Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung
International Neiegkeeten

Qualityland geléngt, wat The Circle verbockt: Eng uerdentlech Kritik un der Vernetzung

Ech maachen et am Fong ni gären, mee ech muss

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer
International Neiegkeeten

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Dësen héichgärege Summer Béier vun Okult (Grupp Simon) ass u

Wou d‘UNO verseet
International Neiegkeeten

Wou d‘UNO verseet

Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!

Honnertdausend Mënschen hunn gëschter an de Stroosse vu Barcelona d‘Fräiloossung vun den 12 politesche Gefaangene gefuerdert, déi den Ament zu Madrid de Prozess gemaach kréien. Laut der Police sollen si zu hirer ronn 200.000 gewiescht sinn, d‘Organisateure schwätze vu 500.000…

Déi „Gran Via“ d‘Haaptverkéiersachs vu Barcelona, war op enger längt vu gutt zwee Kilometer schwaarz vu Mënschen. Mat Plakater a Banner waren se ugetrueden, an op engem war ze liesen: „Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!“. De Protest, deen zugläich beweist, datt de Wonsch no Onofhängegkeet ongebrach ass, riicht sech géint de Prozess, bei deem 12 Separatiste-Leader säit Dënschdeg virum ieweschte Geriichtshaff fir hir Dote veräntwerte mussen.

Fir déi „Beschëllegt“, déi sech de Virwërf vun: Oprou, Rebellioun an ënnerschloe vun ëffentlechem Geld stelle mussen, sti Prisongsstrofe vu bis zu 25 Joer am Raum. De Carlos Puidgemont, deemools President vu Katalounien, hat no engem vu Madrid verbuedene Referendum, d‘Onofhängegkeet proklaméiert. D‘Regierung huet dorops hin, d‘Regioun ënner Momper gestallt, an déi vermeintlech Leader vum Mouvement verhafte gelooss. Et koum do och schonn zu grousse Protester…

Separatisten

Laut Police waren et der 200.000, d‘Organisateuren hunn der 500.000 gezielt. Wéi och ëmmer, et waren der „genuch“ an de Protest soll weidergoen. Schonn de nächsten Donneschdeg soll et a Katalounien zum Generalstreik kommen. © Alberto Estevez

Déi Beklote weisen all déi vun der Justiz opgefouert Beschëllegunge vu sech, an et kënnt een net derlaanscht, vun engem politesch orchestréierte Prozess schwätzen ze mussen. Dat manner wéinst dem Fait, datt de Prozess ganzer dräi Méint dauere soll, mee villméi well de ganze Prozess „Live“ op der Tëlee iwwerdroe gëtt. Dat léisst déi ganz Prozedur wéi e „Show-Prozess“ ausgesinn, wat ee vun enger Demokratie esou haut net méi erwaarde géif, zumindest net an der europäescher Unioun.

An dësem Prozess sollen honnerten Zeien aussoen, dorënner och de fréiere Ministerpresident, Mariano Rajoy, en ultra konservative Politiker, dee aus dem Amt gejot gouf, well Membere vu senger Partei sech als „korrupt“ erwisen hunn. Interessant, an alt nees Waasser op d‘Mille vun den Demonstranten: de Carlos Puidgemont dierf net als Zeien aussoen. Hien hat sech aus dem „Exil“ zu Wuert gemellt a gesot, datt hien d‘Verantwortung fir d‘Onofhängegkeetserklärung ze droen huet.

Separatisten

De Carlos Puidgemont, dee sech zu Bréissel exiléiert hat nodeems déi spuenesch Regierung en Haftbefehl géint hien ausgestallt hat, war Enn Mäerz 2018 an Däitschland verhaft ginn. Zu Enger Ausliwwerung un déi spuenesch Justiz war et net komm. Nodeems de Mariano Rajoy mat engem Mësstrauensvott d‘Muecht verluer hat, huet den neie Ministerpresident Pedro Sanchez den internationalen Haftbefehl ophiewe gelooss, déi inhaftéiert Separatisten awer de Justiz iwwerlooss.

Et soll dann och elo net bei der Demonstratioun vun e Samschdeg bleiwen. Villméi stellt de Protest vu Gëschter den Optakt fir weider Aktiounen duer. Protestéiert gëtt weiderhi géint de Prozess, mee och fir d‘Recht op Selbstbestëmmung. Esou soll et schonn de nächsten Donneschdeg zu engem Generalstreik a Katalounien kommen. Dozou hunn déi separatistesch Parteien – déi d‘Majoritéit am Regionalparlament hunn – mat Verbänn a Gewerkschaften opgeruff. Madrid hält sech bedeckt…

mat indymedia/bcn/mad

Foto: Déi katalanesch Onofhängegkeetsbestriewunge sinn ongebrach, an de Prozess géint déi 12 Separatisten, wourënner de fréiere Vizepresident vun der Regionalregierung, Oriol Junqueras, an d‘Leader Jordi Sanchez a Jordi Quixart, déi sech fir de Referendum staark gemaach haten. © Alberto Estevez

Ähnlech Sujeten Barcelona, Carlos Puidgemont, Katalounien, Onofhängegkeet, Oriol Junqueras, Separatisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel