Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen
International Money Neiegkeeten

Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen

Den Assurancësecteur ass e wichtegt, fir net ze soe „predominant“

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister
International Money Neiegkeeten

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Um Méindeg huet et zu London zolidd ramouert, an déi

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!
International Money Neiegkeeten

Keng Plaz fir Käfeghaltung an Europa – Ënnerschreift elo!

Um vergaangene Freideg huet d’Plattform Meng Landwirtschaft, Sea Shepherd, San

money

Wou ass d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Singapur drun?

Zu Stroossbuerg soll haut ofgestëmmt ginn, vu Bréissel kënnt Kritik

Wou ass d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Singapur drun?

Den asiatesche Maart ass fir déi europäesch Unioun e wichtegen Handelspartner insgesamt, an dofir sollen iwwer Fräihandelsaccorden Hürden ofgebaut ginn. Esou e Fräihandelsofkommes huet d‘EU Mëtt Juli mat Japan (JEFTA) ënnerschriwwen. Elo soll och mat Singapur esou en „Deal“ beschloss ginn, an uschléissend soll de Vietnam, an de Genoss vun engem Fräihandelsofkommes ze kommen.

E Fräihandelsaccord mat Singapur ass schonn eppes méi laang an der Loft, an eigentlech muss een hei vun zwee Verträg Schwätzen. Bei allem wat mat Singapur am Virfeld verhandelt ginn ass, hat den europäesche Geriichtshaff (EuGH) e puer Awänn. Esou huet den Investitiounsschutz, aus dem Accord erausgeholl ginn, well hei d‘EU-Memberlänner eegestänneg musse bestëmme kënnen.

Interessant hei: eigentlech ass dëst Fräihandelsofkommes scho säit 2014 ënnerschrëftsbereet, mee politesch gouf den Domm drop gehalen. Dobäi war et sengerzäit e ganz gléckleche Kommissär, de Karel de Gucht, dee bekannt ginn hat, datt dëst Handelsofkommes: „d‘Diere vun de wichtegste Regiounen an Asien opmécht, de Wirtschaftswuesstem undreiwen an nei Aarbechtsplaze schaaft“.

Kommunizéiert gouf zanterhier wéineg. Bréissel oder villméi déi wou gehale sinn eng politesch Entscheedung erbäizeféieren, schéngen de Mënschen déi hinnen d‘Verantwortung an d‘Muecht iwwerdroen hunn, net ze trauen. Esou huet dat Ganzt sech 5 Joer hanner verschlossen Diere weider entwéckelt. Am Europaparlament soll dësem Handelsofkommes haut gréng Luucht erdeelt ginn.

Ëm wat et geet

Dëst klengt asiatescht Land mat grad emol 6 Milliounen Awunner, ass de gréissten Handelspartner vun der europäescher Unioun, dat am Kontext vun der ASEAN-Grupp. Wéi et aus Bréissel verkënnt ginn ass, exportéiert d‘EU all Joer Wueren – haaptsächlech Gefierer a Maschinnen – am Wäert vu ronn 33 Milliarden Euro. Dat ass net grad wéineg, an dofir mécht en Ofkommes duerchaus Sënn.

Mee fir Singapur, dat an éischter Linn pharmazeutesch a chemesch Produkter an d‘EU exportéiert, läit den Ëmsaz bei grad emol 20 Milliarden, wat en däitlecht Ongläichgewiicht opweist. Mam Handelsofkommes, esou de Gedanken derhannert, soll den Import/Export verbessert, d‘Geschäfter ugekuerbelt, d‘Aschränkungen opgehuewen an d‘Douanestaxe progressiv ofgeschaaft ginn.

Heirun ass näischt ongewéinlech, an am grousse Ganzen, war dat jo esou och scho virun enger Rei Jore festgeluecht ginn. Am Europaparlament awer, reegt sech de Widderstand, an d‘Argumenter sinn net nei: sozial Standarde géifen no ënnen ajustéiert an och beim Ëmweltschutz wier eendeiteg ze kuerz gegraff ginn, heescht vun den Ekologisten, déi hei nëmmen „Liberaliséierung“ gesinn.

An och d‘Sozialdemokraten, déi 2014 nach mat Begeeschterung den Accord mat Singapur gestëtzt hunn, sinn sech net méi sécher, op den Deal wierklech esou gutt ass. Hinnen ass tatsächlech no 5 Joer opgefall, datt sech Singapur net un déi vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) opgestallte Reegelen hält. Béid politesch Fraktioune gesinn zudeem e finanzielle Risk opkommen.

Ähnlech Sujeten EU, Fräihandel, Fräihandelsaccord, Singapur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel