Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!
International Meenung

Dëse Mann war esou zefridde mam Iessen a Service, datt en 2.000 Dollar Drénkgeld ginn huet!

De Client muss wierklech immens zefridde mam Service gewiescht sinn,

Een éischt Gespréich tëscht dem OGBL an dem Marc Hansen
International Meenung

Een éischt Gespréich tëscht dem OGBL an dem Marc Hansen

E Méindeg huet de Minister vun der Fonction Publique, Marc

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
International Meenung

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

De Gesiichtspunkt vun deenen déi dohier kommen

Fräi Tribün: Politesch Kris am Venezuela

No de rezenten Evenementer déi am Venezuela opkomm sinn, an de Relais an der Press vu ganz villen internationale Medien, huet déi venezuelanesch Communautéit drop bestanen, seng ganz eege Siicht zum Ausdrock ze bréngen, an Editorial Linnen, déi oft ganz wäit ewech vun der Realitéit vum eegene Land sinn, an zur Manipulatioun vun Informatioune féiere kann. Mir bidden hei eng Entschlësselung vun der politescher Kris am Venezuela un, fir déi wou sech derfir interesséieren.

Wat geschitt am Venezuela?

De Venezuela ass aktuell ënnert der Kontroll vum Nicolas Maduro, deen un der Spëtzt vun engem autoritäre Regimm steet, déi absolut Kontroll iwwert d‘Arméi, den ieweschte Geriichtshaff an den nationale Rot fir d‘Wahlen, huet. Seng ënnerschiddlech bewaffent Gruppe streeën den Terror an der Zivilgesellschaft: esou déi „colectivos“ – e Grupp vu Mäerder a Kriminellen déi d‘Favelaen an den Drogenhandel kontrolléieren – an déi „FAE S“ – e Grupp vun der nationaler Police deen zum exterminéieren agesat gëtt – an „d‘Guardia Civil“ de repressiven Aarm vum Regime.

Extrem Hongersnout, Mangel un allem, vu Gidder bis Medikamenter. D‘Inflatioun an eng kriminell Stroffräiheet hunn zu enger ni gekannten humanitärer Kris gefouert. An der ganzer Geschicht vu Latäinamerika, esouguer ënnert senge Rechts-Regimmen, huet et dat nach net ginn. Net a sengem Ausmooss, net an dësem Ëmfang.

Haut ass déi venezuelanesch Kris eng Migratiounskris ginn: Millioune vu Venezuelaner verloossen ze Fouss d‘Land an iwwerschreiden seng Grenze mat Kolumbien a Brasilien. Si lafen dausende Kilometer fir an den Equator, Peru, Chile, Argentinien, Panama, asw… ze gelaangen. Dës Länner si staark vun dësem Undrang vu Migranten impaktéiert. Et geet een dovunner aus, datt véier Millioune Mënschen an de leschten dräi Joer aus Venezuela geflücht sinn.

D‘Vakanz vun der Muecht

De Regime huet sech dank enger virgetäuschter Legalitéit, déi dem Fait geschëlt ass, datt den Nicolas Maduro, nom Dout vum Hugo Chavez, d‘Wahle vun 2013, gewonnen hätt. Hei ass ze notéieren, datt dës Wahle wéinst erhieflechem Mangel un Transparenz kritiséiert gi waren…

2015 war et zu legale Wahle komm, bei deenen eng nei national Assemblée gewielt ginn ass. Bis dohinner ass déi national Assemblée vum Regime kontrolléiert ginn. Géint all d‘Erwaardunge vun der Muecht, hat dat venezuelanescht Vollek massiv zu Gonschte vun den Oppositiounsparteien ofgestëmmt, firwat déi d‘Majoritéit an der nationaler Assemblée erreecht hunn.

No dëser Néierlag, huet de Regime déi national Assemblée, déi demokratesch gewielt gi war, als Nichteg erkläert, an huet eng parallel Assemblée ënnert senger Kontroll geschafen. Dës Aktioun – aus enger legaler a verfassungsrechtlecher Siicht – war e Staatsstreech. An der Konsequenz ergëtt sech, datt all Decisioun, déi vun dëser paralleller Assemblée ausgeet, illegal ass. Et war dunn dës Assemblée, déi neie Presidentewahle gréng Luucht ginn huet, ouni d‘Perioden an d‘Delaien, esou wéi an der Verfassung festgehalen, ze respektéieren.

Am Mee 2018 hunn also dës Wahle stattfonnt, déi de Maduro als Gewënner presentéiert hunn. Dës Wahle ware weder fräi nach transparent, an et huet och keng international Observateure ginn. De Maduro huet all d‘Oppositiounsparteien ongülteg gemaach, an d‘Kandidate gewielt, déi un dëse Wahlen deelhuelen duerften. Déi international Communautéit huet d‘Resultater vun dëse Wahlen net unerkannt, mee et huet misse gewaart ginn, datt déi legal Mandatsperiod vum Maduro op en Enn gaangen ass, fir d‘Vakanz vun der Muecht ze deklaréieren.

