Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cannes hält den Otem un
International Neiegkeeten WTF

Cannes hält den Otem un

Zu Cannes zitt sech de Jury vum Pedro Almodovar zréck

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet
International Neiegkeeten WTF

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet

Et kann ee soe wat ee wëll, mee dem Donald

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé
International Neiegkeeten WTF

Dammefussball: Beetebuerg verspillt den Doublé

Op et dem 1. Mee selwer, dem gudde Wieder oder

surprise

Katalounien: Grouss Maniff fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier

Katalounien: Grouss Maniff fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier

Honnertdausende Manifestanten hunn um Samschdeg zu Barcelona d‘Fräiloossung vun de Politiker gefuerdert, déi sech fir d‘Onofhängegkeet vun der Provënz agesat haten a wéinst dem Referendum an Untersuchungshaft gesat goufen. Um Sonndeg gëtt zu Barcelona, dann de Regierungschef Mariano Rajoy erwaart.

„Fräiheet fir d‘politesch Prisonéier! “, „Mir sinn eng Republik!“, war op den zwou Banderollen um Kapp vum Cortège ze liesen, während an de Reien „Fräiheet“, „Onofhängegkeet“, Besatzungsmuecht eraus!“ gejaut ginn ass. D‘Mobiliséierung zu der Manifestatioun muss een dann awer och als Test am Kader vun de Neiwahle vum 21. Dezember gesinn.

Eng esou gesinn, gelonge Virstellung. Laut der Police sollen iwwer 750.000 Mënschen un der Manifestatioun deel geholl hunn. E Message vum zu Bréissel exiléierte President Carles Puidgemont, war während dem Rassemblement iwwerdroe ginn. Hei ginn all déi opgeruff, wou sech fir d‘Onofhängegkeet staark maachen, sech op der ganzer Welt Gehéier ze schafen.

An och wann d‘Proklamatioun zur Onofhängegkeet, déi de 27. Oktober am katalanesche Parlament gestëmmt gi war, vun der spuenescher Justiz annuléiert ginn ass, esou hunn d‘Manifestanten sech kloer dofir ausgeschwat an hoffen déi och nach zu Liewenszäiten ze erliewen. Hëllef erwaarden sech déi pro-europäesch Manifestante vu Bréissel an hate Plakater derbäi op deenen „Europa wou bass de?“ ze liese war.

D‘Fuesent vun de Gefiller

„Wann et eis net geléngt, esou wäert et eise Kanner geléngen“, esou d‘Rocio Morata Cabello, eng Patronne vun 42 Joer déi mat hire Meedercher un der Maniff deel geholl huet. Si huet och gesot eng „gewësse Roserei ze spieren, revoltéiert an awer och stolz ze sinn, ugesicht de ville Mënschen déi sech fir dat selwecht Zil, d‘Onofhängegkeet, asetzen.

„Et ass elo un de Bierger sech ze mobiliséieren. D‘Politiker hunn hir Aarbecht net gemaach“, mengt de Robert Muni, dee vu senge Bouwe begleet ginn ass. De Slogan „Puidgemont ass eise President“ war awer ëmmer ze héieren. An datt hien net mat deenen aneren zu Madrid am Prisong sëtzt, gëtt ugesicht de Walen am Dezember éischter begréisst.

Prisonéier

Bei der Maniff zu Barcelona hunn d‘Mënschen „Fräiheet“ gefuerdert. © Pau Barrena/AFP

D‘Maria Angels Quintana, eng Awunnerin vun engem Nopeschduerf vu Barcelona, gesäit dat dann och esou: „Och wann den Depart vum Carles Puidgemont als egoistesch betruecht ka ginn, ech verstinn et. Wier hien net an den Exil an d‘Belsch gaangen, géif hien elo och am Prisong sëtzen. An zu Bréissel kann hien och d‘Opmierksamkeet vun Europa kréien“.

Och un der Maniff deel geholl, huet d‘Buergermeeschtesch vu Barcelona, d‘Ada Colau. Si hat am Virfeld kloergestallt, datt och si sech fir d‘Fräiloossung vun de Politiker an de Leader vun den Associatioune géif staark maachen. Datt huet d‘Ada Colau awer net dovunner ofgehalen, d‘Leader fir d‘Onofhängegkeet als „irresponsabel“ ze verklären déi Katalounien an d‘Katastroph gedriwwen hätten.

