Search

You may also like

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen
Neiegkeeten Stories

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen

Den OGBL (Majoritéitsgewerkschaft vum Secteur a Spriecher bei de Verhandlungen)

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken
Neiegkeeten Stories

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken

Bei eisen Noperen huet déi belsch Entreprise „I‘ll be bag“

Fräiheet huet kee Präis

En Interview mat enger Mamm, där hiert erwuesse Kand an den neie Foyer vun der FAL agezunn ass

Fräiheet huet kee Präis

E Méindeg, de 5. Oktober huet den neie Foyer vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) zu Rammerech seng Dieren opgemaach. 6 Persoune mat der Autismus-Spektrum-Stéierung (TSA) hunn hiert neit Heem hei fonnt. De Leo* ass ee vun hinnen.

Hien ass no bei sengen 30 Joer a gouf am Alter vu 7 diagnostizéiert: schwéieren Autismus mat Verhalensstéierungen. Seng Verhalensproblemer hunn sech an de leschten dräi Joer verschlechtert an seng Mamm konnt d’Situatioun net méi eleng meeschteren. Dofir huet d’FAL d’Entscheedung getraff, fir hien an hirem neie Foyer opzehuelen.

Fir méi iwwer dem Leo seng Geschicht gewuer ze ginn, hunn ech am Juli seng Mamm Sabine* kennegeléiert. Si sot mir, datt dem Leo säin neit Doheem eng nei Phase an hirem Liewen an eng grouss Erliichterung wier:

Bonjour Sabine, erziel mir wéi äert Liewe mam Leo esou war.

Bis 2017 war de Leo ëmmer mat mengem Mann a mir an der Vakanz. Natierlech ware seng Verhalensstéierunge vun Ufank u present, mee si waren nach ëmmer gutt ze meeschteren. Mir konnten eis ganz erfollegräich ëm dee klenge Bauerenhaff këmmeren an nom Leo kucken. Zënter dem Dout vu mengem Mann virun dräi Joer, sinn seng Verhalensproblemer vill méi staark an aggressiv ginn.

Zanterhier liewen ech eleng mat him, an 2× an der Woch kann ech op d’Hëllef vun enger „Auxiliaire de Vie“ zielen. Ech kréien och heiansdo Hëllef vun e puer Frënn, awer déi meescht hunn de Kontakt mat mir ofgebrach, well se net genuch Toleranz fir de Leo hunn. Egal wou mir higinn, soubal de Leo eng Krise mécht, hunn d’Leit kee Versteesdemech fir d’Situatioun.

Dofir hu mir e groussen Deel vun onser Zäit doheem verbruecht. Da kann ech hien och net eleng loossen, well Leit mat spezielle Bedierfnesser 24-Stonnen Ënnerstëtzung brauchen. Ech hunn keng Wal: mäi ganzt Liewen dréit sech ëm hien.

D’Situatioun gesäit ganz exigent aus. Wéi vill Ënnerstëtzung an Hëllef war d’FAL bis elo?

D’Stëftung huet mir sou gutt wéi méiglech gehollef. Déi einfach Tatsaach, datt si dräimol am Joer Vakanzewochen organiséieren, ass fir mech schonn eng grouss Erliichterung. Dës puer Deeg Rascht hëllefe mir ze entspanen a meng Kraaft erëm ze fannen.

Zousätzlech ass de Leo zënter 2017 reegelméisseg fir en Roubett registréiert. Wann hie vu sengem Openthalt bei der FAL zeréck kënnt, sinn seng Verhalensproblemer e bësse reduzéiert. Dat weist mir schonn, datt hie sech do wuel fillt an datt hien déi Ënnerstëtzung kritt déi hie brauch. Déi puer Deeg, wou ech hie bei der Fondatioun loossen, ass déi eenzeg Méiglechkeet fir mech e bëssen ze raschten.

Wat war d’ Kärentscheedung Äre Jong am neie Foyer vun der Fondatioun ze loossen?

Dat ass einfach! Ech sinn iwwerschafft! Midd, moralesch a kierperlech. Ech sinn ausser Otem well ech et net méi packe kann. Schliisslech well ech nëmmen dat Bescht fir hien a wann ech gesinn, wéi d’Erzéier sech ëm hie këmmeren, da weess ech, datt dat déi richteg Léisung fir eis allen zwee ass.

Ausserdeem war mir vun Ufank un bewosst, datt de Leo ni en onofhängegt Liewe kéint féieren an datt hie fréier oder méi spéit an eng Wunnstruktur plënnere misst. Ech wëll mir net emol virstellen, wat passéiert wier, wann ech schwéier krank gi wier oder wann ech gestuerwe wier, ouni datt mir eng fest Plaz fir hie fonnt hätten.

Wien géing sech dann ëm hie këmmeren? Et ass eng grouss Erliichterung fir mech, ze wëssen dat seng Zukunft elo verséchert ass – wat och ëmmer passéiert.

Mengt Dir, datt Iech dës Entscheedung jeemools wäert Leed doen?

Nee, ech denken, datt mir dës Entscheedung ni wäert Leed doen. Mäin Liewe wäert sech positiv veränneren. Deen Dag wäert meng Fräiheet a Gesondheet änneren. A wann ech eppes wärend menger Zäit mam Leo geléiert hunn, dann datt Fräiheet kee Präis huet. Ech wäert mäin Sozialliewen erëmfannen.

An d’Rou, souwéi Normalitéit. Ech wäert an d’Vakanz goen, an ech wäert erëm mat menger Leidenschaft ufänken – dem Schreiwen. Ech wäert mat allem weiderfueren, mat deem ech hunn missen ophalen, well de Leo an där schwiereger Situatioun war.

Och wann ech de Leo gären hunn, ech kann et net erwaarden, datt et eis allen zwee besser geet.

Wëllt Dir eppes bäifügen?

Ech hunn de staarke Wonsch datt d’Gesellschaft e bësse méi oppen a mënschlech gëtt. Mir mussen eis akzeptéieren, esou wéi mir sinn. Ouni Ausnam. Et mécht mech traureg, datt en Deel vun der Gesellschaft Leit mat Autismus net akzeptéiert, well se net genuch Versteesdemech fir se huet.

Ech wëll och bäifügen datt d’Liewe fir Leit mat Autismus schwéier ass, awer et ass och schwéier fir hir Elteren a fir Leit déi sech ëm dës Persoune këmmeren, zum Beispill fir Erzéier. D’Mënsche solle séier ophalen ze jugéieren a fir d’éischt d’Geschichte lauschteren.

1 Mount duerno

Et ass scho méi wéi ee Mount hier, dat deen neie Foyer vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) zu Rambrouch seng Dieren opgemaach huet. Dës Ouverture erméiglecht der Fondatioun den Alldag vu 6 Familljen ze entlaaschten.

Mir haten d’Sabine* scho begéint ier de Foyer opgaangen ass. Hire Jong Leo* ass ee vu 6 Bewunner, déi de 5. Oktober an dat neit Doheem geplënnert sinn. Wéi de Leo nach bei senger Mamm gelieft huet, hat si keng Zäit fir sech selwer, well si 24 Stonnen den Dag op hie misst oppassen.

An e Restaurant goen, spontan Frënn gesinn oder just eng relax Zäit virun der Tëlee verbréngen – dat alles war onméiglech. Wärend eisem leschte Gespréich, war si sécher datt dat neit Doheem eng nei Phas an hirem Liewe bedeit. An och eng grouss Erliichterung. E Mount nodeems de Leo geplënnert ass, huet si eis bei sech heem empfaangen. Wärend enger gudder Taass Téi, huet si eis erzielt wéi hiert Liewen sech zënter dem 5. Oktober verännert huet.

Schéin, Iech erëm ze gesinn, Sabine. Et ass schonn eng Zäit hier, zënter datt mir matenee geschwat hunn. Wéi fillt Dir Iech?

An de leschte Wochen huet mäi Liewen sech esou positiv geännert, viru puer Méint hätt ech mol net dovunner gedreemt. Säit de Leo geplënnert ass, sinn ech vill manner gestresst a méi friddlech, ech fille mech op allen Niveaue besser. Ech konnt endlech meng Leidenschaft d’Schreiwen erëm ophuelen, an ech ka mech op mech selwer a mäi Wuelbefanne konzentréieren!

Ech si frou ze héieren, datt Dir Iech vill besser fillt! Awer ech stelle mir vir, datt et no 28 Joer net einfach war sech vum Leo ze trennen, oder?

Dat ass richteg, an den Dag wou hie geplënnert ass, war ganz emotional fir mech. Awer well ech mech sou laang geeschteg drop virbereet hunn, konnt ech d’Situatioun deen Dag gutt packen.