Den 10. Januar, ass dem Maduro säi Mandat op en Enn gaangen. Den Dag selwer, huet déi demokratesch gewielten national Assemblée, de Maduro als Hochstapler presentéiert an d‘Vakanz vun der Muecht deklaréiert.

E Putsch vum Juan Guaido?

Laut dem Artikel 233 vun der venezuelanescher Verfassung, ass virgesinn, datt am Fall vun der Vakanz vun der Muecht, dem President vun der nationaler Assemblée d‘Roll zoukënnt, als Interim-President ze agéiere bis et zu neien, transparenten, fräien an demokratesche Wahle kënnt. Well de Juan Guaido President vun der nationaler Assemblée ass, ass et selbstverständlech, datt him dës Roll zoukënnt. De Juan Guaido huet sech also de facto net zum President autoproklaméiert, an hien huet net, wéi dat a villen internationale Medie behaapt ginn ass, e Putsch gemaach.

Den 23. Januar, huet déi national Assemblée ëffentlech Sëtzungen an de Stroosse vu verschiddene Stied am Venezuela ofgehalen. Dat mat der Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung an am Respekt vum Artikel 70 vun der Verfassung. Dësen Artikel gesäit vir, datt d‘Bierger un dëse Sëtzungen dierfen deelhuelen, a sech och um Entscheedungsprozess, esou wéi vun der Agenda virgesinn, bedeelegen dierfen. D‘Entscheedungen déi bei dësen ëffentleche Sëtzunge getraff ginn, sinn onveräusserlech a musse vum Gesetz respektéiert an ëmgesat ginn.

Bei der ëffentlecher Sëtzung zu Caracas, huet d‘Vollek vum Juan Guaido verlaangt d‘Roll vum President ze iwwerhuelen, fir nees d‘Legalitéit an der Regierung ze festegen. An hien och näischt anescht gemaach: hien huet sech just selwer als Interim-President assermentéiert. Wann ee sech d‘Biller vun dësem Moment ukuckt, kann ee gesinn, datt hien den Eed ofleet, andeems hie seng Hänn an d‘Luucht hieft, mee datt och aner Persounen déi ronderëm opgestallt waren, hir Hänn hiewen: et waren dat alles Membere vun der nationaler Assemblée, déi dem Akt bäigewunnt hunn.

International Ënnerstëtzung

De Juan Guaido zielt op d‘Ënnerstëtzung vum venezuelanesche Vollek, an dee vun de meeschten demokratesche Länner vun der Hemisphär. Hie schafft prioritär un der Reouverture vun de Kanäl fir humanitär Hëllef, déi de Maduro zougesat huet. Hien huet déi militäresch Muecht invitéiert sech him unzeschléissen, fir nees d‘Legalitéit anzesetzen. De Fait datt de Maduro sengen Zaldoten den Uerder ginn huet an hire Baracken agespaart ze bleiwen, beweist, datt hie sech hirer Ënnerstëtzung net sécher ass. Deen Deel vum Militär deen dem Regime loyal ass, sinn Zaldoten déi héich placéiert sinn an vum Regime profitéieren.

An Tëschenzäit kann de Maduro kee venezuelanescht Geld méi vun den Auslandskonten ophiewen a keng international Verträg ënnerschreiwen.

Organisatioun vun de Wahlen

Well de nationale Rot fir d‘Wahlen ënnert der Kontroll vum Maduro-Regimm bleift, an d‘Leader vun der Oppositioun entweder am Prisong, am Exil oder un der Spëtzt vun als illegal bezeechente Parteie stinn, kann et net zu fräie Wahlen am Venezuela kommen, iert den aktuelle Regimm gefall ass. Et ass noutwenneg, datt eng Iwwergangsregierung op der Basis vun der venezuelanescher Verfassung opgestallt gëtt. Da mussen déi nei Autoritéite fir d‘Organisatioun vun de Wahle gewielt a vun der nationaler Assemblée proklaméiert ginn, am Respekt mat de gesetzleche Virschrëften.

Fir déi wou vun eis verlaangen ze verhandelen: Ei eenzeg Negociatioun ass d‘Ofschafe vun dësem kriminelle Regimm an d‘Entloossung net eleng vum Maduro, mee vun all de Membere vun sengem Regimm a senge Kollaborateuren.

Mir Venezuelaner kämpfe fir eis Demokratie zréck ze kréien, op mir am Land liewen oder net. A mir brauchen d‘Ënnerstëtzung vun der internationaler Communautéit fir dëst Zil ze erreechen.

vum Irene Montero Corzo, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

déi hei duergestallte Meenung ass déi vum Auteur a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Demokratie, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Putsch, USA, Venezuela, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel