Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht
https://moien.lu/aluva-dating-service/

best generic first message online dating

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag

is bayley dating anyone
https://moien.lu/aluva-dating-service/

https://moien.lu/online-dating-on-mobile/

Solidaritéit an Traditioun, Matgefill a Mënschlechkeet, dat sinn d‘Atoute vum

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert
https://moien.lu/aluva-dating-service/

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert

Obwuel direkt hannert der Grenz – wéi eigentlech a granz

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch sech elo einfach aus der Affär zéien? Nodeems hie sech däitlech an d’Onofhängegkeet vun der Justiz agemëscht huet an defteg dofir kritiséiert ginn ass, äntwert hien elo mat engem Schreiwes a bedauert de Virfall.

No der Äntwert vum Premierminister an dem Justizminister zur parlamentarescher Fro N°616 ënnersträicht den Transportminister François Bausch elo, datt hien nimools d’Intentioun vun der Gewaltentrennung am Sënn hat. An eiser Demokratie ass d’Onofhängegkeet vun der Magistratur d’Fundament vun der Demokratie. Weiderhi gëtt de Minister zur Kenntnis, datt hien d’Diskussiounen zum Bréif vum 18. Juli 2018 bedauert.

Den Hannergrond

Am Juli 2018 ass et bei engem Chantier op der Hëttermillen (N10) zu zuelräichen Accidenter mat Motocycliste komm. An dësem Fall huet de Procureur sech zu Wuert gemellt an de Ponts & Chaussées geroden, datt si, duerch eng eventuell schlecht Kennzeechnung vun der Ëmleedung oder och ze wéinege Sécherheetsmoossnamen um Chantier selwer, zur Entschiedegung vun de „Reparaturen“ iwwergoe sollten.

Nodeems den Transportminister François Bausch vum Echange de Vues gewuer ginn ass, wollt och hie säi Pefferkär bäileeën – ee Kär deen allerdéngs éischter d’Gréisst vun engem Basketball ugeholl huet. An obwuel hien als Minister net an der Positioun ass, sech an d’Affäre vun der Justiz anzemëschen, esou soll de Minister via Email de General-Procureuren „Retenue“ géigeniwwer senge Beamten ermaant hunn. Genau dësen Akt gëtt elo vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei, nom Oppositiounsbriefung vum 13. Abrëll 2019, als Amëschung an d’Justiz gewäert.

D’CSV schléit op d’Tromm

Virun allem de Frank Engel weist sech immens veriergert iwwert dem Minister seng lescht Amtshandlung. D’Partei stellt dem François Bausch säi Verhalen nämlech kloer als Amëschen an d’Onofhängegkeet vun der Justiz an. No vill Hin an Hir tëscht der Justiz an de Ministeren hunn déi awer eng aner Meenung:

No der parlamentarescher Fro ass den Austausch vu Courrier tëscht dem Minister vun der Nohalteger Entwécklung an den Infrastrukturen an de Justizautoritéiten duerch den Ëmstand ze erklären, datt d’Responsabilitéit vum Staat an am besonnesche vun der Verwaltung vun de Ponts & Chaussées verantwortlech fir d’Virfäll waren.

Um vergaangene Méindeg huet d’Martine Solovieff sech zum Minister Bausch geäussert a säi Verhalen domat erkläert, datt hien a senger Qualitéit als „responsable civil“ agéiert huet. Weider fiert si virun, datt et hei keng Amëschung ginn ass, soss hätt een dat natierlech gemellt.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Accident, François Bausch, Hëttermillen, Justiz, Martine Solovieff, parlamentaresch Fro N°616
Nächsten Artikel Virrechten Artikel