Duerno sinn d’Deeg vergaangen a mat all neiem Dag, ass mir méi bewosst ginn, datt hien an Zukunft net méi mat mir liewe wäert. Ech hunn ëmmer méi realiséiert, datt et elo definitiv war an datt et ni méi dat selwecht ass. Ëmmerhin huet sech mäi Liewen an de leschten 28 Joer nëmmen ëm de Leo gedréit. Et ass bal kee Moment ginn, wou ech e bësse fir mech war. Hien huet e grousst Lach hannerlooss. Mee et deet mir net Leed, datt ech hien der FAL uvertraut hunn. Et war déi eenzeg Léisung, fir datt et eis allen zwee gutt geet.

Hutt Dir de Leo scho gesinn, säit hien am Foyer wunnt?

Déi lescht Woch hunn ech hie besicht, fir mat him Mëtteg ze iessen. Natierlech hunn mir eis un déi sanitär Moossname gehalen. Mir wunnen net méi ënnert engem Dach. Et war eng ganz agreabel Zäit an ech war frou ze gesinn, wéi vill hie sech op mäi Besuch gefreet huet. Hien huet eng Rou ausgestraalt, déi hien zënter ville Joren net kannt huet. D’FAL schéngt him wierklech déi Struktur an Ënnerstëtzung ze ginn déi de Leo esou dréngend gebraucht huet.

Awer ech denken och, datt hien deen Dag gemierkt huet, datt hie vun elo un méi laang Periode bei der Fondatioun bleift. Net nëmme fir e puer Deeg. An datt hie mech nëmme ka gesinn, wann ech hie besiche ginn. Fir datt de Leo weess, datt hien ëmmer op mech ziele kann, hunn ech eng Foto vu mir a senger neier Kummer gelooss. Et war wichteg fir mech, datt hie weess, datt ech ëmmer seng Mamm bleiwen. Trotz allem an egal wat passéiert. Esou weess de Leo, datt ech hien iwwert alles gär hunn. Ech wëll och an d’Zukunft sou dacks wéi méiglech op Besuch goen. Dat gëtt eng Prioritéit fir mech.

Wéi mengt Dir, datt Är Bezéiung sech an den nächste Méint entwéckelt?

Ech sinn iwwerzeegt, datt dës Trennung eng gutt Saach fir eis zwee ass an datt eis Bezéiung nëmme ka besser ginn. Net nëmme well de Leo déi richteg Betreiung an Ënnerstëtzung kritt, mee och well ech méi zur Rou kommen. Dës Rou hëlleft, mech nees ze entspanen an zou mir ze kommen. A wa mir eis erëm gesinn, hunn ech déi néideg Energie, fir him déi Opmierksamkeet ze ginn, déi e brauch. Esou kënne mir besser vun eiser gemeinsamer Zäit profitéieren.

Wéi huet Äert Liewen sech zënter dem 5. Oktober geännert?

Wéinst der aussergewéinlecher Gesondheetssituatioun ass et natierlech e bësse schwéier, mäi soziaalt Liewen opzebaue wéi ech et gär hätt. Déi einfach Tatsaach, datt ech hei ganz entspaant mat Iech ka sëtzen an e Gespréich ka féieren, bedeit mir vill.

Wann Dir Iech un eist lescht Gespréich kënnt erënneren, wësst Dir warscheinlech nach, datt en rouegt Gespréich deemools net méiglech gewiescht wier.

Ech hunn dauernd missen en A op de Leo hunn, ech konnt mech schlecht konzentréieren. Elo kann ech spontan an de Restaurant goen. Oder akafe goen. Dës kleng Situatiounen am Alldag bedeite mir immens vill. Virdrun hat ech dës Fräiheeten net, et vereinfacht mäi Liewen.

Wëll Dir nach eppes bäifügen?

Ech hat wierklech e Punkt a mengem Liewen erreecht, un deem ech net méi wosst, wéi et weider geet. Ech wëll dofir der Fondatioun vu ganzem Häerz Merci soen, datt si de Leo sou gutt opgeholl hunn a mir Fräiheet ginn huet! Ewéi ech et am Juli scho sot: Fräiheet huet kee Präis.

Merci fir dës waarm Wierder a mir wënschen Iech alles Guddes fir Är Zukunft, Sabine!

* Aus Grënn vun der Vertraulechkeet sinn d’Virnimm geännert ginn.

En Interview vum Jodie Schmit, Journalistin bei der FAL – Iwwersetzung: Jessica Mersch

Illustratioun: © Morgan Basham / unsplash

Related topics FAL, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Interview, Jodie Schmitt, Rammerech
Next post Previous post