Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
International Kultur Neiegkeeten

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

dislike
Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn
International Kultur Neiegkeeten

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt
International Kultur Neiegkeeten

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt

Knapp ee Joer no de Verëffentlechung vun der éischter EP

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet

Een däitleche Plus u Visiteuren schwätzt vir sech!

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
Um Lëtzebuerger Stand © Shari Pleimelding/moien.lu

© Shari Pleimelding/moien.lu
Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
© Shari Pleimelding/moien.lu
Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
Junge Welt © Shari Pleimelding/moien.lu

arte © Shari Pleimelding/moien.lu

Cosplay op der Buchmesse © Shari Pleimelding/moien.lu
Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
© Shari Pleimelding/moien.lu
Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
© Shari Pleimelding/moien.lu

Déi 71. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse stoung ganz am Zeechen vum globalen Ëmbroch. Als gréisst internationaalt Treffen vun enger Branche, bei der et ëm Contenu, Iddien a Geschichte geet huet een natierlech och eng grouss Verantwortung a Saachen Qualitéit, Suergfalt an Glafwierdegkeet ze droen. Och Lëtzebuerg war fir eng zweete Kéier mat dobäi an huet bewisen, datt ee klengt Land Grousses ze bidden huet.

Nodeems um Mëttwoch, de 16. Oktober d’Frankfurter Buchmesse ageweit ginn ass, duerft déi grouss Ëffentlechkeet vum 19. bis den 20. Oktober déi international Bicherfoire besichen. Nei war dës Kéier, datt eng offiziell Applikatioun, mat alle relevanten Informatiounen, ugebuede ginn ass. Donieft konnt een als Visiteur scho Samschdes bei den diverse Stänn seng Liiblingswierker zum offizielle Präis kafen. Dës weideren gouf ee ganze Beräich der Welt vun den Podcasts, Hörbicher an Audio-Trends gewidmet ginn Och eng international Bicherfoire muss schliisslech mat der Technologie goen.

Wärend dem Ophuele vun engem Podcast © Shari Pleimelding/moien.lu

Den Nerv getraff

De Programm vun der Frankfurter Buchmesse schéngt schonn am viraus d’Ëffentlechkeet iwwerzeegt ze hunn. Wou un de Fachvisiteurdeeg 1,8% méi Leit komm sinn, konnt een um Weekend direkt ee Plus vun 9,2% verzeechnen. Am Ganze sinn nämlech 302.267 Visiteuren gezielt ginn, wat insgesamt ee Wuesstem vun 5,5% ergëtt. Donieft hunn 7.450 Aussteller aus 104 verschiddene Länner presentéiert, wat si um litterareschen Niveau ze bidden hunn. Dorënner war och Reading Luxembourg mat engem Stand vu 64 m2 vertrueden.

Um Lëtzebuerger Stand © Shari Pleimelding/moien.lu

Nodeems bei der Erëffnung d’Kulturministesch Sam Tanson déi kreativ opgebaute Fläch mat sengen 170 Titelen vun 9 Editeuren an héijen Téin gelueft huet, war de Wee fräi zur Presentatioun vun eiser nationaler räichhalteger Offer. Wéi den Marc Rettel vu Reading Luxembourg erkläert huet, wier een immens zefridde gewiescht mat dem Unzuel u Visiteuren beim Stand, sou wéi hirem groussen Interessi. Nodeems d’Ekipp schonn säit Méindes zu Frankfurt opgebaut, de professionellen a private Visiteuren Ried an Äntwert gestanen an eis Literatur der grousser Mass méi no bruecht huet, war een natierlech e bëssi dätsch. D’Virfreed, op dat wat um Weekend komme géif, huet d’Middegkeet an d’Ustrengung allerdéngs an den Hannergrond verschwanne gelooss. Méi sympathesch, wéi um Lëtzebuerger Stand, hätt ee wuel net empfaange konnte ginn!

Wa Bicher verbannen

No den offiziellen Informatioune vun den Organisateuren sollen et generell nach ni esou vill Evenementer, Diskussiounsronnen, Partien, Begéinungen a Presenz op de soziale Medien ginn hunn. Diversitéit, Nohaltegkeet a politescht Engagement hunn dobäi d’Gespréicher dominéiert. „Ech gleewen un eng Literatur, déi Mënsche verbënnt an dat Gemeinsamt erausstellt. Trotz allen Ënnerscheeder bei der Hautfaarf, der sexueller Orientéierung an allem aneren, wat eis vläicht no baussen hin trenne kéint“, sou d’Olga Tokarczuk, Literaturnobelpräisdréierin vun 2018, bei der Erëffnung.

Zu gudder Lescht huet den Heinrich Riethmüller vum Börsenverein des Deutschen Buchhandels resüméiert, datt zu Frankfurt d’Editeuren, d’Bicherhandlungen, Auteuren a Literaturbegeeschterter zesummen d’Liesen gefeiert a gläichzäiteg déi gesellschaftlech Froen vun der Zäit diskutéiert hunn. „D’Zukunft vun eiser Gesellschaft, d’Mënscherechter an eise Planéit – dës Themen ware bestëmmend a ville Gespréicher an Evenementer. D’Buch begeeschtert d’Mënschen, stäerkt d’Debatten an domat eis fräi, demokratesch Gesellschaft, dat hunn déi lescht fënnef Deeg däitlech gewisen.“ Doriwwer eraus wiere wichteg Zeechen fir d’Fräiheet vum Wuert gesat ginn, déi wäit iwwert dës Foire ewech reechen.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Fazit?

Als literaturbegeeschtert Persoun ass d’Frankfurter Buchmesse ee Muss! Mat enger grousser Diversitéit beim Programm, immens sympatheschen Aussteller, iwweraus kreative Stänn huet een hei déi ideal Méiglechkeet säin Horizont ze erweideren. Besicht een d’Haapthal 3, esou muss een allerdéngs vill Nerve matbréngen, fir sech duerch d’Leit ze quetschen, oder et sollt ee vu vir eraus wëssen, wéi ee Stand ee besiche wëll.

Sécherlech si weder d’Visiteuren, nach d’Aussteller net méi domm Heem gaangen, wat vir sech schwätzt. A Kombinatioun mam Cosplay, engem flotte Bausseberäich fir emol e bëssi Loft ze schnapen, sou wéi enger ofwiesslungsräicher Offer u Stänn, ass d’Wuert, d’Litertur an d’Kultur perfekt an Zeen gesat ginn.

Ähnlech Sujeten ALAC, Bicherfoire, Cosplay, Frankfurter Buchmesse, Frankfurter Buchmesse 2019, Kultur, Literatur, Marc Rettel, Olga Tokarczuk, Reading Luxembourg, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel