Henderson huet déi gréisste Belaaschtung mat Plastiksoffall
Eng vun den isoléiertsten Insele vun der Welt, geleeën am
Eng vun den isoléiertsten Insele vun der Welt, geleeën am
Eigentlech sollt bei der UN-Weltklimakonferenz (COP25) de Paräisser Accord vun
Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte
No engem Briefing hunn d’Gäscht sech d’Basis ugekuckt an duerften uschléissend u Bord vum Transportfliger C-130H goen. De Minister huet bei dëser Geleeënheet och dierfen d’Piloten an déi militäresch Soutiersen kenneléieren, déi an der 20. Staffel vum 15 Loft-Transport-Wing integréiert sinn. Dës binational belsch-lëtzebuergesch Unitéit notzt zesummen de Fliger A400M.
Momentan si 4 Piloten (Offizéier) an 3 Soutiersen (Ënneroffizéier) um 15Loft-Transport-Wing zu Melsbroek bedeelegt.
Um 13. Juni 2001 hu Lëtzebuerg an d’Belsch eng Kooperatioun ënnerschriwwen, fir esou de strategeschen Transportfliger vum Typ A400M zesummen uschafen an notzen ze kënnen. Béid Länner hu sech engagéiert fir esou 8 vun dësen Transportfligeren ze kréien, wouvun der 7 fir d’Belsch an 1 fir Lëtzebuerg sinn.
Eis belsch Noperen erméiglechen d’Bereetstellung, logistesch Ënnerstëtzung, d’Formatioun vun den Ekippen an zukünfteg Ännerunge vum Loftschëff an den Equipementer. Lëtzebuerg huet 3 Ekippen, wat 6 Piloten (Offizéier) a 6 Soutiersen (Ënneroffizéier) entsprécht. Dës weideren ass ee Lëtzebuerger Offizéier säit 2017 am operationellen État-Major vun der Air Belge integréiert.
D’Zesummestellung vum Lëtzebuerger A400M wäert 2020 fäerdeg sinn an de Fliger ass Ufank 2021 fluchbereet. D’Period tëscht der Fäerdegstellung an der Operationalitéit notzt d’Personal fir sech mat den neie Kapassitéiten an de verschiddene Prozeduren ausenaner ze setzen.