Search

You may also like

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!
International Neiegkeeten

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!

Scho fir eng 10. Kéier kënnt de Poetry Slam de

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!
International Neiegkeeten

Test däi Lëtzebuergesch-Wëssen!

[onionbuzz quiz-id=217][/onionbuzz] Fann an eisem Quiz eraus, wéi gutt s

Iwwerfall an ausgeraibert
International Neiegkeeten

Iwwerfall an ausgeraibert

An der Helleggeescht-Strooss sinn um spéiden Donneschdegnomëtten (17.25 Auer) zwee

Geet d‘Fräiheet vun Hong Kong op en Enn?

Beim Vollekskongress zu Peking huet d‘Regierung annoncéiert datt en neit Sécherheetskonzept fir déi fréier britesch Krounkolonie an der maach ass. Et wéilt een eege Sécherheetsorganer opstellen an asetzen dierfen. Domadder géif China géint de Statut vun des Sonnerverwaltungsregioun kippen.

Geet d‘Fräiheet vun Hong Kong op en Enn?

D‘Ried vum Chinesesche Regierungschef huet iwwert eng Stonn gedauert, mee déi puer Sätz déi de Li Keqiang zum Sécherheetsgesetz fir Hong Kong iwwreg hat, déi haten et a sech. Peking huet sech entschloss fir d‘Sonnerverwaltungsregiounen Hong Kong a Macao geuerdent Rechtsvirschrëften op den Instanzewee ze bréngen. Laut de dem Li Keqiang geet et drëms nei national Sécherheet an den autonom regéierte Regiounen oprecht ze erhalen.

An der fréierer portugisescher Kolonie Macao gëtt et schonn esou ee Gesetz, firwat ersiichtlech ass, datt Peking et op dat däitlech méi grousst Hong Kong ofgesinn huet. D‘Briten haten 1997 hir Kolonie op- an de Chinesen iwwerginn. Et gouf sengerzäit vereenbart, datt Hong Kong autonom bleift an nom vëlkerrechtleche Prinzip „Ee Land zwee Systemer“ soll regéiert ginn. Elo schéngt d‘Zentralregierung de leschten Nol ageschloen ze hunn.

Hong

Eemol am Joer siegéiert de Vollekskongress, fir d‘Zukunft op déi richteg Schinnen ze leeën. Dëst Joer huet et fir d‘éischt an de jéngster Geschicht vu China d‘Erklärung ginn, datt een net un de Wuesstemspläng fir 2020/2021 géif festhalen. Hei ass ee sech der Rezessioun als Folleg vun der Pandemie duerchaus bewosst. © Xinhua

Et besti keng Zweiwel dorunner, datt de Vollekskongress dëse Schratt begréissen an dem Gesetz och zoustëmme wäert. Wéi et sech fir eng Ukënnegung gehéiert, goufe keng Detailer zum Inhalt vum Gesetz genannt. Et wäert awer eng legal Basis geschafe ginn, fir géint Subversioun, Ustëppelen a Verrot kënne virzegoen. Am Kontext vum soziale Mouvement zu Hong Kong, riicht sech d‘Gesetz géint prodemokratesch Aktivisten.

Oppositioun zu Hong Kong erschloen

Fir déi prodemokratesch Deputéiert Tanya Chan, war et den trauregsten Dag an der Geschicht vun hir Metropol. Nodeems déi éischt Berichter zu de Pläng vun der Zentralregierung zu Hong Kong hir Ronne gedréint hunn, war der Politikerin kloer: „Elo ass et kloer, mir si bei ‚Ee Land ee System‘ ukomm“. D‘Versprieche vun der Zentralregierung, dat am chinesesch-briteschen Accord, wéi och dem Grondgesetz vun Hong Kong verankert ass, esou hifälleg.

Hong

D‘Zäite wou een um Vollekskongress a China en uniformiséierte Look virgezunn huet, déi sinn eriwwer. Datt een alles wat vun der „Bühn“ an de Sall gedroe gëtt, eestëmmeg unhëlt, dat ass awer bliwwen. © Xinhua

Dee vun der Zentralregierung agesate President vum Parlament zu Hong Kong, Andrew Leung, huet et virgezunn sech schrëftlech zur Annonce vum Vollekskongress ze äusseren. Dorausser geet am Resumé ervir, datt hien d‘Initiative vum Kongress géif verstoen, respektéieren an ënnerstëtzen. Vill méi huet et net gebraucht fir dat d‘Bourse zu Hong Kong den Zidderer krut. Den Hang-Seng Index ass bannent wéinege Sonnen ëm 5% agebrach.

Kléngt no Kris, ass et awer net, well de wirtschaftlechen Impakt, bezunn op de Verloscht vum Statut vun Hong Kong war previsibel. Déi ekonomesch Bedeitung vun Hong Kong gëtt vu Peking ganz bewosst op d‘Spill gesat. Woubäi jo net gewosst ass, ob d‘Zentralregierung bei der Wirtschaft awer méi flexibel bleift an net an den Handel wäert agräifen. Wann d‘Geld weess datt et a Sécherheet ass, brauch et keng Demokratie oder Mënscherechter.

Um Enn entscheeden d‘Financieren

Wirtschaftlech ass Hong Kong ee vun de „big Player“ a vill chinesesch Entreprise vum Festland, brauchen och déi hei getätegt Investitiounen. E vun de Grënn firwat sech Peking och zimmlech aus allem erausgehalen huet. Dat konnt awer nëmmen esoulaang gutt goen, wéi déi politesch Féierung net a Fro gestallt ginn ass. Richteg ass och, datt vill Natiounen de Sonnerstatut vun Hong Kong unerkannt an e puer Handelsfaveuren accordéiert hunn.

Hong

D‘Sëtzung vun der legislativer Kommissioun, fir en neit Sécherheetskonzept zu Hong Kong ze implementéieren, soll an éischter Linn derzou bäidroen, déi legal Schlupflächer zouzemaachen. Déi international Communautéit betruecht dëse Schratt awer mat gemëschte Gefiller. © Xinhua

Zu Washington gouf schonn emol preventiv annoncéiert, datt ouni de Sonnerstatut, et och keng Sonnerkonditioune méi ka ginn. Gemooss un der Bedreeung, déi den Donald Trump an engem Interview mat Fox-Business ausgeschwat huet (hei ass drëms gaangen déi diplomatesch a kommerziell Bezéiungen zu China ganz ofzebriechen) ee Witz, well bekanntlech huet d‘Politik netz déiselwecht Interesse wéi d‘Wirtschaft.

Hong

De President Xi Jinping huet bei der legislativer Sëtzung, am Kader vum Vollekskongress zu Peking, sengem Auditoire nogeluecht de Mënsch an de Mëttelpunkt ze stellen. © Xinhua

Datt den Donald Trump déi demokratesch Aktivisten „ënnerstëtzt“ – zumindest rhetoresch an och nëmme well et de Xi Jinping op d‘Palm dreift – kann een esou am Raum stoe loossen, mee wann ee sech den Interessen, besonnesch vum US-Finanzsecteur unhëlt, gëtt séier däitlech, datt et deenen ni ëm weder Demokratie nach Mënscherechter gaangen ass, mee ëm de maximale Profit. Ka Peking sécherstellen datt den Handel weiderleeft, wäert et sech alenken.

mat indymedia an Xinhua

Foto: © Xinhua

Related topics China, Hong Kong, Sécherheetskonzept, Sonnerstatut, Vollekskongress
Next post Previous post