Schwéieren Häerzens

D‘Manifestatioun, déi vun den zwou groussen Organisatioune fir d‘Onofhängegkeet, déi katalanesch national Assemblée (ANC) an Omnium, aberuff ginn ass, huet sech géint d‘Regierung zu Madrid ausgeschwat. D‘Fuerderung hir Leader an och déi aacht vum Vollek gewielte Politiker fräi ze loosse wäerten se dann och oprecht erhalen.

Eng vun de grousse Figuren am Kampf fir d‘Onofhängegkeet, déi net un der Manifestatioun deel geholl huet, ass d‘Carme Forcadell. Si war um Freideg géint Kautioun fräigelooss ginn. Wéi eng Spriecherin der AFP matgedeelt huet, befollegt déi ofgesate Presidentin vum katalanesche Parlament de Rot vun hirem Affekot. Si hat agewëllegt op all „Akt ausserhalb dem verfassungsrechtleche Kader, ze verzichten.

Si stoung um Donneschdeg mat fënnef weideren, der Oprou, Rebellioun an Verontreiung vu Staatsgelder ugekloten Deputéierte virum Riichter. Hei haten och d‘Parlamentarier d‘Deklaratioun vun der Onofhängegkeet relativiséiert, a sech drop bezunn, datt déi kee juristeschen Effet hat. Vu ville Katalane, gëtt d‘Mesure vum ieweschte Geriichtshaff, d‘Leit anzespären als „Revanchismus“ säitens der Rajoy-Regierung ugesinn.

E riskante Besuch

De Premierminister Mariano Rajoy, kënnt haut viru Mëtteg nach op Barcelona. Säin éischte Besuch säit hien d‘Provënz ënner Momper gestallt huet. Den ultra-konservative Rajoy, deem och eng gewëssen Nostalgie zum Franquismus nogesot gëtt, hëlt den Deplacement op sech fir de Kandidat vu senger Partei „Pardido Popular“ ze ënnerstëtzen. Dee gëtt haut offiziell fir d‘Wahlen am Dezember virgestallt.

Seng Partei, déi elo net wierklech groussen Zousproch an der Provënz genéisst, soll nei stäerkste Kraaft ginn. Wéi dat dem Pardido Popular, dee bei de leschte Walen nëmmen 8,5% vun de Suffrage konnt fir sech gewannen, soll geléngen do ginn d‘Meenungen ausenaner an och d‘Verschwierungstheorie kréien hei Opwand.

Prisonéier

De Leader vum Pardido Popular, Xavier Garcia-Albiol, hei bei enger Maniff zum Erhalt vun der Eenheet den 29. Oktober. Hie gëtt vu Madrid massiv ënnerstëtzt, woubäi seng Partei keng 10% vun de katalanesche Bierger vertrëtt. © Lluis Gene/AFP

De Rajoy kënnt dann och net eleng. Hien huet seng Verdeedegungsministesch, Maria-Dolores de Cospedal matbruecht. Et ass och, esou den offizielle Programm, net virgesinn datt béid Regierungsmemberen sech ënnert „d‘Vollek“ mëschen. Si wiere just ageluede gi fir den Kandidat Xavier Garcia-Albiol ze ënnerstëtzen. Eng Aktioun déi wahrscheinlech néideg ass, mee a Katalounie selwer, wéineg gefale wäert fannen.

Et muss ee wëssen, datt de Xavier Garcia-Albiol an der Provënz net gutt gelidden ass. Och net bei de Géigner vun der Onofhängegkeet. Him gëtt virun allem de Reproche gemaach sech géint d‘Autonomie ze stellen, an och eng Bedeelegung un der Beschneidung vun den Autonomiestatute kritt hien zougewisen. Fir eng reell Chance ze hunn „stäerkste“ Fraktioun ze ginn, missten vill Parteie vun de Walen ausgeschloss ginn, esou d‘Meenung vun den Experten.

mam Anne-Laurent Mondesert, dem Michaela Cancela-Kieffer an dem Alfons Luna /AFP

Foto: Zu Barcelona hunn sech honnertdausenden zesummegedoen an d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier gefuerdert. © Pau Barrena/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Katalounien, Mariano Rajoy, Onofhängegkeet, Pardido Popular, Xavier Garcia-Albiol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel