Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
International Money dating your friend reddit

from dating to relationship

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

https://moien.lu/marriage-not-dating-ep-6-eng-sub-dailymotion/
International Money dating your friend reddit

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt
International Money dating your friend reddit

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

money

Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten

Eng Ratifikatioun vum als „historescht Ofkommes“ bezeechenten Accord gëtt domadder a Fro gestallt

Frankräich kritesch géintiwwer dem Fräihandelsofkommes mat Mercosur-Staaten

Wann ee mengt Europa hätt endlech d‘Kéier kritt a géif mat enger Stëmm schwätzen – och wann een elo géint dat genannte Fräihandelsofkommes ass – da léisst sech awer ëmmer nees ee fannen, deen d‘Kaartenhaus zum Astierze bréngt. Woubäi déi franséisch Argumenter et an sech hunn…

Dobäi versichen EU an d‘Memberlänner vun der Wirtschaftsunioun „Mercosur“ schonn zanter 1999 eng vun de gréisste Fräihandelszonen op d‘Been ze stellen. Elo wier et dann esouwäit, nodeems de leschte Freideg de Jean-Claude Juncker mat senger Ekipp den Accord ënnerschriwwen hunn. Dat war awer nëmmen d‘Virspill, elo muss de Fräihandelsaccord nach vun de Länner ratifizéiert ginn.

An dat dierft an diplomatesche Kreesser fir vill Aarbecht suergen, well den Zesummenhalt an der Unioun ass nëmmen esou staark, wéi d‘Interessen op nationalem Plang mat der Unioun vereenbar sinn. Am Fall vum „New EU-Mercosur Trade Agreement“ dierft et schwiereg bis onméiglech sinn, déi national Parlamenter vun den 28 EU-Memberlänner vum Notzen ze iwwerzeegen.

Et ass net iwwerraschend, datt grad eis franséisch Noperen sech mat Hänn a Féiss géint dësen Accord stäipen. Si hunn sech jiddefalls schonn emol vun enger kuerzfristeger Ratifizéierung distanzéiert. Si verlaangen zousätzlech Garantien: fir de Schutz vum Amazonas Reebësch engersäits an de Schutz vun de franséische Baueren (virdergrënneg d‘Ziichter) anersäits. Dat ass hefteg…

Ganz Europa ass dofir… ganz Europa?

D‘Spriecherin vun der Regierung – den Emmanuel Macron hat zu Bréissel zu dësem Zäitpunkt ganz aner Suergen – huet sech géintiwwer de Medien awer verhalen ausgedréckt: „Mir sinn den Ament net bereet dësen Accord ze ënnerschreiwen. Mir wäerten eis den Text vum Ofkommes ganz genee ukucken an dann eng Entscheedung treffen“. Et geet an éischter Linn ëm d‘Landwirtschaft.

Elo gëtt et wierklech villes iwwert dat sech streide léisst, an et ass och net de Bierger deen de gréissten Notze vun dësem Accord huet. Bei dësem Deal geet et an éischter Linn dorëms, den EU-Entreprisen déi um internationale Maart matspillen, bis zu 4 Milliarden Euro un Douanestaxen ze erspueren. Och den Export vu Wueren aus der EU soll iwwert dëse Wee gefërdert ginn.

Fir d‘Südamerikaner ass et wichteg och Europa als Ofsazmaart besser ze erschléissen, well et si eppes weider vun den USA onofhängeg mécht. D‘EU sollt sech fir déi landwirtschaftlech Produiten, primär Rëndsfleesch a Soja, opmaachen. Am Géigenzuch géifen d‘Südamerikaner méi Maschinnen a Gefierer kafen. Dat kéim Däitschland geleeën, awer offensichtlech net de Fransousen.

Se sinn net eleng…

Et ass dann och um Volet „Landwirtschaft“ wou sech an Europa gestouss gëtt. Net nëmmen den Emmanuel Macron kritt bei dësem Thema Kappwéi, well eng mächteg Lobby him do zolidd de Marsch blose géif, eis Belsch Noperen esou wéi Irland a Polen maachen sech berechtegt Suergen. An et léisst sech och kee Bauereverband an der EU fannen, deen nëmmen usazweis den Accord wëll.

Mee bleiwe mir a Frankräich, wou sech un der „Quadratur vum Krees“ versicht gëtt. De Jean-Yves Le Drian, senges Zeechen Ausseminister, leet rout Linne fest: „Et ass eis gesot ginn, datt dës Linnen net géifen iwwerschratt ginn. Mee Wierder ginn eis net duer, do mussen Dote follegen“. Schold dorunner hunn och d‘Brasilianer, där hire Chef géint Klimaschutz a fir Pestiziden asteet.

De Jair Bolsonaro – deen och als südamerikaneschen Trump héich stiliséiert gëtt, mee eigentlech e Faschist ass – fërdert den Asaz vu Pestiziden déi bei eis längst verbuede sinn, iwwerléisst der Agrar-Lobby de Reebësch, ënnerstëtzt den Asaz vun Antibiotiken an hält de Klimawandel fir eng Ligen, esou wéi hien och den Holocaust bestreit. Dee wier eigentlech Grond genuch den Accord ze kippen.

mat indymedia/par/bru

Foto: Julia Nigh/Pixabay

Ähnlech Sujeten Agrar-Lobby, EU, Fräihandelsaccord, Frankräich, Landwirtschaft, Mercosur-Staaten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel