Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
Meenung Neiegkeeten

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz
Meenung Neiegkeeten

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
Meenung Neiegkeeten

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!

No puer Joer Aarbecht konnt den 2. Oktober 2018 d’Buerschenter

Fräi Tribün: Déi richteg Wahl fir eng gutt Zukunft

D‘Matbestëmmung an de Betriber, an den ëffentlech-rechtleche Sozialversécherungen, an de gesetzleche Gremie vum sozialen Dialog an am Kader vun der Salariatskummer (CSL), ass eng ganz wichteg Errongenschaft am Interessi vun alle Salariéeën.

Déi gesetzlech verankert Sozialwahlen, déi all fënnef Joer stattfannen, sinn déi demokratesch Legitimatioun vun dëser Matbestëmmung. Si entscheeden doriwwer, wien déi féierend Roll an d‘Haaptverantwortung fir d‘Vertriedung vun den Interesse vum Salariat iwwerhuele soll.

Am Joer 2013 huet sech d‘Majoritéit vun de Wieler an de Wielerinne bei der Wal fir d‘Salariatskummer fir den OGBL entscheet. Den OGBL huet 38 vun de 60 méigleche Mandater (63,3%) erhalen. Bei de Wahle fir d‘Personaldelegatiounen an de Betriber, huet den OGBL mat ronn 2.000 Personaldelegéierten, nach e weidere Rekord opgestallt.

Den OGBL huet Wuert gehalen. An de leschte fënnef Joer konnte vill vu senge betriblechen an nationale Programmpunkten aus 2013 ëmgesat ginn.

Deen zanter dem Krisenausbroch 2008/2009 gefouerte Widderstand géint d‘Austeritéitspolitik gouf ongebrach weidergefouert. D‘Schied géintiwwer dem Sozialstaat si begrenzt bliwwen. Besonnesch ervirzesträichen ass den Erfolleg vum OGBL bei der Index-Fro. D‘Ugrëffer vu Regierung a Patronat op den Index während der Juncker-Ära hu sech am Sand verlaf.

Keng Indextranche ass verluer gaangen, keng strukturell Verschlechterung huet stattfonnt. Säit 2014 funktionéiert d‘Indexéierung vun de Léin an de Renten nees normal an, déi vum OGBL 2018 gezunne rout Linn – den Index dierf net ugepaakt ginn – steet am neie Regierunsofkommes.

Déi vum OGBL ab 2015 gestarten Aktiounscampagne „E Sozialpak fir Lëtzebuerg“ hat scho bei der Steierreform seng Wierkung gewisen. Éischt Erfolleger sinn elo ze verzeechne bezüglech där vum OGBL abruechte Fuerderunge fir eng strukturell Opwäertung vum Mindestloun an fir déi allgemeng Aféierung vun der 6. Congéswoch.

Am Kader vun der Krankeversécherung ass de Leeschtungskatalog erweidert ginn. Enn 2017 war et den Initiative vum OGBL ze verdanken, datt d‘Qualitéit vun der Fleegeversécherung héichgehale gouf an dat neit Gesetz weiderhin um Préifstand bleift.

An de Verhandlungen zu den Aarbechtszäite war et den OGBL, deen déi vun de Patronatsorganisatioune gefuerdert salariatsfeindlech Dereguléierung vun der gesetzlecher Aarbechtszäit verhënnere konnt. D‘Legislatioun konnt esouguer, ënnert anerem duerch d‘Aféierung vun der Matbestëmmung duerch d‘Personaldelegatioune beim „amenagéierten Horaire“ an duerch eng besser Iwwerrstonneregelung verbessert ginn.

On gutt Bilanz weist eng ganz Rei zousätzlecher Fortschrëtter op: den neien Elterecongé, d‘Indexéierung vun der Studie-Bäihëllef, deen iwwert de Sozialdialog ausgehandelte Gesetzesentworf iwwer d‘Aarbechtszäitkonten, de Gesetzesentworf iwwert de beruffleche Reklassement, déi 78-Wocheregelung am Krankheetsfall, dat neit Gesetz iwwer Personaldelegatiounen, a villes méi…

An de Betriber hunn honnertdausende Salariéeë vum deeglechen Asaz vun den OGBL-Personaldelegéierten an den iwwer 200 Kollektivverträg, déi den OGBL ausgehandelt huet, profitéiert.

Besonnesch ernimmenswäert ass d‘Aféierung vun éischte Kollektivverträg fir d‘Salariée vun der Universitéit Lëtzebuerg an, an der Fuerschung oder bei H&M am Handel.

Beim erfollegräiche Vertragsofschloss am Bausecteur oder beim historeschen Duerchbroch bei de Carrièren am Gesondheets- a Sozialwiesen ass androcksvoll ënnermauert ginn, wéi wichteg net nëmmen eng verhandlungsgepréiften, mee virun allem och eng staark, handlungsfäeg Gewerkschaft ass, déi, wann et muss sinn, mat gewerkschaftlechen Aktiounen, Massendemonstratioune bis hin zum Streik d‘Interessen an d‘Fuerderunge vum Salariat duerchsetze kann.

Et ass villes erreecht ginn. Villes muss an de kommende Joren nach erreecht ginn. Mir wëllen datt onse Sozialstaat mat senge soziale Leeschtungen, mat sengem Bildungs- a Gesondheetswiesen, mat sengen ëffentlech-rechtleche Sozialversécherungen net nëmmen ofgeséchert, mee fortschrëttlech weiderentwéckelt gëtt.

Mir wëllen, datt all Salarié zu Lëtzebuerg an de Genoss vun engem Kollektivvertrag kënnt. Mir wëllen e bessert Aarbechtsrecht, dat déi sozial a berufflech Perspektive vun de Salariéeën an der moderner Aarbechtswelt ofséchert a virubréngt. Mir wëlle méi Matbestëmmung an de Betriber.

Mir wëllen e besseren a bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg. Mir wëllen eng Gesellschaft, déi d‘sozial Ongerechtegkeete verréngert an de geschafene Räichtum besser verdeelt.

Eng Gesellschaft, déi sech de groussen Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an der liewenswichteger Noutwennegkeet vum erreeche vun de Klimaziler an dem schounenden Ëmgang mat den natierleche Ressource stellt, ouni dobäi d‘Liewensqualitéit an déi sozial a berufflech Perspektive vu alle Gesellschaftsschichten a Fro ze stellen.

Mir wëllen eng Gesellschaft, déi de Fridden erhält an d‘Demokratie fërdert statt ofbaut. Packe mir et un! Zesummen. Stäerke mir bei de Sozialwahlen déi féierend Gewerkschaft vu Lëtzebuerg, den OGBL. An de Betriber an, an der Salariatskummer, dem Parlament vun der Aarbecht.

André Roeltgen, President vum OGBL

aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Kollektivvertrag, OGBL, Personaldelegatioun, Salariatskummer, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel