Search

You may also like

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”
Neiegkeeten

What the Fakt – den Ufank vum feministesche Magasinn “Emma”

Et ass ewell 42 Joer hir, datt déi éischt Ausgab

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!
Neiegkeeten

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!

Viru méi wéi siwe Joerzéngten huet d’Ära vun den Nuklearbommen

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS

De François Bausch zitt ee positiven Tëschebilan zum PDS

De Lëtzebuerger Politiker äussert sech zouversiichtlech zu den ëffentlech Enquêten den sech op déi 4 Projete vun de „Plans directeurs sectoriels“ bezéien.

D’Aleedung vun de Projete vun de „Plans directeurs sectoriels“ (PSD) gouf Enn Mee 2018 an enger simultaner Aart a Weis an den 102 Gemengen ugefaange. Zu dëse PSD’en gehéieren de Logement, wirtschaftlech Aktivitéitszonen, den Transport an d’Landschaftsbild, déi eng méi organiséiert an harmonesch Entwécklung zouloossen.

De Minister François Bausch ass frou, hei een exzellent Zesummespill vun all de Gemenge feststellen ze kennen. „Ee groussen Undeel un den ugefrote Publikatiouns-Zertifikater sinn eis zoukomm. D’Gemengeréit hu missen hiren Avis bis den 16. September eraginn, a bis elo hunn 80 vun 102 Gemenge schonns hir Positioun virgeluecht.

PDS

Eng ënnerstëtzten Unerkennung vum Ensembel vun de Gemengen

Aus den Avisen ass erauszeliesen, datt d‘Nëtzlechkeet vun de 4 PSD’en vun de Gemengen unerkannt gouf, sou wéi och de Prinzip vum breede Konsens an eiser ziviller Gesellschaft.

Déi 4 Projeten decken een Drëttel vum nationalen Territoire of. Do läit den Däiwel am Detail. Sou huet Berodung vun der Populatioun et an den 102 Gemengen erméiglecht punktuell Iwwerschneidungen tëschent de verschiddene gëltege PAG‘en an de Projeten zum „Plan sectoriel“ ze erkennen. Des Iwwerschneidunge ginn nach am Detail ënnersicht, fir Pläng duerno unzegläichen.

Eng Remark vun de meeschte Gemengen ass d‘Angscht virum Verloscht vun der Eegestännegkeet oder d‘Demande vun zousätzlechen Erklärungen, virun allem zum Projet vun der Infrastruktur vum Transport.

Een detailléierte Rapport bis Enn 2018

Als Konsequenz huet de Minister een „task force“ beoptraagt d’Avisen genau ze analyséieren, fir Enn des Joers een detailléierte Rapport ze presentéieren. Dëse Rapport erméiglecht et och d’Vitesse vum Rhythmus vum territorialen Ausbau anzehalen an der neier Regierung déi néideg Ännerunge vun de 4 Pläng virzeschloen.

De François Bausch preziséiert „Zil ass et den Dialog mat de Gemengen oprecht ze halen an hinnen detailléiert Äntwerten zu all Aspekt vun den Avisen ze ginn. De Ministère wäert och de Kontakt um techneschen Niveau mat den Equippe vun der Gemeng sichen, fir Projete vum „Plan sectoriel“ mam PAG zilgenau unzepassen“

De Minister bleift zouversiichtlech, datt dësen Dialog positiv op déi verschidden entstane Mëssverständnesser wierke wäert.

Related topics François Bausch, Plans directeurs sectoriels
Next post Previous post