Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen
Neiegkeeten

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen

D‘Fuerscher vun der Uni-Lëtzebuerg hunn e wëssenschaftlech gepréifte Lies-Programm fir

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller
Neiegkeeten

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d‘Gléck spierbar. Wéi eis de

US-President zu London erstaunlech verséinlech
Neiegkeeten

US-President zu London erstaunlech verséinlech

Mat esouvill Zousproch vum US-President konnt den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg

Fräizügegkeet ass och an Zäite vum Coronavirus onentbierlech

Fräizügegkeet ass och an Zäite vum Coronavirus onentbierlech

Fräizügegkeet ass eng vun de gréissten Errongenschafte vun der europäescher Unioun. Dovu profitéiere virun allem déi iwwer 1,5 Millioune Grenzgänger, déi deeglech déi europäesch Bannegrenzen iwwerschreiden, fir op d‘Aarbecht ze kommen. Déi Lëtzebuerger Gesellschaft a Wirtschaft géif ouni d‘Aarbechter aus Frankräich, der Belsch an Däitschland net funktionéieren. Dat gëtt eis aktuell besonnesch schmäerzlech am Beräich vum Gesondheetssystem kloer virun a gefouert.

An der EU sinn d‘Haaptwunnsëtzlänner fir Grenzgänger: Frankräich, Däitschland a Polen. Wéi eng Auswierkunge Grenzschléissunge kënnen hunn, gesi mir zur Stonn un der däitsch-polnescher Grenz. Kilometerlaange Stau bréngt net nëmmen d‘Camionschaufferen an eng geféierlech Situatioun, mee si gefäerden och de Wuereverkéier an der EU. An enger Zäit wou mir op eng onproblematesch Liewensmëttel- a Medikamenteversuergung ugewise sinn, ass dës Sitautioun inakzeptabel.

Och d‘Grenzgänger sinn direkt vun de Grenzschléissungen a Kontrolle betraff. Aus dësem Grond appelléieren ech mat enger Rei Kolleegen aus dem Europaparlament, eng Rëtsch spezifesch Moossnamen zum Schutz vun de grenziwwerschreidende Salariéen ze treffen. Dorënner eng besser Koordinatioun tëscht de Memberlänner an hiren nationale Verwaltungen, déi géigesäiteg Unerkennung vu Quarantainebescheinegungen a gemeinsam Dokumenter (Laissez-passer), esou wéi och ee gemeinsaamt Verständnis fir déi grenziwwerschreidend Sozial- an Aarbechtsrechter an dëser aussergewéinlecher Situatioun.

D‘Steierofkommes tëscht Frankräich a Lëtzebuerg erlaabt zanter 2018, 29 Deeg Homeoffice vu franséische Grenzgänger fir hire lëtzebuergesche Patron, ouni datt dofir den entspriechende Loun a Frankräich besteiert gëtt. Lëtzebuerg a Frankräich hunn ee Schratt an déi richteg Richtung gemaach, andeems si vereenbaart hunn, datt wärend der Coronavirus-Pandemie, d‘Berechnung vun dësem Zäitraum net berécksiichtegt gëtt. Nodeems och mat de Belsch eng Léisung fir Grenzgänger fonnt ginn ass, hoffen ech, datt och d‘Gespréicher mat eisen däitschen Noperen zügeg zu enger Léisung féieren.

Ech wënsche mir, datt d‘Zesummenaarbecht an d‘Koordinéierung tëscht de Memberlänner an dëser Ausnamesituatioun verstäerkt, an déi national isoléiert Aktiounen op e Minimum reduzéiert ginn. De Virus léisst sech souwisou net vu Grenzen ophalen.

Matgedeelt vum Christophe Hansen, mat Bezuch op ee gemeinsame Bréif vun EU-Deputéierten, mat engem Opruff un d‘EU-Kommissioun an d‘EU-Memberlänner, dréngend Moossname fir grenziwwerschreidend Salariéen ze huelen. Fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser.

Foto: Wann duerch ze haart Grenzkontrollen de Wuereverkéier an der europäescher Unioun gestéiert gëtt an d‘Frontalieren net méi op hir Schaff kommen, obwuel dës eventuell essentiell ass, da kréie mir zolidd Problemer. Dat zumindest mengt den CSV-Europaparlamentarier Christophe Hansen. © Frank Mecklenburg, fräie Journalist

Ähnlech Sujeten Christophe Hansen, Coronavirus, Covid19, EU-Parlament, fräie Wuereverkéier, Grenzschléissung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel