stad Diddeleng ass; effektiv misst déi elo scho verkéiersméisseg saturéiert N31 op 4 Spueren erweidert ginn, wat automatesch den Aus fir d‘Bamallée an hirer aktueller Form géif bedeiten

matgedeelt vun „biireng21“

Foto: Gëschter Owend hunn se Hand un d‘Beem geluecht. Et ass awer wéi ugekënnegt, bei den 2 Beem bliwwen. Als „glécklech“ kann een d‘Situatioun trotz allem net beschreiwen. © biireng21

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm..list.lu/

Ähnlech Sujeten biireng231, Carole Dieschbourg, Diddeleng, François Bausch, PAP-Lidl, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel