Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?
Neiegkeeten

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?

Um Mëttwoch Moie hunn eng 20 belsch Greenpeace-Aktivisten d’Haaptentrée vun

Sexuelle Mëssbrauch: D‘Kierch mécht seng eege Gesetzer
Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch: D‘Kierch mécht seng eege Gesetzer

De Poopst Francis schéngt sech virgeholl ze hunn, mat enger

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Eng Sensibiliséierungscampagne fir Motocyclisten

François Bausch: D’Strooss ass keng Rennstreck!

Um 5. Abrëll 2019 huet den Transportminister François Bausch, a Kollaboratioun mat der Sécurité Routière Asbl, der Administratioun vum Ponts et Chaussées, sou wéi der Lëtzebuerger Police déi nei Sensibiliséierungscampagne fir d’Stroossesécherheecht vun de Motocycliste virgestallt. Dëst Joer leeft d’Aktioun ënnert dem Numm „D’Strooss ass keng Rennstreck“.

Och wann d’Zuel un Accidenter op eise Stroossen eng positiv Evolutioun erlieft, esou sinn et awer nach ëmmer d’Motocyclisten, déi oft zum Affer vun eise Stroosse ginn. Aus dësem Grond huet den Aarbechtsgrupp „Motocyclistes“, déi aus Acteure vun der Sécurité Routière a weideren Associatioune vu Motocycliste besteet, sech engem Aktiounsplang mat 13 Moossnamen zur Sécherheet vun eise Fuerer op de Motorrieder zougewandt.

Déi wichtegst Mesure stellt heibäi de Kampf géint d’Iwwerschreidung vun der Vitesse duer. Bei enger mobiller Radarkontroll vum 22. Juni bis den 10. Juli 2018 war bal d’Halschent vun de 443 Infraktiounen duerch Motocycliste verschold. Aus dësem Grond organiséiert d’Police elo nach méi oft systematesch Vitesskontrollen, Kontroll vun de Pabeieren a vum Zoustand vum Gefier, an dat virun allem u sonnege Weekender am Norde vum Land.

Eng weider wichteg Moossnam ass de Schutz a geféierlechen Zonen. Heivir soll zum Ufank vun der Saison am Formatiounszenter fir Fuerer zu Kolmer-Bierg ee weideren Dag „Fit for your Bike“ agefouert ginn. Duerch déi vill Motocyclisten aus dem Ausland soll och d’Presenz op Social Media verstäerkt ginn.

Ziel ass et ze sensibiliséieren an op d’Geforen opmierksam ze maachen. Schliisslech kann eng ze héich Vitess mam Dout endegen. Eis Stroossen si schéin, mee och geféierlech, wouduerch ee sech mat engem ugepasste Verhale viru schlëmme Konsequenze schütze kann.

D’Campagne gëtt vun haut bis zum 15. Mee 2019 affichéiert. Donieft wäert d’Press verstäerkt op d’Aktioun opmierksam maachen, sou wéi och Fernseh- a Kino-Spotten, 45 Panneauen op eisen nationale Stroossen, 340 Publicitéiten op Panneauen, Affichagen op 20 RGTR-Busser, Affichagen op den Bildschiermer am Tram a Bus sou wéi op den Haltestellen, Presenz um Internet a Social Media.

Ähnlech Sujeten Accident, D'Strooss ass keng Rennstreck, François Bausch, Motocyclist, Police, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel