Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger am Container schocken England
college freshman dating college sophomore 100 free american online dating site

https://moien.lu/online-dating-protector-id/

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

best free hookup website in india
college freshman dating college sophomore 100 free american online dating site

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar

Eng knapp véierel Stonn vu Metz ewech kann een an

surprise
Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot
college freshman dating college sophomore 100 free american online dating site

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) konnt um Méindeg, no der

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier

De Franciscus-Polaner, ass en donkele Béier mat engem Alkoholgehalt vun 6,6%, deen no engem Rezept vun zwee Bridder, an der Brauerei Héischter hiergestallt an ofgefëllt gëtt. Et ass en donkele Béier, dee vun der Faarf aus eppes „hell geroden“ ass, mee genee esou muss et sinn.

Firwat en donkele Béier? Ma dat ass einfach: an hirem Hotel-Restaurant hunn déi zwee Bridder an der Zäit Leffe vum Faass zerwéiert, an esou e richtegen donkele Béier hunn si net zu Lëtzebuerg fonnt. Et gouf also héich Zäit dësem „Problem“ op d‘Spréng ze hëllefen, an et ass gelongen.

Den Hausbéier mat der Bezeechnung Franciscus-Polaner gëtt et elo geschwënn véier Joer, an dat mannst wat e ka behaapten: „deen ass esou beléift, dat et sech net lount en Oflafdatum op d‘Fläsch ze schreiwen“. A wierklech, ganz exquisit am Goût, beschtens ausbalancéiert, esou muss Béier sinn.

An datt de Franciscus-Polaner sech net eleng um Comptoir, mee och am Restaurant wuel fillt, ass eng Plus-value déi all Gourmet – et dierf och de Gurmang sinn – wäert ze schätze wëssen. Wann et u sech net verkéiert ass ze behaapten. „dee passt bei alles!“, esou dat net déi ganz Wourecht.

De Franciscus-Polaner Hausbéier ass „Masseg“ ouni dofir batter ze sinn, an et dierf een deen als „Sëffeg“ beschreiwen. Seng gastronomesch Qualitéite stellt de Béier am beschte bei gutt deftegem Kascht ënner Beweis. Hien eegent sech zudeem als Begleedung, fir déi meescht Fleeschgeriichter

Franciscus-Polaner

Zwee Bridder, ee Béier. De Jean-Paul an de François Dimmer, féieren net nëmmen de Familljebetrib an aler Traditioun weider, nee si hunn hiren eegene Béier. A wien dësen iwwerzeegt huet, deem ass kee Wee ze wäit fir drun ze kommen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eng laang Geschicht

Den Hotel-Restaurant Dimmer zu Wallenduerf-Pont ass en typesche Familljebetrib. Et huet alles mat engem Bauerenhaff 1871 ugefaangen. Esou no un der Sauer geleeën, verwonnert et net, datt d‘Fëscher, wann se hongereg an duuschtereg waren, bei der Bauerefamill un d‘Dier geklappt hunn.

Esou huet sech de Bauerenhaff lues a lues zum „Relais des pêcheurs“ verwandelt. D‘Scheier gouf ëmgebaut, an esou munche Fëscher huet sech hei am Stréi eng Mutz Schlof gegënnt. Et ass spéider och hannert der Bühn, oder fir déi wou richteg Gléck haten, op der Mansarde gerout ginn.

Déi zwee Bridder, François a Jean-Paul Dimmer, déi de Familljebetrib weiderféieren, hate virun e puer Joer en Ausfluch mam Personal gemaach. Et gouf bei dëser Geleeënheet eng Brauerei besicht, a si kruten ugebueden, e fir si ganz perséinleche Béier ze Brauen. Eng Entscheedung war gefrot…

Vill Zäit hunn d‘Bridder net gebraucht. D‘Iddi war gebuer, an et huet ee sech nach just misse fir e Béier entscheeden. Si hunn hiert eege Rezept ausgeschafft, entscheet dëse Béier am Restaurant an enger 0,75er Fläsch ze zerwéieren, an dunn huet et nach just eng Etikett gebraucht.

Gutt et huet och eng Brauerei gebraucht, an déi hu se zu Heiderscheid fonnt. Den Héischter aus dem Clemensbongert huet e gudde Ruff, gëllt als zouverlässege Partner an d‘Produkt selwer erfreet sech grousser Beléiftheet bei de Clienten. Et kommen der en esouguer sichen, fir doheem ze genéissen.

Foto: Flott wéi sech de Franciscus-Polaner Hausbéier a senger 0,75er Fläsch dem Client presentéiert. Seng „däischter Séil“ kann de sëffege Charakter net verheemlechen, an d‘Gastronomen ënnert eis, dierften hien och bei engem gudde Maufel ze appreciéiere wëssen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Franciscus-Polaner, Hotel-Restaurant Dimmer, Wallendorf-Pont
Nächsten Artikel Virrechten Artikel