Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
International Neiegkeeten

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären

D’Nuecht ass fir eis all nach ëmmer een däischtere Mysterium.

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

moneysurprise
De Staatsbudget an der Schosslinn vun der Handelskummer
International Neiegkeeten

De Staatsbudget an der Schosslinn vun der Handelskummer

Et wier de Budget vun alle Paradoxen, esou d‘Iwwerschrëft vun

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch a senger Verdeedegungsformatioun um Rot fir auswäerteg Ugeleeënheeten deelgeholl.

Zesumme mat anere Verdeedegungsministeren si verdéift Diskussiounen zur globaler Strategie fir d’EU gehale ginn. Dobäi ass virun allem de Progrès ervir gehuewe ginn, sou wéi och iwwert zukünfteg Perspektiven nogeduecht ginn ass.

De Minister Bausch huet dobäi ënnerstrach, datt eng Approche fir d’Preventioun vun zivillen a militäresche Konflikter essentiell ass, wann een d’Stabilitéit vun der EU oprecht erhale wëll. Déi fundamental Wäerter vun der Unioun ze deelen ass heibäi vu grousser Wichtegkeet. De Minister selwer ass der Meenung, datt säit der Flüchtlingswell am Joer 2015 dës Iwwerzeegung ëmmer méi vun engem méi autoritäre Stabilitéits-Konzept ersat ginn ass, woubäi ee sech mat wéineg genotzte Regimmer ausenaner setze muss. Genau dat wier net seng Iddi vun Europa.

Dës weideren huet hien och nach d’Folge vum Klimawandel op d’Sécherheets- a Verdeedegungspolitik ervir gehuewen. Och hei muss d’EU an de kommende Jore méi agéieren. Bei dësem Treffen huet de Minister och d’Wichtegkeet vun der strategescher Autonomie vun der Unioun ervir gehuewen. Dëst komplext Konzept muss an de kommende Méint prezis definéiert ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) François Bausch, Verdeedegungsminister; Pekka Haavisto, Ausseminister vu Finnland © Direktioun vun der Défense

Ähnlech Sujeten EU, François Bausch, Pekka Haavisto, Verdeedegungsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel